Gaascht-Beitrag : Kopenhagen

Zum Live-Blog: Kopenhagen
Foto am geholl am Nuetszuch fir op Kopenhagen, Sonnenopgang am däneschen Watt, an en Beispill dass et kéint su einfach sin...

Zeréck vun Copenhagen oder soll ech soen FLOPenhagen,,,Obwuel ech menger Lierwen en enorm optimistegen Mënsch sin maachen ech mach Gedanken iwwer follgend Devloppementer:

Zum Live-Blog: Kopenhagen
Arnold_Cool_1.JPG

Mat eisem Superturmes ass awer all Dag een Adventure. Smile Den Moien haten mäe 3, den Turm an den Camille Gira een spontan gester festgeluechten Meeting mat enger Journalisten vun Doheem. Wéi mäe duerch Dréindier am First Hotel Sankt Petri rakomm sinn, wa méin éichten Gedanken: "Wow. Grouss." an deen zweeten "Wisou stinn hei sou vill Bodyguards mat U.S. Amerikaneschen Pinsen am Paltong."

Et hat nemmen e puer Sekonnen gedauert dunn hat ech d'äntwert dunn och schonns ob meng Froen: Den Arnold Schwarzenegger - ehemolegen Terminator an Papp deen Mol gären Spillsaachen fir Chrëschtdag vergësst ze koafen an neierdéngs Gouverneur vun Kalifornien - souzt gemitterlech am Pyjama an der Hotel eegener Bar säin Kaffie ze drénken an mat sengen Dëschpartner ze diskutéieren.

Zum Live-Blog: Kopenhagen
Meeting José Bové

(Fait divers) Jo, Lëtzebuerg huet 2 gréng Europadéputéierter!
Nierwend dem Superturmes huet Lëtzebuerg och nach den José Bové... also jo su hallef: Dem José sëng Elteren, béid Lëtzebuerger vun Veianen gouffen réicht an den 1970er naturaliséiert. Dat mecht den José Bové dach schon quasi zum Lëtzebuerger nee? waer dat nët mol en Sujet fir den RTL Magazin :-)

Zum Live-Blog: Kopenhagen
Claude with Steven Chu

No laangen Wardenschlaangen an vill klirrender Kälte virum Bella Center, an dem organisatoreschen Chaos duercht ech mir schon den Dag hätt schlecht ugefaangen. Mëttes awer waren mir dank den Claude Turmes op engem Meeting vun "Alliance to Save Energy", enger amerikanescher Lobby fir Energieeffizienz ze propagéieren. Dëss Veranstaltung war besicht vun Leaderen aus der U.S Economie an war wieklech mol enker eppes ganz näies.

Zum Live-Blog: Kopenhagen
logo_unfccc2-1.gif

COP15 ass eng Konferenz vun der Super, voir Megalative. iwwer 150'000 Klimaaktivisten haalen sech momentan zu Kopenhagen op, den Bella Center deen den Event host faast der awer "nëmmen" 17'000. Grond genuch also sech fréih opt d' Been fir an den Center eranzekommen. Um 7.00 ukomm huet een eng Schlaang vun romm 500Meter erwaard dat bei schuckleg warmen 2Grad :-). Mee et bléiwwt nët dobai, wëll d U.N haut denmoien en Problem matt hierem Computersystem haat, konnten manner wéi 50(!) Lait an den Center pro Stonn erageloos gin !

Zum Live-Blog: Kopenhagen
Blogging around the clock to spread the message around the world.

Gudden Moien allerseits. Smile

Nodeems mäe lo Mol méi oder wéineger gutt ausgeschlof sinn attackéieren mäe eisen zweeten Dag zu Kopenhagen. Mäe waren lo just virum Bella Center wou d'ganz Kongresser, Verhandlungen, etc. normalerweis ofgehalen ginn, me leider gouf eis dunn virun der Entrée matgedeelt, dass een fir den ganzen Dag net eran dierft - ausser mat Presseschein - well en eben zou wier. Fro lo keen den Grond, well deen wëssen mäe selwer nach net, ob jiddwerfalls huet et gëschter nach geheescht dass ob wier. Zeréck geschreckt huet eis dat allerdenges net. Wink

Zum Live-Blog: Kopenhagen

Mam Bella-Center haut zou, an enger Paus um UN Klimasomment hun mir ons op den alternativen Klima Sommet gemach, an vun do en Video Blog gemach

Zum Live-Blog: Kopenhagen
turmkopenhagen.jpeg


A: Say 'Hey'!
B: Hey!
A: Say 'Hoy'!
B: Hoy!
A & B: Climate Change has got to go.!

oder...
CO2 we don't want you!
...waren 2 vun villen Spréch déi regelméisseg vun der Mass an d'Welt erausgejaut goufen fir ob den Klimawandel an seng Folgen opmierksam ze man:

Zum Live-Blog: Kopenhagen
There is no Planet B!

Haut, e Samschden den 12 Dezember 2009, waren méi wéi 100 000 Leit zu Kopenhagen op der Strooss fir d'Regierungsvertrieder virun hier Responsabilitéiten ze stellen. Während sech bei denen offiziellen Verhandlungen Konfliktlinen zweschen räichen an aarmen Länner ofzeechnen, an d'Hesitatiounen vun verschiddenen Länner als Virwand benotzt ginn fir en Accord ze Verwässeren, sou as bei der Zivilgesellschaft am Géigendeel en reellt Bewosstsinn, dass den Klimawandel e Problem as deen d'gesammt Menschheet betrefft, an dofir eng global Léisung verlaangt. Am Cortège vun der Manif hunn Leit vun verschiddenen Alterskategorien, Nationalitéiten an politeschen Parteien sech hannert enger gemeinsamer Fuerderung rassembléiert.

Zum Live-Blog: Kopenhagen
Rainbow Warrior(s)

(LU) Grouss Demo haut zu Kopenhagen um Weltklimadag! Eng vun den faarwesten Demonstratiounen an flottsten Manifestatiounen di ech je matgemach hun. Den ronn 10km Marsch vum Stadtzentrum bis zum Bella Center hun 30'000-50'000 DemonstInnen friddlech demonstréiert, gedanzt, Stroosentheater gemach. Leider hun puer Demonstranten dësst Image duerch kannerecht Casseursverhaalen gestéiert, an hun et sou faerdegbruecht (alt ërem) en schlecht Bild op di gesammt Klimabewegung ze werfen.

Inhalt abgleichen