Ech si mer duerchaus bewosst dass eng adäquat gesondheetlech Opklärung vun der Bevölkerung en recht schwierecht Ennerfangen ass, d'Medezin ass esou en grousst an komplext Thema an net jiddereen kann nunemol Medezin studéieren, dofier ass et wuel eng ganz schéin Gratwanderung fir der Bevölkerung verständlech an awer emfassend Informatiounen ze gin.
Ech schreiwen daat heiten elo och just als Mensch ouni an der Politik involvéiert ze sin an dementspriechend och kengem etwaigechen Drock vun enger Pharmalobby aus gesaat ze sin. (Vlait ass en zevill un Information net an hierem Interesse?)
Fakt ass awer dass ech bis elo am Laaf vu mengem Studium eng Hellewull vun messinforméierten Patienten gesin hun an erkannt hun dass en riesen Opklärungsbedarf besteet alleng schon bei den "banalsten" medezineschen Themen. De Spektrum geet vun éischter harmlosen Sachen, wéi Leit di mengen se kinnten sech d'Blos net entzünden well se e Mann sin an eng Prostata hun (an nemmen Fraen eng Blos hätten) iwwert Patienten déi hier Gripp mat Antibiotiken behandlen wellen bis hin zu ganz geféierlechen Sachen, wéi Elteren déi een réicht mat allergréisster Méi iwwerzeechen konnt fir d'Mandelentzündung vun hierem Kand mat Antibiotiken ze behandlen, nodeems d'Kand leider schon e Retrotonsillarabszess haat.
Wéi ech schon soot, Gesondheet geet eis all eppes un, dofier well och jiddereen matschwätzen awer di allerwéinechsten hun d'Kompetenz fir wierklech seriö driwwer ze schwätzen. Daat mescht natirlech Messinformationen an gezielter Desinformation d'Dieren riesengrouss op. Ech gesin d'Aufgab vun der Opklärung doranner, dass eng onoofhängesch (sou gudd wéi daat eben (politesch)méiglech ass) Stell d'Bevölkerung mat de Fakten versuergt, di gréißten Messverständnisser aus dem Wee raumt an gegeegent Mossnahmen firschléit, ouni op den Interêt vun gewessen Interessengruppen oder der Pharmalobby ze kucken. Bei der ganzer Sach ass et eben wichtech en niichteren an rationalen Bleck op daat ganzt ze werfen. Wie gesoot, ech wees net ob an wéi esou en Gremium am bäschten em ze setzen ass mee ech stellen mer daat als eng Art Expertenzirkel fir, wou Fachleit ouni Affiliatioun zu der Pharmaindustrie nach zu den Medezin-Géigner dra setzen, an zu all gesondheetlechem Thema deen vun allgemengem Interesse ass, den aktuellen Wessensstand an den aktuellen Studienstand zesummendroen an no enger rationaler Betruechtung vum Problem, Virschléi proposéiert. Daat ganzt soll am Kontext vun enger „evidence bases medecine“ ooflaafen.
Ech huelen wuel un dass et esou Gremien am Gesondheetsministère gin, an et och Fachgesellschaften gin, déi eng ähnlech Arbescht leeschten, wéi z.B. d’Robert Koch Institut (RKI) aus Däitschland, daat als Arichtung vun der Bundesregierung an der Krankheetpräventioun an Iwwerwachung schafft., oder d’Bundeszentrale für gesundheitliche Aufklärung. Des 2 Institutiounen leeschten eng ganz gudd Arbescht mee ech kann mer firstellen dass vill vun hieren Texter awer nach ze komplizéiert sin fir den „ongebildeten“ (daat ass lo net béis gemengt) Duerchschnettsmensch. Ganz positiv hun ech allerdings en Informatiounsbichelchen fonnt iwwert HIV/AIDS vun der BZgA. An et ass esou wéi ech mer di ganz Opklärungskampagnen eigentlech virstellen. An desem Bichelchen war an ganz verständlechen Wierder, su zimlech alles zum Thema HIV/AIDS erklärt waat een als Net-Medeziner wessen muss ouni mam Fachjargon erschloen ze gin.
An mengen Aaen wär et wuel am virdeelhaftesten all Stoot esou en Bichelchen zu den jeweils relevantesten gesondheetlechen Themen zoukommen ze lossen (Impfungen, Gripp, etc...) oder en Sammelband maan, sou dass jiddereen doheem noschloen kann.
D’Dokteren hun oft net genuch Zäit fir all Patient eenzel an emfassend iwwert des Sujet’en opzeklären an depliant’en déi an de Praxen ausleien fannen och net esou den réissenden Oofsatz. Sech am Internet ze informéieren ass am Prinzip och keng schlecht Idee, suguer d’Infosäit vum Gesondheetsministère zum Thema Schwengsgripp ass guer net mol su iwwel an recht gudd bekömmlech mee leider stéisst een am Netz ganz schnell op extrem Schoulmedezinesch-kritesch Säiten an onseriös Scharlatanen. Daat verwirrt den normalen Bierger dann méi wéi et em bréngt an ech hun d’Erfahrung gemach dass di wéinechst Leit sech d’Zäit huelen fir iwwerhaapt emol eppes ze recherchéieren an wann, et dann och nach net immens gudd maan.. Am Netz stéißt een dann op Veganer, déi engem erzielen wellen dass Koumellech een embrengt oder Esoteriker, déi mengen mat Impfungen géiff d’Regierung eis en Chip implantéieren fir „waat wees ech fir en Schwachsinn“ mat eis ze maan. Dann sollen mer dach léiwer vun enger staatlecher Quell eis Informatiounen bezéihen, déi des Infos enger sachlecher Kontroll durch d’“evidence based medecine“ennerzunn huet.. Wéivill daat ganzt kascht an wéi en Opwand dofier bedriwwen muss gin, wees ech net, doriwwer därfen sech d’Ökonomen d’Käpp zerbriechen.
Lo mol méi speziell zum Thema Schwengsgripp.
Di ganz Informatiounskampagne ass net immens gudd oofgelaaf. Ech hun mech zwar net mat der staatlecher Opklärungskampagne auserneen gesaat well ech duerch mäin Studium aner Quellen hun fir mech ze informéieren, mee alles waat ech matkritt hun huet di ganz Gripp als eppes fuerchtbar geféierleches duergestallt ouni dass genau erklärt gouff waat daat eigentlech genau ass, an waat die Sach mat eisem Kierper ustellt. D’Depliant’en vum Gesondheetsministère hun ech net immens opklärungsräich fonnt, am Géigensatz zu hierer Infosäit am Netz. Och ass vill ze fréi op de Panik-knäppchen gedreckt gin.
Ech haat di grouss Chance läschte Summer, d’Fach Infektiologie gehaat ze hun an sou kruuten mer eng „Aktualitéistfierliesung“ iwwert d’Schwengsgripp wou grad die éischt Fäll an Europa bekannt gouffen. Eis Proffen waren schon e bessen besuergt well een eben nach net genau iwwert dem Virus säin Potential bescheed wosst. Si hun eis gesoot dass d’Meiglechkeet besteet dass des Gripp sech zu eppes Schlemmerem entwecklen kinnt (!) well et beonrouechend war wéi schnell sech de Virus verbreed huet. Mee et wär awer ze fréi fir vun enger akuter Pandemiegefoor ze schwätzen ouni d’Méiglechkeet awer ausser Acht ze lossen. D’Entwecklung vun engem Impfstoff misst awer ugekurbelt gin, fir de Fall dass een et herno wierklech mat engem Pandemievirus ze din hätt.
D’Resultat: No epuer Wochen, grausamster Hysterie an de Laienmedien (an et ass leider iwwert des Medien wou d’Majoritéit sech informéiert) hun all eis Proffen iergendwann nemmen nach iwwert d’Schwengsgripp gelacht. De Virus war awer kee Killer an eng flächendeckend Impfung vun der Bevölkerung ass bis op d’Riskiogruppen net néidech, eben wéi bei der normaler saisonaler Gripp och. D’Hysterie an de Medien huet dowéinst awer kengesfalls opgehaalen an ech denken dass spéitstens hei eng grouss ugelueten Infokampagne vun mengem uewen ugestirewtem Gremium néidech gewiercht wär. Mee dee Moment soutzen mer mat eisen Färtärsch jo op Milliounen Impfdosen.
Di ganz Impfkampagne mat engem „onzoureichend getesten“ Impfstoff huet den Impfungen am allgemengen en zimlechen Schued abruet. Di notoresch Impfgéigner hun hier chance gwittert an mat allen Kräften géint Impfungen am Allgemengen lass geschloen, d’Bevölkerung déi sech lues a lues bewosst gin ass dass se mat der Impfkampagne engem profitgäilen Pharmakonzern opgesiess sin, fällt dann natirlech éischter op eng Impfungverleumdungskampagne eran.
Zu engem gewessenen Deel ass d’Bevölkerung awer och selwer Schold un deem Impfschlamassel. Wou bekannt gouff dass en angeblechen „Killer-Virus“ op eis zoukennt, waren d’Stemmen ganz hard, déi no enger Impfung gejaut hun. Eng Impfung huet missen hier an daat esou schnell ewéi méiglech! Natirlech gett dann bei de Pharamfirmen ennert Héichdrock entweckelt, et kann een jo genuch Suen domadder maan an fir dass de Stoff schnell um Marché ass gett eben Adjuvans derbéi gemscht, fir d’Dosen strecken ze kennen an eben erhéichten Nierwenwierkungen gin akaaf geholl. Ausräichend Tester? Keng Zäit, d’Bevölkerung jäitzt noom Vaccin! Woubäi, wann een sech e bessen méi mam Prinzip an mam Impfstoff selwer auserneen setzt, die ganz Nierwenwirkungsgeschicht net méi an esou engem schlemmen Liicht do steet.
Ech denken ech hun d’Necessitéit vun enger beschtméiglechster onoofhängescher Opklärungsinstanz baséiernd op der „evidence based medecine“ kloer gemach, wéi genau d’Onoofhängeschkeet ausgesäit an wéi daat ganzt em ze setzen ass, doriwwer därfen sech lo aner Leit streiden, ech hun lo zevill geschriwwen

(ween mech tl-dr'en well därf daat gären maan

)