Den Här Juncker erklärt am däitsche Radio wéi Demokratie zu Letzebuerg funktionéiert
„Dass es dabei auch zu einem zweiten Referendum kommen werde, schloss seinerseits der luxemburgische Premierminister Jean-Claude Juncker während eines am Mittwochabend im Deutschlandfunk ausgestrahlten Rundtischgespräches aus. Er habe dazu „keine Lust“, so der luxemburgische Premier.“ war haut an engem Tageblatt Artikel (26.01.07) mam Titel „Zweite Ratifizierung für einen neuen EU-Vertrag“ ze liesen.
Ganz onofhängeg vum Sujet an och wann et nozevollzéien ass, dass den Här Juncker dorops keng Loscht huet, ass alleng d'Idee, dass an enger Demokratie just dat gemaat soll ginn, wourop den Premierminister Loscht huet, zimmlech bedenklech. Obwuel déi Ausso wahrscheinlech just d'Resultat vun engem relativ heftege geeschtegen Aussätzer war, sollte mer eis eventuell froen, ob mer deen Niveau an der Politik wierklech neideg hunn.
Hei kann een dat ganzt Gespréich lauschteren.
(Dem Här Juncker seng Ausso befennt sech ongeféier an der Mett vun der Emissioun.)




Neueste Kommentare
vor 14 Stunden 17 Minuten
vor 18 Stunden 14 Minuten
vor 1 Tag 7 Stunden
vor 1 Tag 8 Stunden
vor 1 Tag 8 Stunden