L'ADR au sein du nationalisme et national-populisme au Luxembourg
Le nationalisme et le national-populisme se retrouvent au centre de toute discussion politique au cours des élections légistlatives et européennes de l'année 2009. Dans un passé récent, l'ADR a emboîté le pas à des formations sinistres telle la „Nationalunioun“, fondée en 1910. Actuellement c'est surtout le développement récent de l'ADR, qui a donné lieu a des nouvelles spéculations concernant les racines populistes et nationalistes de ce parti de droite et qui a déclenché un nouveau débat sur le nationalisme luxembourgeois.
Sur demande de sokrates.lu, l'historien Lucien Blau a lancé une enquête en vue d'analyser l'évolution de ces tendences politiques au Luxembourg. En conclusion de cette évolution, Monsieur Blau examine la position du parti populiste ADR au sein du nationalisme et national-populisme au Luxembourg.
Monsieur Blau a conclu que l'ADR, tout comme ces prédécesseurs, manipule les électeurs luxembourgeois avec les sujets-phares qui ont depuis toujours animé les partis luxembourgeois de droite: le déclin démographique, la disparition des Luxembourgeois de souche et de la langue luxembourgeoise, la menace de l’âme luxembourgeoise et de l’identité nationale.
Le programme de l’ADR exprime un différentialisme nationaliste qui se veut une rupture avec la modernité et qui porte en lui des tendances à l’auto-enfermement et à l’affrontement des cultures. [...] On peut affirmer que l’ADR représente la version soft du national-populisme.
Pour en savoir plus, cliquez ici pour télécharger le document.
Sokrates.lu exprime ses remerciements profonds à Monsieur Lucien Blau pour cette analyse raisonnée.




@ Opus D. Mäin Bouf ass jo
@ Opus D.
Mäin Bouf ass jo net am Religiounsuntericht. Ech mengen jo nemmen dass d'Opdeelung an ethnesch Gruppen zu Reiwereien féiert. Hien kritt do schon domm Remarken gemaach wéi "Du bass keen Chrescht, géi mat dem Moslem dohannen spillen" an hién beleidegt dann natiirlech och erem deenen aaneren hiéren Glaawen mat sengen Äntwerten. Ech probéieren hien tolerant ze erzéien, ma ech sin och net emmer derbäi! Also Reiwereien op béiden Säiten. En enzegen läizisten Unterricht géif déi Trennung ophiewen. Wéi gessot deen Cour kann jo och op déi eenzel Religiounen agoen an domaat zu méi Verständniss ennert de Religiounen féieren ... waat jo och de Poopst néierdings predegt :-)
@ knetsch: Ech ka mech net
@ knetsch: Ech ka mech net erenneren, dass mei Bouf als ongedeeften Agnostiker am kathouleschen Reliounsuntericht diskrimineiert gi waer. De Problem war nemmen, dass do iwer Alles geschwaat gouf, mais leider net iwert et Mysterium vun der Triniteit et al. . An dofir geet een jo awer dohinner, oder virwaat soss?
Mais zerek zu der ADR.
De Blau huet schons Recht, dass et do faschistoid Tendenzen ginn. Trotzdem geif ech et gudd fannen, wann sie dei Greng an Europa ersetze geifen! Mais dofir mussen et Bierger duebel vigilant bleiwen, an sech bewosst sinn, dass d'ADR net do ass fir Politik ze maachen, mais, dass sie gewielt goufen, fir aanerer e besen ze stutzen!
Wei gesoot. Et ass een Pakt mam Daiwel.
Mais, zuguer Christus huet dem Satan an der Wüst 40 Deeg laang d'Stiir gewisen.... ;-)
Den Kommentar gett souwisou
Den Kommentar gett souwisou nees geläscht...
Richteg geroden, ech sinn net hei fir mech beleidegen ze loossen.
@ schlaumeier Déin Numm
@ schlaumeier
Déin Numm seet alles, keng Diskussioun néideg!
@ Opus D.
Virwaat Religioun aus der Schoul? Huet zwaar näscht mam ADR ze din, ma well et eng Diskriminéierung an en Zwang ass.
Et schaaft schon an der Schoul zwou Klassen Kanner, Katholiken an net Katholiken. Et ass eng Diskriminéierung vun den Moslem, Hindu, Buddhisten... well sie gin einfach an d'Moral Laïque getesselt an hun keen egenen Religiounsuntericht. Vir Leit déi géint den Nationalismus vun der ADR fachen ass daat awer extrem ontolerant and protektionistesch. Wéi has de gesoot "westlech Gesellschaft"? Déi därfen mer also verteidegen, ma eis Identitéit net?
Meng Kanner sin och net gedeeft, ma méin Jengsten ( 9 Joer) huet seng Kannerbibel schon duerch an huet mat mir oft iwert den Koran an de Buddhidmus geschwaat. Ech denken och dass an d'Schoul nemmen Moral Läique gehéiert, an an desem Cour soll natiirlech och iwert déi enzel Religiounen, d'Idealer an Zieler diskutéiert gin. Wien sech dann an eng speziell Religioun verdéifen well, kann daat jo an senger Fräizäit maachen. Ech respektéieren all Mensch deen vun senger Religioun iwerzeecht ass. Ass also d'Verteidegen vun aalen kathouleschen Werter mat allen Mettelen erlaabt ... wei ähnlech ass daat mat der Identitéitserhaalung vum ADR?
Vill Léit déi héi géint eng Grimmel Nationalismus fachen hun eng zimlech protektionistesch an oft esougur radikal an millitant Haltung wann et em Religioun gét!
Ech kann sokrates.lu an dem
Ech kann sokrates.lu an dem Här Blau nemmen fir déi couragéis Analyse féliciteieren. Sie hunn amfong nemmen dat op de Punkt bruecht, waat Fehlen, Asselborn, Meisch, Bausch & Co. amfong bestätegt hunn.
Den agressiven an argumentatiounsarmen Toun, deen hei verschidden (net all!) ADR-Wieler un den Dag leen, bestätegt amfong nemmen dei Analyse.
Ech hunn et schonn engkeier
Ech hunn et schonn engkeier gesoot an ech soen et nach engkeier: KENG Beleidegungen!
@ knetsch: Firwaat d'Kierch
@ knetsch:
Firwaat d'Kierch dann aus der Schoul eraus? Déi gehéiert dach nun emol och zu onser westlecher Gesellschaft. Ouni d'Chreschtentum an ouni d'Kierch wäre mir haut net do wou mir sinn.
Natierlech och net ouni d'Opklärung, etc...
An natierlech mist "d'Politik" och ée gréissere Stellewert an der Schoul kréien. Net all Kanner hunn Elteren déi eng politesch Diskussioun dohéem féieren. Meng Kanner bestätegen mir daat all Woch.
Mais och net all Kanner hunn Elteren, déi hinnen éen solitten reliéisen Background mattginn. Meng Kanner sinn z.B. net gedéeft (daat sollen sie spéider selwer decidéieren...). Trotzdem war den Eelsten während engem Joër op sain éegene Wonsch am Reliounsunterricht. Hien wollt daat next Joër net weider drableiwen, well do iwwer Alles (Ofdreiwung, Atomenergie, Emwelt, Doudesstroof, ...), mais NET iwer Relioun geschwaat gouf!!
Tja, nun liest et halt dohéem (fraiwelleg) em Nürnberger sain "Alles was sie aus der Bibel wissen müssen", a verdéiwt verschidden Themen an interessanten franzéischen oder daitschen Iwwersetzungen vun der Bibel.... Mais net jiddferéen huet déer zig dohéem!
Enges Daach wärt et mech och schons nom Koram, der Baghadat, iergendengem Totenbuch, asw... froen...
Politik, Philo, ... asw gehéiere kloer verstärkt an d'Schoul. Mais net zum Prais vum Verloscht vun der Relioun. Well daat gett garantéiert éen solitten Schoss no hannen.
Firwaat net einfach méi Philo, Politik, relioun, asw an den normalen Unterecht integréieren?
Am Daitschen kann éen och den Zarathustra liesen. Mais och et Hohelied an der Lutheriwersetzung. Wéivill Kanner wessen dann nach haut, dass daat modernt Daitsch sain Ursprong beim Luther huet?
Och eng defizitär Allgemeinbildung fördert populistesch Mouvementer an/oder simplizistesch Léisungsvirschléi (daat betrefft praktesch all Parteien iergendwéi...). Wa méi Leit sech selbststänneg informéiere géifen, dann hätt z.B. d'Klimahystérie Null Chance!
@ Opus D. Elo verstin ech
@ Opus D.
Elo verstin ech dech natiirlech :-)
Emol eierlech, wann jidereen esou wielen géif hätten mir den absoluten Wahlchaos. Ech wielen net fir d'Regierung mä fir een Mandat an hoffen dass genuch Léit daat maachen, ma awer net zevill fir dass se net ze staark an der Regierung gin. Ganz kloer!
Wär et net besser all Partei géif 20 Punken an hieren Wahlprogramm sätzen an mir géifen dann net Parteien mä enzel Punkten aus dem Wahlprogramm wiehlen. An eis Parteien kéimen domatt bestemmt zerecht, gell?
Leider ass daat do d'Wuerecht, nieft den Onmassen eidelen Ziedelen, an all deenen déi de Pier wielen well se waaren jo mat him an der Schoul. Wann ech daat gesin hätt ech e groussen Wonsch. D'Kiirch aus der Schoul eraus an Politik eran. Net Parteien ma Erklärung vun Demokratie, Erklärung dass vill enzel Stemmen vill Macht hun, an léieren d'politesch Landschaft ze analyséieren an fir sech selwer eng onbeaflossten Ménung ze bilden, an sech héi net veronsecheren an anzefierwen lossen, emmer ze froen wién oder waat stecht derhanner, halt eben kritesch ze sin.
Du sees et, @Opus D. Ech
Du sees et, @Opus D.
Ech kinnt mer d'ADR och nimols als Koalitiounspartner virstellen, mee dofir awer als stoark Oppositioun. An dat ass jo och ëmmerhin de Sënn vun engem Méiparteiesystem, déi eng suergen dofir, datt déi aner net iwwerdreiwen.
Dear knetsch: Ech denken
Dear knetsch:
Ech denken dobai natierlech net a Kategorien ewéi "Regierung", mais vill méi kleng, nähmlech waat meng kleng mini real Anteilnahme betrefft.
Esou wichteg an dichteg sinn ech nähmlech net, dass ech alleng et Regierung, etc.., bestemme kéint (an à propos, do wéilt ech wierklech keng vun onse Parteien ganz alleng hunn!).
A punkto Zentrum hoffen ech eben, dass eng zousätzlech Partei et packe géif matt an d'Boot ze kommen. An do rechnen ech mir fir Déi Lénk eben déi beschten Chancen (och wann se wahrscheinlech minimal sinn) aus. En plus fannen ech, dass e besen positive Chaos déem Klippchen schons kéint gudd doen. An do erhoffen ech mir vun engem "Lénken", déen beschten positiven Input....
A punkto Europa ass main Haaptziel, fir dass Letzebuerg kéen Grenge méi dohinnerschéke kann. Déi letzebuerger Greng si mir einfach zevill richteg greng (an net donkelrout genuch; en plus schengen sie wierklech un eng Klimakatasrtoph ze gléewen! Ech betounen "gléewen"!!!), an tendéieren en plus zevill zum Bloen (da géif ech schons léiwer déi richteg DP wielen
hinn. Daat erklärt sech wahrscheinlech duerch d'soziologesch Herkunft vu ville Mitglieder.... Par konter géif ech et awer gudd fannen, wa mir mé ewéi 3 Parteien do setzen hätten, also bleiwt nemmen d'ADR, wou dofir eng mini real Chance bestéet.
An, en plus, och wann ech éen wierklech ferventen Europa-Fan sinn (Minus d'Glaichschalten vun de kulturellen Spezifizitéiten.. etc), fannen ech Lissabon awer iwerdriwen. Also ass et trotzdem och e klenge wellkommenen Nieweneffekt, wann déi sougenannten "National" ée kleng bese méi staark ginn...
Mais, e bese mulmeg ass et mir schons derbai... ech komme mir fir ewéi de Faust, déen e Pakt mam Daiwelche mecht.