Zoufälleg gutt!
Wien seet Lëtzebuerger Musek géif et net bréngen, deen huet wahrscheinlech nach net dem Daniel Balthasar säin neit Lidd "Accidentally" héieren. Mä zu all guddem Lidd gehéiert och een stëmmungsvollen Musek-Video, deen d'Atmosphär vum Lidd ob der Leinwand afänkt. Dat ass dem Sacha Bachim, ausféierenden Produzent mat sengem Team vun Feierblumm definitiv gelongen. Ech hunn mech mam Sacha a Verbindung gesat, fir mat him iwwert den neien Musek-Video ze schwätzen:
Natierlech kennt sou een Musek-Video net alleng zustanen. Nieft dem Sacha Bachim an dem Daniel Balthasar, déi den Video mat dem relativ beschränkten Budget vun nëmmen 2000 Euro produzéiert hunn, huet den Jacques Molitor Regie gefouert. Hien ass ebenfalls "eng Feierblumm", wéi de Sacha säin kreatiivt Team nennt. Natierlech gehéiert dozou nach e ganzen Gaart un verschiddene Blummen, déi zum impressionanten Resultat vun dësem Video bäigedroen hunn:
Sacha: Mir hunn ganzer 3 Deeg am CNA-Studio zu Diddeleng mat professionellem Material an mat enger Equipe vun 30 Leit gedréint.
Den Video war allerdéngs och filmtechnesch eng grouss Erausfuerderung. Den ganzen Clip gouf nämlech an engem Stéck gedréint esou, dass keen eenzegen Filmschnett am fäerdegen Video ze gesinn ass. Dat gëtt deem ganzen natierlech eng ganz besonnesch Ästhetik, ouni abrupt Perspektivewiessel, déi insgesamt zur harmonescher Melodie vum Lidd bäi soll droen. Et ass bal, ewéi wann een duerch de Video géif schwiewen.
Och déi selwer gebastelt Requisiten droen, nieft dem rouden Old-Timer, zum besonneschen Stil vum Video bäi. Dobäi goufen keng digital Effekter benotzt. Den beweglechen Hannergrond besteet aus enger Retro-Projektioun, déi mat engem professionellen Projecteur ob d'Leinwand gebeamt gouf.
Patrick: Wien huet déi witzeg Kou am Ufank vum Video gemoolt? Sacha: Den Fabrice Genot en Lëtzebuerger Kënschtler an Konschtproff am LGE, zesummen mat e puer Premiere Schüler.
Vue, dass de Video an engem Stéck huet missen gedréint ginn, war et natierlech eng ganz besonnesch Erausfuerderung vir d'Laure Roldan, d'weiblech Protagonistin, während der ganze Szeen emzeschminken. Insgesamt dräi Leit hunn hannert der Kamera dem Laure all kéiers en neien Look verpasst. Während der ganze Szeen sinn och stänneg Leit ob de Knéien hannert dem Auto hin an hier gelaf, fir déi verschidden Requisiten, déi herno am Video virun der Leinwand vum Auto iwwerholl ginn laanscht d'Kamera-Lëns ze droen.
Patrick: Vu wiem ass dann d'Iddi vum Video? Sacha: Vum Jacques Molitor. Mee do ass awer nach vill Brainstorming vun Jidderengem bei komm. Patrick: Wat ass eigentlech d'Hannergrondgeschicht vum Clip? Sacha: Majo den Daniel sengt jo dovun wei dat ass, wann een sech am Liewen aus den Aen verléiert an dat Meedchen do gesäit en dann eben ëmmer nees erëm. Patrick: An dann fueren se zum Schluss mam Auto dem Sonnenënnergang entgéint. Sacha: :-)
Och wann ech perséinlech zum Schluss léiwer mam rouden Cabriolet anstatt ma groen Kombi fortgefuer wär, d'Jongen vun Feierblumm hunn et fäerdeg bruecht een authenteschen Video ze produzéieren, deen een fir e puer Minutten an seng eegen Welt verféiert. Schued ass et just, dass de Video sech selwer senger Illusioun beklaut, wann den Daniel zum Schluss d'Kulissen falen léisst.

Mä och bei engem kuerzen Video-Clip kann villes schif goen:
Patrick: Goufen et keng gréisser Pannen? Sacha: Oooh dach! Sacha: U sech hätt et nach reenen sollen an der Szeen wou d'Braut bei den Auto kennt. Dofir haten mer eng Reenmaschinn an 2 Ventilatoren vum Yves Kortum... Patrick: Waasser an deieren Equipement passen net zesummen oder? Sacha: Eben. An en plus war den Reen net op der Kamera ze gesinn. Patrick: Ass eppes futti gaangen? Sacha: Nee zum Gléck net. Dunn hunn mer déi Idee schnell rëm sinn gelooss.
Insgesamt hunn d'Feierblummen iwwert zwanzeg Takes gebraucht, bis déi ganz Szeen an der Këscht war. Dobäi huet all Take awer nees vun vir un missten präparéiert ginn, wat natierlech mat engem groussen Aarbechtsopwand verbonne war. Natierlech ass bei all Take och d'Lidd selwer am Hannergrond gelaf, fir de Video synchron ze halen:
Patrick: Kennt der d'Lidd nach ëmmer héieren? ;-) Sacha: Erstaunlecherweis jo. :-) Patrick: Et ass jo och en erstaunlech relaxen Ouerwuerm. Sacha: Definitiv!
Dat war awer nach laang net alles vun de Jongen vun Feierblumm. Den nächsten Musek-Video ass scho geplangt. Dës kéier mat der Lëtzebuergescher Grupp "Gina Simmons and the Nobodies" mam Lidd "Consume". Mir sinn gespaant, wat sech eis Feierblummen zu deem Musek-Clip, deen fir Januar/Februar nächst Joer geplangt ass, afalen loossen.
An hei dann elo schlussendlech den Video mam Daniel Balthasar sengem "Accidentally". Falls Iech den Video gefällt, dann vergiesst net ob der RTL-Hitparade dofir ze stemmen:




Neueste Kommentare
vor 14 Stunden 17 Minuten
vor 18 Stunden 13 Minuten
vor 1 Tag 7 Stunden
vor 1 Tag 8 Stunden
vor 1 Tag 8 Stunden