von diamant am 08 Dez 2007, 02:26
Et ass schwéier, sech vun festgefruerenen Meenungen ze léisen. Emsou schwéier get et, wann een selwer eng Erfaarung gemaach huet, déi och nach an déi Richtung geet.
Ween hat net schons de Bauch wéih, deen mat warmer Mëllech oder mat Menthethéi weg gung? Ass dat net de béschte Beweis, dat et net ëmmer muss en allopathescht Mettel sinn, vir ze heelen? En Dokter awer, deen nemmen mat Théi ging schaffen, wär geschwënn arbechtsloos.
Wann deen selwegten Dokter lo verdënnten Théi verschreiwt, Mentheextrakt z.B. am Sënn vum Hahnemann, dann get en en „Heeler“. Dann kritt dat Wässerchen oder di kleng Kugel eng wessenschaftlech Konnotatioun.
D „Medikamenter“ déi vun den Homöopathen oder den Anthroposophen op de Maacht kommen, brauchen allerdengs keen wessenschaftlechen Beweis vir hier Wierkung ze brëngen. Et geet duer, et get vun hinnen behaapt, si gingen géint „daat an daat“ och wierken.
Wann awer eng Krankekees sou Mëttelen zrëckbezillt, dann net onbedengt, wëll se eng Wierkung hun, mä well d Traitement um Aenn méi belleg get wéi mat traditionellen Mëttelen. Oft gin déi Mëttelen jo och zousätzlech zu deenen aaneren Medikamenter verschriwwen. Vir d Léit heelt natiirlech dann dat homöopathescht Mëttel. Wéi gesoot, géint Meenungen ass et schwéier unzekommen...
En aanert Argument wat och gären an deem Kontext gebraucht get, seet: Och Hormonen an Vitaminen ginn an ganz klengen Quantitéiten wierksaam. Vir waat also net och die héich diluéiert Homöopathika?
Vill Boboen heelen vun selwer! Aanerer iwwerhaapt net! Do derzweschend soll een sech schons professionell beroden loossen. D Gesondheet ass ze wertvoll, vir domat ze experimentéieren!
Wer behauptet, das Höchste sei schon das Ganze?
-
diamant
-
- Beiträge: 175
- Registriert: 26 Jan 2007, 13:39
von Charles Betz am 08 Dez 2007, 12:56
Also ech hu grad mein Post deen ech um schreiwen war selwer geläscht, dofir lo enggekierzten Versioun: Manuel:
Zum Thema bieden: et gouf gewisen datt bieden an munchen situatiounen de Leit helleft, op ähnlech Art a weis wei Plazebo et mecht. Dest funktionéiert ennert zwou Firaussetzungen: A) déi Leit mussen dru gleewen dat et funktionéiert an B) déi Leit musse wëssen datt iwert se gebied get. Vue datt dest net wessenschaftlechen Kriterien follegt, gin des Studien generell net publizéiert, well a Wessenschaftlech gemeschten an randomiseierten Kohorten den Effekt verschwent. Fir e puer Reviews: Shermer, Sci Am. 2004 Nov;291(5):34. an MacManus J., Nurs N Z. 2004 Mar;10(2):3-4 an Harv Health Lett. 2002 May;27(7):7. an Kavanagh BD., Clinical trials of intercessory prayers? , fir e puer rezenter ze nennen. An kenger weseenschaftlech korrekter Studie hat bis elo Homeopathie mei e groussen Effekt wéi Plazebo Dest ergeht aus sougenannten Metaanalysen, dh Studien wou all wessenschaftlech korrekt Studien analyseiert gin a statistesch ausgewert gin. Dat bekanntenst Beispill ass d'Lancet (e vun de grousen Medezineschen Journals) Meta Studie (Fisher et al, Lancet. 2005 Dec 17;366(9503):2082-3). Dofir muss een am Moment dovun ausgoen, datt Homeopathie op dem Plazebo Effekt berout. Wann een eng Referenz huet déi de Geigendeel beweist, ech si gären bereed se ze debattéieren. Plazebo wierkt bei dislokaliséierten Problemer, wei Schmerzen an Discomfort, wei zb bei Grippepatienten oder Kribspatienten. Et geet hinnen subjektiv duerch déi Effekter besser. E Plazebo wierkt awer net bei der Ursach selwer. E kann net machen datt e Virus stierft, en Tumor méi kleng get oder eng verstopften Arterie nees opgeet. Ech wees net op Homeopathie eng Konkureenz zur Medezin duerstellt oder duerstellen sollt. Eis Dokteren belà chelen den Plazebo Effekt gären emol (meeschtens aus Onwessenheet), an wierken dann beim Patient iwerhieflech a besserwesseresch. Dat féiert zu engem Verloscht vu Vertrauen an d'Medezin an engem Zoulaaf zu Scharlatanen vun obstrusen Monströsitéiten wéi zb der Neuer Germanischen Medezin. Ech fannen e gudden Medziner soll den Effekt vum Plazebo komplementär notzen, soulang et engem Patient doduerch besser geet, dofier hu mer eis Dokteren jo schliesslech. Leider neigen verschidden Homeopathen u ganz komeschen aner Ideen, zb huet eng Analyse an England fonnt datt iwerduerchschnettlech vill Homeopathen hieren Patienten vun verschiddenen wichtegen Impfungen ofrooden, wat jo lo nees näischt mat Homeopathie ze din huet. Wéi gesot, Potential erkennen an verstoen, awer net iwerinterpretéiren oder probeiren, medezinesch wichteg an neideg Agreffer mat Homeopathie z'ersetzen.! Zum Diamant: <Wann deen selwegten Dokter lo verdënnten Théi verschreiwt, Mentheextrakt z.B. am Sënn vum Hahnemann, dann get en en „Heeler“. Dann kritt dat Wässerchen oder di kleng Kugel eng wessenschaftlech Konnotatioun.> Dest Argument hun ech net verstanen, sorry. Ech verstin net wéi eppes duerch Verdënnen wessenschaftlech get, oder verstin ech dat falsch? <En aanert Argument wat och gären an deem Kontext gebraucht get, seet: Och Hormonen an Vitaminen ginn an ganz klengen Quantitéiten wierksaam. Vir waat also net och die héich diluéiert Homöopathika?> Ech hat probeiert dest firdrun schon z'erklären, mee ech formuleiren et dann anescht. Déi Hormoner a Vitaminnen, di am Kierpeer wierken, si physikalesch präsent. En Homeopateschen "Wierkstoff" ass et net. Bei deenen Hormoner déi an den niddrechsten Konzentratiounen wierken brauch een zirka 10000000000000000 Molekülen pro Liter. Fir eng Eenzel Zell bedeit dat ongefeier 1000 bis 1000000 Molekülen un hierer Uwerfläch. Bei engem standart homeopathescher Pell (30C), huet een 10 000 000 000 000 000 000 000 000 000 000 000 mol manner wéi eng eenzeg Molekül. An anren Wieder muss de 100 000 000 000 000 000 000 000 000 000 000 000 000 000 000 000 000 Pellen iessen, fir genuch Wierkstoff zesummen ze hun dat däi Kierper et iwerhapt mierkt. Do bass de dann eng Zäitschen beschäftegt;-) Also mir sin eis eeneg datt an enger homeopatescher Pell kee Wierkstoff méi dran as, well wann net huet et kee Wert ze debattéiren, well dest bestreiden net emol d'Homeopathen. Hiert Geigenargument ass iwregens datt d'Waasser en Gediechtnis hätt (?) a sech géif mierken, datt so eng Kéier eppes war. Dest kann gouf awer bis elo weder Quantetheoretesch, optesch, kristallografesch oder spektroskopesch Nogewisen (dëst sin d'Methoden fir Verännerungen vun deer Gréisstenuerdnung ze moossen)
-
Charles Betz
-
- Beiträge: 50
- Registriert: 07 Dez 2007, 12:41
-
von diamant am 08 Dez 2007, 15:40
Charles,
ech hat mech verstaan! Wann een "d Leit gleewen oder mengen" an meng zwee Sätz abaut, dann entsteet dat, wat ech wollt soën:
1. Saatz: Wann deen selwegten Dokter lo verdënnten Théi verschreiwt, Mentheextrakt z.B. am Sënn vum Hahnemann, dann get en en „Heeler“ (vir d Leit). Dann kritt dat Wässerchen oder di kleng Kugel eng wessenschaftlech Konnotatioun. (well den Doktor et jo muss wessen, mengen d Leit!) 2. Saatz: En aanert Argument wat och gären an deem Kontext gebraucht get, seet: Och Hormonen an Vitaminen ginn an ganz klengen Quantitéiten wierksaam. Vir waat also net och die héich diluéiert Homöopathika? (Mä, wéis Du e flott erklärs, et kann een net Äppel mat Biren vermeschen!)
An dem Kontext sinn mir eis eens, dat d Homéopathie wessenschaftlech, Quatsch ass. Genau sou gudd kann een vir (de) Reen bieden. Wann een "erhéiert" get, dann get een bestätegt an senger Suppositioun, et gett dach e Gott; reent et net, dann huet een nach net genug gebied, a.s.w. Dat kann een och Selbstbedrunn nennen!
Wer behauptet, das Höchste sei schon das Ganze?
-
diamant
-
- Beiträge: 175
- Registriert: 26 Jan 2007, 13:39
von Charles Betz am 08 Dez 2007, 16:00
Jup, ech gin der Recht!
-
Charles Betz
-
- Beiträge: 50
- Registriert: 07 Dez 2007, 12:41
-
von conny am 25 Mär 2010, 00:39
Salut Also intresseieren mech fir Homöopathie hun awer nach keng Erfahrung domat gemaach an sin no bessen Googlen hei op des sait gestouss. Wollt mol froen ob der mer flait een Homöopath keint empfehlen?? Respektiv op een Erfahrung hued mat Homöopathie an Akne an Schwieren ?? Wier frou wann een mer bessen keint weider hellefen merci am viraus 
-
conny
-
- Beiträge: 1
- Registriert: 25 Mär 2010, 00:31
Mitglieder in diesem Forum: Keine Mitglieder und 1 Gast
|