Offener Brief an die LSAP: Trennung von Kirche und Staat durchsetzen!
Offener Brief an die LSAP: Trennung von Kirche und Staat durchsetzen!
Seit jeher verspricht die LSAP ihren Wählern die Trennung von Kirche und Staat. So ist denn auch im aktuellen LSAP-Wahlprogramm zu lesen:
„Der Staat muss die Glaubensfreiheit jedes einzelnen Menschen garantieren und dabei sicherstellen, dass keine Religion gegenüber anderen privilegiert wird. Deshalb fordert die LSAP den laizistischen Staat, der sich in Sachen Religion Neutralität auferlegt.“
In Anbetracht der Wahlniederlage der Sozialisten und Liberalen, der Stagnation der Grünen sowie dem weiteren Zuwachs der CSV könnte voreilig angenommen werden, die Trennung von Kirche und Staat müsste um weitere 5 Jahre vertagt werden. Einiges spricht gegen eine solch resignative Haltung:
- Einer ILRES-Umfrage zufolge, die am Wahlsonntag auf RTL-Radio veröffentlicht wurde, spricht sich eine deutliche Mehrheit der Luxemburger für die Trennung von Kirche und Staat aus!
- Auch sprechen sich immer mehr Katholiken gegen die eigenen Privilegien, für gerechtere weltanschauliche Verhältnisse und damit auch für die Trennung von Kirche und Staat aus, auch fortschrittlichere Kräfte innerhalb der Kirche!
- Neben der LSAP unterstützen auch die DP, die Grünen und die neu im Parlament vertretene Linke die Grundidee einer Trennung von Kirche und Staat, und auch die ADR hat sich mehrfach dafür ausgesprochen. Das ist auch eine Mehrheit im Parlament.
- Die CSV ist sicherlich nicht wegen ihrer konservativen Haltung in gesellschaftspolitischen Fragen gestärkt worden, sondern vielmehr aufgrund der Kompetenzen, die Juncker und seiner CSV in Sachen Krisen-Handling zugeschrieben werden.
- Im Rahmen der kommenden Koalitionsverhandlungen mit der CSV sollte die LSAP in dieser Frage keine falsche Bescheidenheit an den Tag legen. Da die LSAP für die CSV als einzig möglicher Regierungspartner in Frage kommt, verfügt sie trotz leichtem Wahlverlust über eine verhältnismäßig starke Verhandlungsposition.
Selbstverständlich werden wirtschaftliche, soziale und ökologische Themen die politische Agenda während der nächsten Monate und Jahre dominieren, trotzdem sollten die vielen Baustellen im Bereich der Gesellschaftspolitik nicht vernachlässigt werden! Die LSAP hat ihren Wählern versprochen, es anzupacken. Nun ist es an der Zeit, dieses Versprechen einzulösen!




Dat gesinn ech sou ähnlech.
Dat gesinn ech sou ähnlech.
Vill Leit gi jo just nach
Vill Leit gi jo just nach fir Begriefnisser an d'Kierch, an dat obschonns se am Reliounsunterrecht waren. Ech gesinn also do eigentlech keen direkte Lien. Mee wa mer schonn dobäi sinn: Wuer ginn ech dann, wann ech e Stierffall hunn, an eng würdeg Begriefnisfeier wëll, wann net bei d'Kierch? En zivilt Begriefnis um Kierfecht, wou en net ausgebildtenen an hëlleflose Vetrieder aus dem Gemengerot do e puer Wierder stammelt? Sou laang déi Leit, déi eng Trennung vu Kierch a Staat wëllen, keng Alternativen unzebidden hunn, mee just soueren, huet e Land mengen ech kee richtegen Interessi un enger radikaler Trennung vu Kierch a Staat.
Thierry Origer wrote:"ass et
Falsch Argumentatioun, well "vläit" ass suggestiv! Déi richteg humanistesch Frô wär gewierscht: "Ass et dann un enger Instanz ze décideieren weieng dei richteg Waerter sinn? - oder wou bezéien mir Menschen eis Werter hier?
En WU Unterricht sollt jo och net suggestiv sin ma e soll d'Schueler derzou ermonteren sech selwer emmer kritesch Froen iwert hier egen Moral ze stellen, an dann brengt de Menschenverstand se schon dohin. Fir daat ze ennerstetzen ass et natiirlech wichteg op Beispiller an Denkmodeller vun historeschem Wert ze verweisen, awer emmer objektiv, well nemmen waat de Mensch fir sech selwer eraus fond huet ass fir hien bannend, an spigelt hien erem.
Daat wär och esou schwéier ze gesin. E Mathésprof deen "cool" ass huet och net d'Impressioun dass seng Schüler zu deem Cours gezwongen goufen, ma et ass awer esou. Ech kann mer virstellen dass do den RU méi relax ass wéi Mathé. Si hun och oft wéinst den Elteren doheem keng Wiel, an wellen och keen Zoff doheem, also maachen se daat Bescht draus, ass daat net schéin? Ma ech muss awer och soen dass ech der Meenung sin dass wann den RU an der Fräizäit stattfend, an d'Léit Kiirchensteier missten bezuelen, d'Kiirchen nach vill méi éidel wieren.
guest wrote:Kënnen Leit mat
Ech gesinn doranner prinzipiell kee Problem. Et ass wéi wann s de Philosophiesproff oder Soziologiesproff bass, och do gehéiers de meeschtens enger bestëmmtener Stréimung oder "Schoul" un, an dach bréngs de et fäerdeg, e méiglechst objektive Cours ze halen (ganz neutral ass e Cours jo souwisou ni, souguer e Mathéscours net). Firwat sollt dat, wat an anere Fächer geet, net och bei der Relioun goen? Et get der iwregens, sou hunn ech den Androck, elo schonn eng ganz Rei ënnert de Reliounsenseignanten, déi - fir däi Bild opzegräifen - d'Blad scho gedréit hunn. D'reliéist Virwësse vun de Schüler ass souwisou haut generell sou kleng, datt s de eigentlech souwisou just nach Basics méchs (d.h. Wëssensvermëttlung), an oft guer net méi dozou kënns, eng richteg Glaubensunterweisung ze maachen, wann s de et da maache wéilts.
Ech huele jo un, du schwätzs vun de Reliounsenseignanten am Primaire, vü datt s de vun der Missio canonica schwätzs. Also eng Missio canonica ass no kathouleschem Verständnis näischt wéi eng Daf (also eppes wat een net ka réckgängeg maachen), mee et ass einfach eng Beoptragung, déi een zu jidder Zäit och nees kann opléisen. An ech denken, et kéint een se och selwer zréckschécken. Ech hu mer doriwwer ni vill Gedanke gemaach, well ech als Reliounsproff fir de Secondaire ni eng Missio canonica kritt hunn (weder iwerreecht nach heemgeschéckt, a mäin Direkter och net). Ech war awer eigentlech ni traureg dowéinst...
Enseignanten mat missio
Enseignanten mat missio canonica
Kënnen Leit mat enger "missio canonica" iwwerhapt an enger neutraler Schoul, en net confessionellen Unterricht ofhalen?
Leit, déi, an a wärend hierer Formatioun besonnesch op deen "missionareschen" Aspekt (Pastoral) vun hierer "Missioun" gedrillt si ginn, kënnen déi muer einfach d Blaad dréinen a soen, lo ass meng Approch zu de Schüler eng ganz aaner? Kann een deenen Leit, vum Bistum aus, sou eng "m.c." einfach weg huelen, sou wéi eng net méi gebrauchte Kierch einfach emgewidmet get? Oder besteet den Trick, wéi bei der Daaf doranner, dat esou eppes vir emmer anscheinend hänken bleiwt?
Ech well domat lo net eng nei Polemik opwerfen, mä d Fro huet schon hieren Impakt, net nëmmen op di Leit, déi selwer betraff sin, a vläicht matliesen, mä och op d Elteren an hier Kanner.
Wee wier daccord wann e Paschtouer ging sou en WU ofhalen, resp. een mat enger missio c.?
Di Leit missten also emgeschoult, lies dedoktrinéiert, ginn.
Gust0 wrote:@thierry Wann
Ech misst mech ganz staark ieren, mee ech hunn net den Androck, datt déi 65 % vun de Schüler, déi ech am Lycée am Reliounsunterrecht sëtzen hunn, gezwongenermoossen do sinn, obwuel et sécherlech vereenzelt virkënnt. Firwat sinn si do a wiesselen och net op Morale (ech hat bis elo, vun 2000 Schüler der maximal 10 déi iergendwann gewiesselt sinn, mindestens genau sou vill hat ech der awer och, déi vu Morale op Relioun gewiesselt sinn)? Wahrscheinlech well se d'Gefill hunn, datt hinnen och am Reliounsunterrecht eppes gebuede gët, dee Cours net zevill kierchlech ass, net un d'Verpflichtung vum Besuch vun der Sonndesmass gebonnen ass an ech keng chrëschtlech "Glaubensunterweisung" maachen, mee well ech kritesch vun där Saach schwätzen, sou wéi och vun anere Reliounen an allgemengen ethesche Problemer. Wann aner Konfessiounen a Relioune sollten an d'Schoul eran dierfen, dann hätt ech un déi dee selwechten Usproch, nämlech datt se e konstruktivisteschen a breetgefächerte Cours ubidden, an deem net ee bestëmmtene Glawen indoktrinéiert get. Ass dat dat wat d'Rastafari-Leit ustriewen? Wa jo, dann däerfen se gären eran, a souguer den Eenheetscours halen! Selbstverständlech nodeems se wéi all anere Proff och en ofgeschlossenen Unisstudium hunn, an d'Formation pédagogique op der UniLu duerchgelaaf sinn.
@thierry Wann den Schüler
@thierry
Wann den Schüler alleng ouni Drock vum Elternhaus an der Kirch dierft ze decideieren wären är Couren awer ganz schlecht besicht,dofir brauch een dach just eng keier sonndes an d'Kirch ze kucken,dei puer Kanner dei dosin sin daat meschtens net freiwelleg!
elwood wrote:daniel
E Staat, als neutralen
E Staat, als neutralen Organismus, muss versichen, dat déi eenzel Organer an sengem „Kierper“ „korrekt“ zesummenschaffen. Dobéi huet heen net ze decidéieren, op d Haerz méi seier schloen sollt, d Verdauung gefördert oder gebremst sollt oder misst ginn. Sou en „dirigéierten“ Organismus hällt et net laang aus, bis all oder di wichtest Organer streiken, an heen als Ganzt, ënner geet.
E Staat muss iwwert eng Gesetzgebung, d Jaloen setzen, datt dat Ganzt funktionnéieren kann. Sou wéi en op der Strooss Schëlder opstellen lisst, fir e fléissenden, resp. sécheren Verkéier ze erméiglechen, sou kann en sech awer net an all Auto sätzen, fir ze kontrolléieren, wéi den Eenzelen dann lo, wéi konzentréiert, och fiert. Dobei léiert de Staat jo och keen, wéi een Auto fueren soll! Dat ass di perséinlech Sphär, déi tabou bleiwen muss, soulaang keen Drëtten geschädegt ka ginn.
De Staat léiert och keen, wéi e kachen an iessen soll, fir net ze déck ze ginn. Dobéi ass awer d Gesondheet, e Wert un sech! De Staat kontrolléiert, op „gesond“ Liewensmëttel um Maacht sinn. Wifill deen Eenzelen lo dovunner zou séch hëllt, ass him iwwerlooss. Net all déck Leit sinn oder fillen séch krank!
Op een Sonndes dem Klient séin Auto fléckt, därf de Staat néischt ugoen! De Staat muss kucken, datt d Aarbechtsgesetz vun 40 Wochenstonnen, net iwwerschratt get, an datt d Steieren bezuelt ginn. Eng héich Stonnenzuel kann der Gesondheet schueden; awer net op Sonndes oder Mettwochs rekuperéiert muss ginn.
Bei enger schwangeren Fra, gehéiert do deen Amalgamm vun Zellen, der Gesellschaft oder der Fra? An därf di Fra net ofdreiwen, muss se géint hiere Wëllen warden, bis doraus e Kand get, dat se net unhëllt, net unhuelen wëll? Kënnen Männer dat iwwerhapt novollzéihen?
Wee schued engem aaneren, wann seng „béiss“ Krankheet him all Ernergie hëllt, an di offiziell Medizin net méi weiderhëllefen kann, an déi Persoun wëllt net méi weiderliewen? Weem get do geschued, wann d Persoun de Morfin, als Verlängerung vun deem Zoustand, net wëllt? Weem?
Hei huet de Staat guer net ze verbidden; genau sou wéi en net virschreiwen kann, eng Frau misst net eent, mee drei Kanner op d Welt setzen! Obschons Kanner e Wert fir de Gesellschaft duerstellen. Oder dach nëmmen fir d Pensiounen an d Krankekeesen?
Den Reliounsprof ass awer
Den Reliounsprof ass awer all Mount frou seng fett Pai als Staatsbeamten ze kreien,dei stellt hien awer net an Fro,dovoun ofgesin daat seng Ausbildung den Staat,ergo den Staierzueler, och nach xdausenden euroen kascht huet!