Medezineschen Cannabis

Medezineschen Cannabis

Beitragvon Happy Stoner am 14 Nov 2008, 07:09

  1. Ass Cannabis an der Medezin zu Letzebuerg erlabt?
  2. Ass et op bestemmten Krankheeten beschränkt oder kann den Dokter entscheeden?
  3. Brauch een en Rezept oder geet eng Diagnos vun enger bestemmten Krankheet duer?
  4. Gin d'Käschten vun der Krankenkees erstatt? Därf een selwer uplanzen?
  5. Därf een als Patient Auto fueren wann een Cannabis konsumeiert huet? Muss een dei Drogentester (Schwees, Urin an Blutt) matmachen als Patient?
  6. Wou ass d'Forschung drun?
  7. Weivill Leit hun en Rezept oder eng Lizenz?
  8. Wei ass et am Ausland?
  9. Wou ass d'Grenz tescht rekreativem Konsum an medezineschem Konsum?
"The prestige of government has undoubtedly been lowered considerably by the prohibition law. For nothing is more destructive of respect for the government and the law of the land than passing laws which cannot be enforced."
- Albert Einstein
Benutzeravatar
Happy Stoner
 
Beiträge: 225
Registriert: 09 Jan 2007, 04:18

Re: Medezineschen Cannabis

Beitragvon Happy Stoner am 21 Nov 2008, 05:31

Happy Stoner hat geschrieben:
  1. Ass Cannabis an der Medezin zu Letzebuerg erlabt?
  2. Ass et op bestemmten Krankheeten beschränkt oder kann den Dokter entscheeden?
  3. Brauch een en Rezept oder geet eng Diagnos vun enger bestemmten Krankheet duer?
  4. Gin d'Käschten vun der Krankenkees erstatt? Därf een selwer uplanzen?
  5. Därf een als Patient Auto fueren wann een Cannabis konsumeiert huet? Muss een dei Drogentester (Schwees, Urin an Blutt) matmachen als Patient?
  6. Wou ass d'Forschung drun?
  7. Weivill Leit hun en Rezept oder eng Lizenz?
  8. Wei ass et am Ausland?
  9. Wou ass d'Grenz tescht rekreativem Konsum an medezineschem Konsum?



a. Ech mengen mir sin een't vun den weinegen Länner wou Cannabis erlabt ass an der Medezin. Mat engem Rezept vum Dokter an engem Certificat de Schengen kann een an Holland an der Apdikt medezineschen Cannabis kafen. (1)

b. Ech mengen et ass dem Dokter iwerlos bei wat fir engen Krankheeten hien well Cannabis verschreiwen.

e. Ech mengen et därf een nach Auto fueren well et net bewisen ass datt eng Persoun dei Cannabis konsumeiert huet mei Akzidenter verursacht.

f. Et get net vill geforscht well d'Pharmaindustire souwisou keng Suen kann machen well een Planzen net patenteieren kann an well bis elo natierlechen Cannabis mei effektiv ass mat manner Niewenwierkungen an mei einfacher Doseierung wei mat den Extrakten wei z.B. Dronabinol dei vill mei toxesch sin.

i. Leit dei heinstos bei aneren Leit matfemmen sin rekreativ Konsumenten. Den Rescht ass medezineschen Konsum. (2)

Cannabis huet en immens't Potential dat een net därf ignoreieren. Cannabis kann bis zu 50% vun eisen Medikamenter ersetzen. Den medezineschen Effekt vun Cannabis setzt schon an ier een "high" get.

(1) Réponse de M. Carlo Wagner, Ministre de la Santé à la question n° 265 (17.01.00) de M. Lydia Mutsch concernant l'Application de drogues douces (p.ex. le cannabis) à des fins thérapeutiques.

(2) Patients out of Time

(*) Rick Simpson: Run From The Cure

(*) Cannabis Bureau Netherlands

(*) Jack Herer: The Emperor Wears No Clothes
"The prestige of government has undoubtedly been lowered considerably by the prohibition law. For nothing is more destructive of respect for the government and the law of the land than passing laws which cannot be enforced."
- Albert Einstein
Benutzeravatar
Happy Stoner
 
Beiträge: 225
Registriert: 09 Jan 2007, 04:18

Re: Medezineschen Cannabis

Beitragvon Patrick am 21 Nov 2008, 13:01

e. Ech mengen et därf een nach Auto fueren well et net bewisen ass datt eng Persoun dei Cannabis konsumeiert huet mei Akzidenter verursacht.

Dat doten stemmt net. Net nemmen alcohol, mais all "drogues stupéfiants" sin hannert dem Steier verbueden, daat gellt och for Cannabis/THC. Kann een hei noliesen:
http://www.acl.lu/fr/voiture_et_moto/le ... e_la_route

Cannabis huet en immens't Potential dat een net därf ignoreieren. Cannabis kann bis zu 50% vun eisen Medikamenter ersetzen. Den medezineschen Effekt vun Cannabis setzt schon an ier een "high" get.

Gin et fir des wahnwitzeg Behaptung iergendwelch Beweiser aus onoofhängeg, neutralen wessenschaftlechen Quellen?
(Fir mech sin dei Jack Herer Säit an dei Rick Simpson Säit net seriö, do gett vill polemeschen Schrott geschriwwen)
"Any colour you like."
Benutzeravatar
Patrick
Site Admin
 
Beiträge: 616
Registriert: 07 Jan 2007, 20:27

Re: Medezineschen Cannabis

Beitragvon Caramba am 21 Nov 2008, 16:30

Dat mam Autofueren as vlaĂŻt e bessi krass ausgedreckt well Gesetz as jo Gesetz.
Net falsch as awer wann hien seet et waer net erwissen datt Cannabis beim fueren beanträchteg. Erwissen as et schon awert net wéi laang, op wéi eng Aart a Weis asw.
Du kanns Cannabis no 24 Stonnen nach am Kierper an am Urin noweisen och wann d'Wierkung längst verflunn as. Ebensou hällt Wirkung bei veschidden Leit méi laang u wi bei Aaner. Ausserdem reagéiert all Mensch aanescht-verschidden Leit sin nach Fuertüchteg (selbstveständlech net nom Gesetz) waernd aanerer et schons laang net méi sin.
Et gëtt vill medizinesch Uwennungen vu Cannabis.http://www.acmed.org/ Seriö genuch?
Mee ech geng mer am Happy Stoner senger Plaz keng méi gin Leit eppes ze erkläre di souwisou keng aaner Meenung akzeptéiren.
Den ACL as och keng Quell vun onoofhängegen Wessenschaftlechen Infromatiounen-ee Gesetz as jo par définition sou zimlech de Géigendeel vun enger empirescher etude;

P.S.: Commen on est au Luxembourg, vaut mieux s'informer sur la législature lluxembourgeoise; hei also dee richtegen Link http://www.police.public.lu/conseils_pr ... index.html
http://www.police.public.lu/conseils_pr ... index.html
a well et sou schéin as an datt et net zevill eesaïteg gëtt:
http://www.police.public.lu/conseils_pr ... index.html
http://www.police.public.lu/conseils_pr ... index.html
Caramba
 
Beiträge: 135
Registriert: 13 Sep 2007, 12:26

Re: Medezineschen Cannabis

Beitragvon Patrick am 21 Nov 2008, 20:10

Zu Drogenkonsum an Autofueren:
Ech hu ledeglech drop higewisen, dass et dem Gesetz no verbueden ass Drogen ze konsuméiren an Auto ze fueren an do liwwert d'Legislatur déi eenzeg "hard facts" déi een do kann consultéiren. An deem Senn ass main Link vum ACL matt hinweis op d'Gesetzeslaag absolut valide. Wann ech well wessen, op eppes legal ass, dann kucken ech nom Gesetz an net no iergendwelch Verhaltensstudien. Fakt ass, et ass verbueden Auto ze fueren wann een THC konsumeiert huet. Mei wollt ech net soen an genau dat gouff och hei gefroot.

An dengem Link vun der police grand-ducale steet jo grouss an schéin geschriwwen, wei Cannabis sech op d'Fuerverhalten auswierkt:
Cannabis - Wahrnehmung und Steuerung der Bewegungen werden beeinträchtigt, die Reaktionszeit wird verlängert, Müdigkeit und ungenügende Reaktionen treten auf, eingeschliffene Automatismen werden gestört (besonders in Stresssituationen) die Leistungsreserve wird verringert, die Aufmerksamkeit wird auf Nebensächlichkeiten fokussiert.

En beniwwelt Gehier fiert net gudd, egal op dat Alkohol, THC, Heroin oder sonsteg Drogen an sonsteg Medikamenter sin. Dat gellt fir Patienten genausou wéi fir Konsumenten. Ech mengen méi brauch een do net ze soen.

Zum "medical Weed":
Ech hun net bestridden, dass Cannabis als Medikament kann agesaat gin. Ech fannen just déi Behaaptung, dass Cannabis 50% vun allen Medikamenter kinnt ersetzen net glaafwürdeg an do huet däin acmed.org Link och näicht drun geännert. Knueweléck ass och "gudd" fir d'Oderen opzemaan an de Cholesterin ze senken, mee dofir ersetzt en nach laang kee Medikament. Cannabis ass och villäicht ganz gudd fir verschidde Krankheeten ze behandelen, mee secherlech ass et keen Allheilmittel, wéi et hei nemmen allzegären duergestallt gett.
"Any colour you like."
Benutzeravatar
Patrick
Site Admin
 
Beiträge: 616
Registriert: 07 Jan 2007, 20:27

Re: Medezineschen Cannabis

Beitragvon Caramba am 25 Nov 2008, 12:32

@Patrick: ech denken mer sin eis am groussen Ganzen eenz, coh wat di medizinesch Aspekter ugeet. Dat mat dene 50% kann ech net jugéieren, dofir sin ech als Mediziner net bewandert genuch.
Caramba
 
Beiträge: 135
Registriert: 13 Sep 2007, 12:26

Re: Medezineschen Cannabis

Beitragvon Happy Stoner am 09 Dez 2008, 17:05

e. Datt et verbueden ass Cannabis konsumeiert ze hun ier een Auto fiert, do sin mer eis eenz. Ob daat berechtegt ass doriwer kann een streiden mee Fro war eigentlech op et fir Patienten mat engem Rezept erlaabt ass. D'Argumentation ass awer dei selwescht: Datt d'Reflexer an d'motoresch Fähegkeeten no loossen wann een Cannabis konsumeiert huet, do sin mer eis och eenz. Den sprangenden Punkt ass datt Cannabis net "Hochmut" ausleist, wei z.B. Alkohol, mee datt een sech bewosst ass datt een mei lues ass an sou och d'Geschwindegkeet dorun upasst.

Et ass net bewisen datt Cannabis Konsumenten mei Accidenter verursachen wei Leit dei guer keng Drogen konsumeieren. Dei virurteeler baseieren sech eleng dorop datt d'motoresch Fähegkeeten erof gin.

Bei Krankheeten wei z.B. ADHD (Attention Deficit Hyperactivity Disorder) kann Cannabis suguer d'Konzentration verbesseren.

Patienten dei reegelmässeg Cannabis konsumeieren verdroen daat och besser wei Leit dei just den Week-End femmen an dann nach derbäi Alkohol drenken.

Cannabis Culture .com - Stoned drivers are safe drivers
Science Daily .com - University Of Toronto Study Shows Marijuana Not A Factor In Driving Accidents
Cannabis and Driving
Cannabis improves symptoms of ADHD

Et gin wuel kaum wessenschaftlech Studien doriwer weivill Medikamenter Cannabis ersetzen keint. Et gin generell kaum wessenschaftlech Studien zum Thema Cannabis, warscheinlech well et an deenen meeschten Länner verbueden ass an well een natierlech Medezin net pateinteieren kann an derfir keng Suen kann dermat machen an derfir och keen Interet derun huet fir deier Studien duerchzefeieren. Och wann et net vill medezinesch Studien gin, gin awer genuch Hinweiser, Anekdoten an Berichter vun Patienten dei et kloer machen datt Cannabis en immens't Potential huet an der Medezin. Datt Cannabis bis zu 50% vun eisen Medikamenter ersetzen kann ass geduecht fir d'Diskussion unzereegen. Ech hoffen dei Behaptung wärt mei däitlech gin am Laaf vun der Diskussion.

Bei welchen Krankheeten kann Cannabis dann denger Meenung no hellefen an bei welchen net? Oder gesäis du Cannabis just an der paliativer Medezin?
"The prestige of government has undoubtedly been lowered considerably by the prohibition law. For nothing is more destructive of respect for the government and the law of the land than passing laws which cannot be enforced."
- Albert Einstein
Benutzeravatar
Happy Stoner
 
Beiträge: 225
Registriert: 09 Jan 2007, 04:18

Re: Medezineschen Cannabis

Beitragvon Happy Stoner am 25 Jan 2010, 04:19

"The prestige of government has undoubtedly been lowered considerably by the prohibition law. For nothing is more destructive of respect for the government and the law of the land than passing laws which cannot be enforced."
- Albert Einstein
Benutzeravatar
Happy Stoner
 
Beiträge: 225
Registriert: 09 Jan 2007, 04:18

Re: Medezineschen Cannabis

Beitragvon diamant am 25 Jan 2010, 13:00

Stëmmt et, dat di Leit, di an der palliativer Behandlung ënner Morfin stinn, mat Bescheinigung vum Dokter, Auto fuehren därfen? Lisst d'Police bei Kontroll, déi Bescheinigung gëllen? An d'Assurancen?

Et geet hei ëm 10 bis 20 mg Morphium den Dag, wa meng Informatiounen stëmmen.

Wier dat net eng Fro un e Minister, an der Chamber?
Wer behauptet, das Höchste sei schon das Ganze?
diamant
 
Beiträge: 175
Registriert: 26 Jan 2007, 13:39

Re: Medezineschen Cannabis

Beitragvon Happy Stoner am 12 Apr 2010, 21:52

Ech kann mer net firstellen datt Leit dei an enger palliativer Behandlung sin iwerhapt nach Auto kennen fueren. Mee anerer Säits ass eng palliativ Behandlung jo dofir do fir d'Liewensqualiteit ze verbesseren, an dat bezit sech dann och op d'Auto fueren.

Ech hun awer schon emol heieren datt Leit dei staark Medikamenter geint Peng kreien, wei z.B. Morphium, mat der Bescheinegung vum Dokter, dierfen Auto fueren.

Ech mengen dofir datt d'Police an d'Assurancen dat och mussen akzepteieren.
"The prestige of government has undoubtedly been lowered considerably by the prohibition law. For nothing is more destructive of respect for the government and the law of the land than passing laws which cannot be enforced."
- Albert Einstein
Benutzeravatar
Happy Stoner
 
Beiträge: 225
Registriert: 09 Jan 2007, 04:18


ZurĂĽck zu Gesondheet

Wer ist online?

Mitglieder in diesem Forum: Keine Mitglieder und 1 Gast

cron