Sënn vum Liewen?

Sënn vum Liewen?

Beitragvon agnosti am 07 Mär 2010, 00:27

Salut alleguer, ech wosst net richteg, wou ech dat hei soll rastellen, mee et huet duerchaus eppes mat Gesondheet ze dinn, et däerf awer och gär een et réckelen. Et iwerrascht iech vläicht, datt ech als Agnostiker déi Fro hei stellen, mee ech befanne mech gewëssermoossen an enger Sënnkris zur Zäit.

Wat ass de (grousse) Sënn vum Liewen?

Een, deen u Gott gleeft (an dobäi muss e mol guer net un e personale Gott vun enger bestëmmtener Relioun gleewen, mee einfach un e metaphysescht Wiesen, wat eist Erkennen transzendéiert), dee kann sech soen: "Ech erkennen de grousse Sënn net, mee ech ginn dervun aus, datt wann ech stierwen an ech Gott géinteniwwer triede kann, d'Geleenheet wäert hunn, eng Äntwert op d'Fro vum Sënn ze kréien an eventuell souguer eng gewëss Wiedergutmachung erliewe vun deem, wat ech hei a mengem Liewen gelidden hunn, an dobäi och eng Äntwert kréien, firwat Gott mech (a vill anerer) onendlech leide gelooss huet. "

Mee wéi kann ech mer als Agnostiker oder als Atheist d'Fro vum Sënn vum Liewen erkläeren? Wann ech soen, et gëtt kee Sënn vum Liewen (ofgesi vun deenen eenzelne klenge "Sënner", déi ech mengem Liewe selwer ka ginn, andeems ech déi eng oder aner nëtzlech a befriddegend Saach maachen), ass dat Motivatioun genug fir weiderzeliewen bzw. net e Grond, fir sech d'Liewen ze huelen? Kann an deem Kontext den evolutionären Humanismus eng zefriddestellend Äntwert ginn, déi zu engem Weiderliewen motivéieren? Wann ech mer soen, datt mir just en zoufällegt Produkt vun der Evolutioun sinn (bedéngt duerch Mutatioun a Selektioun), ouni weidere Plang, mécht dat d'Existenz vun eis Mënschen (déi mer eis jo offensichtlech metaphysesch Froe stellen, virun allem wa mer vläicht net an enger glécklecher Bezéiung liewen oder an engem Beruff, dee mer als erfëllend erliewen) net esou absurd, datt et zum Verzweifelen ass, wann ee vill doriwwer nodenkt?

Merci fir serieux Äntwerten!
An der Traditioun vum philosophesche Skeptizismus stoend, enthalen ech mech an der Fro vun der Existenz vu Gott.
agnosti
 
Beiträge: 201
Registriert: 15 Mär 2009, 13:00

Re: Sënn vum Liewen?

Beitragvon empiricus am 07 Mär 2010, 22:55

Eigentlech keint ech ganz vill hei schreiwen, an der des Raetsels Loesung an enger gellener Schossel unbidden; mei , wei ueblech, waerd dann mein Post erem zenseiert gin. Stell dei Fro villeicht an engem aneren Forum, wou mei open kann diskuteiert gin, an wou et keng Zensur get. En klengen Typ mengerseits: lux-forum.lu
empiricus
 
Beiträge: 11
Registriert: 05 Mär 2010, 00:40

Re: Sënn vum Liewen?

Beitragvon elwood am 07 Mär 2010, 23:21

Hey agnosti, dat ass eng interessant Fro, och wann ech dir elo keng Äntwert ob de Senn vum Liewe ka ginn, well dat wuel géif de ganzen Forum hei sprengen. Ech war awer bis elo emmer genee der aneren Meenung wéis du an sinn bis lo emmer dovunner ausgaangen, dass einfach "u Gott gleewen" am Endeffekt vill méi triste ass. Hei ersetzt een jo eigentlech säin eegene Senn vum Liewen, deen een sech schwéier muss erschaffen, duerch eng virgeknaaten Léisung, déi engem "vun uewen erof" diktéiert gett. Net emoss soen d'Leit jo ganz oft "den Glawen ass eng Krätsch".

Ech fannen dat vill méi interessant, wann eens engem Liewen säin eegene Senn gett, deen natierlech och wat ee méi laang ob deser Welt ass, sech senger eegener Erfahrung upasst. De Senn ass also eppes evolutives, dat wibbelt a beweegt sech an verännert sech och. Och ouni ee Gott, ass een wichtegen Liewenssenn, deens du vläit als "klengen Senn" géifs bezeechnen, fir mech, dass ech versichen meng Matmenschen four ze maachen an fir si do ze sinn, wann se mech brauchen. Dat ass emsou besser, well ech et net vum Glawen diktéiert kréien, mä mir dat ganz fräiwelleg erschafft hunn an dat fannen ech alles aanescht ewéi depressiv.
elwood
 
Beiträge: 19
Registriert: 06 Dez 2009, 01:08

Re: Sënn vum Liewen?

Beitragvon Zeepunkt am 07 Mär 2010, 23:33

Wat erwards de der elo hei fier eng Aentwert? :)

D Aentwert op dei Fro as jo total subjektiiv, an haengt vum Weltbild oof wat een huet, an vun den Erfahrungen dei ee gema huet.
Realiteit as subjektiv.
Benutzeravatar
Zeepunkt
 
Beiträge: 39
Registriert: 12 Jan 2008, 02:51

Re: Sënn vum Liewen?

Beitragvon elwood am 07 Mär 2010, 23:37

Zeepunkt hat geschrieben:Wat erwards de der elo hei fier eng Aentwert? :)

D Aentwert op dei Fro as jo total subjektiiv, an haengt vum Weltbild oof wat een huet, an vun den Erfahrungen dei ee gema huet.


Ech mengen seng Fro war, ob iwwerhaapt Atheisten hirem Liewen een "groussen" Senn kenne ginn an ob dat net e bessi traureg wier, wann een säin Liewen just mat "klengen Sennen" (net Sünden) kann fellen. Mä dat géif jo viraussetzen, dass et hei eng Hierarchie vun Sennen géif ginn an, dass Gott ieerhaapt als iwwerzeegenden Liewenssenn kann ugesi ginn. Ech perséinlech géif dat esou nämlech net ennerschreiwen.
elwood
 
Beiträge: 19
Registriert: 06 Dez 2009, 01:08

Re: Sënn vum Liewen?

Beitragvon Zeepunkt am 08 Mär 2010, 00:14

Ok. Ma, dat haenkt emmer dovun oof wei open minded een as op der Sich no Senn.
ET gett och eng Spiritualiteit ouni Gott, wann ee dann gewellt as Senn an der SPiritualiteit ze fannen.
Realiteit as subjektiv.
Benutzeravatar
Zeepunkt
 
Beiträge: 39
Registriert: 12 Jan 2008, 02:51

Re: Sënn vum Liewen?

Beitragvon diamant am 08 Mär 2010, 17:17

Firwat soll a muss alles e Sënn hunn oder kréien?

Wa Kazen op d'Welt kommen, dann heescht et, se fänke Mäis! Bis op Rassekazen, déi am Haus bleiwen, just bis op e Balkon raus kommen, an, an hirem Liewen ni enger Maus begéinen. An dach 20 Joer aal ginn! Haten déi Déieren vläicht kee "Sënn"?

Wann Chimpansen op d'Welt kommen, dann...
De Sënn vun engem Hong, besteet deen do dranner, als Poulet gegrillt ze ginn?

Wann e Kand op d'Welt kënnt, dann... misst een emol fir d'éischt d'Eltere froen, firwat et koum. Wouranner gesinn si de Sënn (domat an hirem Liewen)? Ganz oft musse Kanner en Zweck erfëllen: se erfëllen de "Ruff vun der Natur", do kéinten d'Fraen vläicht besser erklären...; se sinn do, fir sech spéider ëm di aal Elteren ze këmmeren, sou wor dat fréier um Bauerenhaff de Fall. D'Tatta an de Monni hunn dann di Kleng versuecht... Sou haten di Tattaen a Monnien och e Sënn, opschons si keng eege Kanner haten! An dat huet se all arrangéiert! Sou kann e Sënn am Liewen doranner bestoen, Kanner ze maachen, fir dat e Betrib, eng Dynastie net ënnergeet.

Di eng sichen e Sënn hirt Liewe laang; anerer kréien een suggeréiert; rëm aanerer sichen a brauchen keen ze fannen, well se mat sech (an der Welt) ze fridden sinn.

D'Fro ass gestallt ginn, vum agnosti, wat den Atheist e.a. betrëfft. Fir deen huet d'Liewen als solch kee Sënn. Dat heescht awer net, dat deem säi Liewe sënnlos wier. Fir den Atheist ass alles nom Doud eriwwer. That's it! Domatter distanzéiert en sech vum Gleewegen oder Reliéisen, deem jo nom Doud e Weiderliewen resp. e Rëmkommen op des Welt, versprach gëtt. Dat Verspriechen huet et awer an sech: et ass net gratis! An deen, deen seng Relioun eescht hëllt, versicht, jo muss, permanent iergend Kontrainten erfëllen. De Mënsch muss, soll... lauschtert engem Priedeger no! Och wann en déi mat der Zäit vläicht "gäre" mecht, wëll en dru gewinnt ass. Et ginn sou Leit an d'Mass, well se nach ëmmer dra gaangen sinn. En Aaneren huet sech eng Patchwork-Relioun zesummegebastelt a pickt sech eraus, wat him passt. Firwat net, wann en domatt "glëcklech" gëtt.

Déi Fro nom Sënn vum Liewen, ass dat net schlussendlech d'Fro nom Gléck? Huet fir de Verléiften d'Liewen nach e Sënn, wann e verlooss gëtt? No engem "Gott" froen, e Gott sichen, ass dat net datselwegt wéi nom Gléck sichen? Oder firwat en soss sichen? Deen, deen angeblech Gott fond huet, ass deen net iwwerglécklech? Sinn et hei net seng eegen Hormonen, déi en austricksen? An awer, ëmmer rëm muss di Persoun un der Staang gehale ginn; muss sech selwer ëmmer rëm Spréch widderhuelen, muss Aktiounen maachen, déi an engem Text festgehale sinn, sech Riten ënnerwerfen, fir deem Gott seng Léift net ze verléieren, an, vir an den Himmel ze kommen. Dat ass deem Gleewegen säin allerlëschte Sënn: d'Impressioun ze hunn, dat net alles fir d'Kaz wor! Dee kann sech net virstellen, dat "dono" néischt méi ass. Dat ass eben sou! An dorops sicht en Atheist keng Aentwert.

Dat daat schlussendlech eng "Krätsch" (Stäip) ka ginn, jo e Prisong, wéi eng Drogue, entpuppt sech dach bei villen, ganz ville Mënschen, dat et just eng Illusioun wor. Firwat leeën haut sou vill Leit hire Glaawen absichtlech einfach of? Well se ën net (méi) brauchen, a mierken, et geet (vläicht souguer besser) ouni all di Zwäng, déi eben e Glaawen oberleet. Wat eng Art Rappeller sinn, fir en eben net ze vergiessen.

En Atheist geet dee Wee einfach net, oder net méi, well e verstaan huet. De Sënn vu sengem Liewen besteet also dodranner, all Dag eppes aus deem ze maachen, wat do ass a kënnt. An, e versicht - wéi se all - dat Negativt ze vermeiden. E schafft net all Dag, an der onbestätegter Hoffnung, vir an en Himmelräich ran ze kommen, wou en wahrscheinlech déi wéinist ging kennen. ;). Wat ging en also do maachen?
Wer behauptet, das Höchste sei schon das Ganze?
diamant
 
Beiträge: 175
Registriert: 26 Jan 2007, 13:39

Re: Sënn vum Liewen?

Beitragvon Dr NO am 08 Mär 2010, 17:56

agnosti hat geschrieben:Een, deen u Gott gleeft (an dobäi muss e mol guer net un e personale Gott vun enger bestëmmtener Relioun gleewen, mee einfach un e metaphysescht Wiesen, wat eist Erkennen transzendéiert), dee kann sech soen: "Ech erkennen de grousse Sënn net, mee ech ginn dervun aus, datt wann ech stierwen an ech Gott géinteniwwer triede kann, d'Geleenheet wäert hunn, eng Äntwert op d'Fro vum Sënn ze kréien an eventuell souguer eng gewëss Wiedergutmachung erliewe vun deem, wat ech hei a mengem Liewen gelidden hunn, an dobäi och eng Äntwert kréien, firwat Gott mech (a vill anerer) onendlech leide gelooss huet. "

Do hues de Recht, ech gesin et ähnlech. Deen, deen un sou en Wiesen gleewt entleedegt sech deser Fro op allereinfachst Maneier, andeems een et an en Liewen noom Doud projeteiert. Et as jo och mei einfach sech NET mussen mat daer Fro beschäftegen, well - sou as meng Usiicht - vill Leit net kennen domadder emgoen. D'Wessenschaft gett der BinBangTheorie, String-Theorie, Quarks, Mei-Dimensiounen-Welten an an an. Ech geif mol soen dass vill Leit einfach iwwerfuerdert sin wann se sou Saachen liesen, an do huet daat transzedeiert Wiesen en Riisenviirdeel: D'Welt an - an senger Folleg - den Sënn vum Liewen as ganz einfach an kloer geregelt.

agnosti hat geschrieben:Mee wéi kann ech mer als Agnostiker oder als Atheist d'Fro vum Sënn vum Liewen erkläeren? Wann ech soen, et gëtt kee Sënn vum Liewen (ofgesi vun deenen eenzelne klenge "Sënner", déi ech mengem Liewe selwer ka ginn, andeems ech déi eng oder aner nëtzlech a befriddegend Saach maachen), ass dat Motivatioun genug fir weiderzeliewen bzw. net e Grond, fir sech d'Liewen ze huelen? Kann an deem Kontext den evolutionären Humanismus eng zefriddestellend Äntwert ginn, déi zu engem Weiderliewen motivéieren? Wann ech mer soen, datt mir just en zoufällegt Produkt vun der Evolutioun sinn (bedéngt duerch Mutatioun a Selektioun), ouni weidere Plang, mécht dat d'Existenz vun eis Mënschen (déi mer eis jo offensichtlech metaphysesch Froe stellen, virun allem wa mer vläicht net an enger glécklecher Bezéiung liewen oder an engem Beruff, dee mer als erfëllend erliewen) net esou absurd, datt et zum Verzweifelen ass, wann ee vill doriwwer nodenkt?


Ech hu mer natierlech och dei Fro gestallt, an - sou domm daat och klengt - as et d'Entfert vum Deep Thought (Hitchiker's Guide to the Galaxy) deen bei mir deen berühmten Groschen faalen geloos huet. Seng Entfert op den Senn vun allem wor 42, allerdengs et geet usech net em seng Entfert, mee em daat waat den Deep Thought soot: Stelle mer eis iwwerhaapt dei richteg Fro?
Daat as och main Uleies: As d'Fro noom Senn vum Liewen iwwerhaapt dei richteg Fro? Läit d'Entfert usech net schon an der Fro dran, an de Senn vum Liewen naischt mei einfaches wei d'Liewen selwer as?
Dei Fro huet menger Meenung no och schon vill Schlechtes verbrach: kuck der nemmen den Diktat vun de Buch-Reliounen un, dei usech hier Muecht graad aus där Fro zeien, well Sie eng Entfert parat hun. An och an der heiteger Zäit sichen vill Leit hieren Sënn am Liewen andeems se deen op - an mengen Aen - falsch Saachen bezeien: Muecht, Materialismus,Leeschtung, Arbecht etc.
Wiere mer net mei einfach drun wann mer eis einfach agestin dass d'Liewen net onbedengt iergend een Sënn muss hun, ausser d'Liewen?

Ech sin och secher, dass wann mer eng Keier den Sënn vum Liewen sollten fannen, mer eis domadder net zefridde gin. Soss wier d'Kierch nach emmer allmächteg. Mat der Zait an der Evolutioun hun sech awer emmer mei Leit gefroot op daat dann de richtegen Sënn vun Liewen wier, an daat geifen se och an Zukunft maachen, well wei den Zeepunkt schreiwt, as daat och nach eng Affaire de gôuts. Dei eng gin sech domadder zefridden dei aaner net.

Durfir haalen ech mer et mam Ockham's Messer: Et gin einfach zevill Theorien an Virschlei fir en Sënn vum Liewen, dass dei einfachst Entfert nach dei beschten as.

Vun dohier gesin ech ich net firrwaat et engem Atheist sollt schweier faalen fir sain Do-Sin ze berechtegen. Secherlech mecht een daat wann een nach net op sein gringen Zweig komm as, mee daat ass nemmen en Niewenprodukt vun der Gesellschaft.
Wir beschließen etwas, stellen das dann in den Raum und warten ab, was passiert. Wenn es kein großes Geschrei gibt weil die meisten gar nicht begreifen was da beschlossen wurde, machen wir weiter, Schritt für Schritt, bis es kein Zurück mehr gibt. JCJ
Benutzeravatar
Dr NO
 
Beiträge: 148
Registriert: 15 Feb 2008, 16:11
Wohnort: Eshington DC

Re: Sënn vum Liewen?

Beitragvon alpha am 08 Mär 2010, 21:32

Hmmm, ech mengen hei gouf d’Thema vun den Thema’en ugeschwaat 

Ech géiff deng Fro gären mat enger Géigenfro beänwerten. Muss eist Liewen iwwerhapt en Sënn hun ?
Ech fannen dass, wann een noom Sënn vun enger « Sach » freet, een dervunn ausgeet dass des « Sach » zu engem bestemmten Zweck geschaff gin ass. De Lift erfëllt den Zweck Lasten an d’Luut ze hiewen, d’A erfellt den Zweck, mengem Gehier Informatiounen iwwert meng Emwelt ze gin. Freet een elo noom Sënn vum Liewen dann freet een wisou mär « geschaff » gouffen. Ech kann mech net dermadd ufrennden dass de Mensch geschaff gouf. Daat werft zevill weider Froën op. Ween huet eis geschaff, ...etc... ?

Ech well lo hei net die ganz Argumentatioun opfwerfen, dofier iwwersprangen ech elo d’Argumentatioun op mär geschaff gouffen an fueren weider mat : ech fannen keng anständech Anhaltspunkten fir unzehuelen dass de Mensch e Schöpfer hätt, deen eis zu engem bestemmten Zweck erschaf huet. Mär sin einfach.

Mär sin duerch Evolutioun entstanen, waat allerdings net zoufällech ass. Dass mer esou sin ewéi mer sin, ass keen Zoufall mee di logesch Konsequenz vun der Evolutioun. Mär, besser eis Gener, hun sech esou, wéi se sin bis elo am bäschten duerchgeschloen an dofier ass et keen Zoufall dass grad e Liewenwiesen mat eiser genetescher Konfiguratioun zereckbehaalen gouf vun der natiirlecher Selektioun. Déi verschidden Mutatiounen um Wee fir bis heihinner, déi waren allerdings rengen Zoufall. Ech hoffen d’Nuance ass kloer gin. (Dass mer existéieren ass Zoufall mee déi Form ennert där mer existéieren ass total logesch.)

Duerch eben eis Entstehungsgeschicht ass et wuel onméiglech eiser Existenz en « richtechen » Sënn oof ze gewannen. Mär sin einfach. Am wäitesten Sënn kinnt een soen dass mär duerch d’Evolutioun geschaff gouffen an dann mussen mer noom Sënn vun der Evolutioun froen. Déi huet wuel och keen héichert Ziel daat se verfollecht. Bei all Ronn gett gekuckt ween am bäschten an der emwelt fonktionnéiert an deen gewënnt. An der nächster Ronn, no epuer Mutatiounen, gett nees gekuckt an emmer gett dee Bäschten zereckbehaalen an kennt eng Ronn weider. Am Entferntesten kinnt een soen dass de Sënn vun der Evolutioun ass emmer besser an méi ugepassten Liewenwiesen erfir ze brengen. Evolutioun wärt awer nie op engem Änn ukommen dofier denken ech dass an deem Fall einfach de Wee de Sënn ass. (Woubäi ech mer der Geféierlechkeet vun esou engem « Sënn » bewosst sin, resp. dass verschidden Leit mengen desen Wee ze messbrauchen fir sech selwer zum Selektionator op ze schwengen. Well mär Menschen awer just Matspiller sin am Spill vun der Evoltutioun ass et eis wuel och net vergönnt den totalen Iwwerbleck ze hun an esou Leit, déi sech selwer zum Selektionator maan wellen, wärten wuel voll an di falsch Richtung lafen an wuel zimlechen Schued uriiten. Och mengen ech dass natiirlech Selektioun einfach d’Konsequenz dovunner ass wéi eis Welt fonktionnéiert. Eis Naturgesetzer sin eben einfach esou wéi se sin an et ass dofier normal dass mer dono fonktionnéieren)

Zouginn, et ass zimlech onbefriddechent d’Sich no engem Sënn just op eis biologesch Säit ze reduzéieren. An ech mengen och dass de keng Änwert’en an esou enger Richtung wolls. Mee wann mer mol beim Standpunkt bleiwen dass mer einfach sin, an eisen biologeschen Sënn ewech lossen, zu wéi enger anerer Asicht kennen mer dann kommen außer dass eis Existenz usech de Sënn ass ? D’Liewen huet keen aneren Sënn außer dass et geliewt soll gin.

Wéis du däin Liewen ausfëlls, daat kann keen der soen. Daat kanns nemmen du wessen. Wéi en « Sënn » ‘s du dengem Liewen gess, bleiwt och där iwwerloos. D’Erfellung vum Liewen ass fir all Mensch eppes aneschters, do kann der einfach keen hellefen. Daat muss du fir dech eraus fannen. Wéi’s de daat mess kann och keen der soen. Et gett keen Patentrezept fir d’Liewen erfolgräich ze meeschteren.
Ech kann der just een Rotschlach gin an deen ass folgenden : Egal waat’s de am Liewen mess, soulangs du dech am Spigel an d’Gesiit kucken kanns an der soen kanns : « Jo, ech sin zefridden mat deem waat ech machen. Wéi ech mäin Liewen féieren, mescht mech glecklech ! » ,esoulang hues du alles richtech gemach ! Du hues di absolut Fräiheet, däin Liewen sou ze gestallten ewéis du wells an ewéi et dech glecklech mescht. (Natirlech gett et do di Prämiss dass de selbstverständlech net d’Fräiheet hues en aneren an senger Fräiheet ze behenneren.)

Daat ass de Basic-Sënn vum Liewen.

Fir mech perséinlech geet d’Sach nach e Steck weider.

Ech sin op des Welt komm ouni gefroot ze gin mee wann ech mol schon hei sinn dann käschten ech et och aus bis zum Läschten aus ! Ech fannen net dass di gewessen « Sennlosechkeet » déi eist Liewen huet, e Grond ass sech em ze brengen. Du hues nemmen eemol d’Chance ze liewen also notz se ! Zu waat, ass nees där iwwerloos mee breng dech dach net em doweinst. Du verpass eppes ganz wonnerbares ! Kuck esou vill ewéi méiglech vum Liewen ze hun. Géi op suvill ewéi méiglech Platzen. Mach esou vill ewéi Méiglech Erfahrungen, hab (wéi ass eigentlich die letz. Imperativform vum singulier vum verb « haben »? Kommen do net drop am Moment, dofier hun ech die däitsch geholl.) soviel Spaß wéi méiglech, mach esou vill Guddes ewéi méiglech ! Freu dich deines Lebens, es ist später als du denkst !

Fir mech selwer kennt och nach dozou, dass mer net alleng liewen an dass fir de Maximum un Gleckséilechkeet ze kréien mer deenen aneren Menschen och hellefen sollen e glecklecht Liewen, ouni Leed an Peng ze féieren. Och sie hun nemmen ee Liewen an daat soll fir eis alleguerten esou schéin an angenehm ewéi nemmen iergentméiglech sin.


Egal wéis de däin Liewen liews, du hues et richtech erfëllt wanns de herno op dengem Stierwbett léis an der soen kanns : « Merde, daat dooten huet sech gelount ! »

Waat dono kennt, brauch eis net ze interesséieren well et kennt ! Mär wärten et all gewuer gin an wann et suwäit ass dann hu mer nach d’ganz Éiwechkeet fir eis domadder ze beschäftechen !

P.s. du hues geschriwwen dass de grad an enger Sënnkriis wärs. Ech wenschen der vill Kraft fir des Kriis duerch ze stoen an dass de gestärkt an méi gescheit do eraus kenns. Wéi e « Sënn »’s du dengem Liewen gess, ech mierken ech widderhuelen mech, ass där iwwerloos.
alpha
 
Beiträge: 24
Registriert: 10 Feb 2010, 03:38

Re: Sënn vum Liewen?

Beitragvon agnosti am 09 Mär 2010, 00:32

Ok, merci iech alleguer fir är Äntwerten. Keng Angscht, ech sinn net suizidär, dat war just eng theoretesch Iwerleeung. Obwuel déi Saach mam Suizid jo och sou een Tabu-Thema ass. Vill Suizidfäll ginn einfach als Akzident opgeschriwwen, och aus juristesche Grënn, wann ech dann richteg verstanen hunn. Duerfir muss een sech froen, a wéi enger kranker Gesellschaft mer eigentlech liewen. Et geléngt ebe wuel net jidderengem, ënnert deene Bedingungen, an deenen e lieft, d'Liewen einfach ze genéissen, an engem hedonistesche Stil, deen natierlech flott ass, wann et engem geléngt. Een, deen un eng transzendent Gréisst gleeft, déi e Sënn kennt (ouni eis en ze soen), muss sech jo trotzdem genau sou säi Sënn konstruéieren, well dat anert hëlleft och net weider, a kann (!) natierlech souguer schiedlech sinn, an deem Fall, wou een e Gottesbild huet, wat Angscht mécht, wat engem suggeréiert, datt ee muss hei an do maachen, fir herno belount an net bestrooft ze ginn. Mee et kann ee jo genau sou gutt e Gottesbild hu vun engem Gott, deen einfach barmhäerzeg ass, egal wat ee gemaach huet, an deen een nët ënner Stress setze wëllt. Dat hunn ech allerdéngs just gesot, well een (ech wees net méi ween) eng Remark an déi Richtung gemaach huet. Et stëmmt absolut, datt e Liewe sënnvoll war, wann een herno ka soen: Mäi Liewe war net ëmsoss, ech hu vill Guddes gemaach. Et stëmmt och, datt d'Fro vum Sënn vum Liewen duerchaus mat der Fro vum Gléck korreléiert.
An der Traditioun vum philosophesche Skeptizismus stoend, enthalen ech mech an der Fro vun der Existenz vu Gott.
agnosti
 
Beiträge: 201
Registriert: 15 Mär 2009, 13:00

Nächste

Zurück zu Gesondheet

Wer ist online?

Mitglieder in diesem Forum: Keine Mitglieder und 1 Gast

cron