D'CSV schaaft e Staat, an deem si selwer iwwerflësseg ass!

D'CSV schaaft e Staat, an deem si selwer iwwerflësseg ass!

Beitragvon diamant am 18 Jul 2010, 13:54

Di aktiv Stierfhëllef stéisst fundamental géint den sakro-sankten kathoulesche Prinzip un, dee seet, dat keen sech d'Recht därf huelen, iwwert säi Liewen(senn) selwer ze bestëmmen.

De Mariage vun homosexuelle Koppelen stellt de gëttleche Prinzip vun „Als Mann und Frau schuf er sie...“ total op d'Kopp. Domat gëtt dach ënnert hire Fittichen, d'Enn vun der traditioneller Famill besigelt. Sou gëtt och di „helleg Famill“, d'Aushängeschëld vun de fromme Jonggesellen, zum Auslaafmodell degradéiert, a wierkt nach héchstens anachronistesch!

Sonndes ginn locker ëmmer méi oppen Geschäfter toleréiert. Gerad op den Dag vun hirem Gott!

Huet d'CSV iwwerhaapt nach e Gott? Oder huet se sech dem Robbespierre sengem „Culte de la Raison“ ugechloss? Endlech! Ass et net sou, dat deenen Reliéisen hei am Land e Bëschof feelt, deen den Toun ugëtt, andeems en, ë.a. di politesch kathoulesch Verantwortlech erëm op de Wert vum „C“ hiweist an di vatikanesch Leitlinien – un déi se moralesch gebonnen sinn - an Erënnerung rifft? Wann deen „C“ dann nach e Wäert un sech huet? Hat en deen jeemols? Ausser deem negativen vläicht, wou en d'Gesellschaft an zwee gedeelt huet: Op där enger Säit di Vatikantrei, an op där aner Säit, déi Leit, déi hiert eegent Liewen nach ëmmer wollten liewen an deem se säi Wee, iwwerzeegend an entschlossen, selwer bestëmmt hunn.

Vläicht sinn di CSV-Leit vun haut „erwuessen“ ginn, bauen hiert eegent Moralsysteem op, a virun allem, wëllen net méi vun aalen 'Gagaen' fern gesteiert ginn? Wëllen se ganz einfach, a mat Recht, dat selwegt fir sech an Usproch huelen, wat d'Wieler scho mi laang afuederen a kréien?

Sou gëtt an engëms en neie Bëschof dann och, fir d'Leit all am Land, total iwwerflësseg. Et ginn Anachronismen, wou kee méi sou richteg weess, firwat se iwwerhaapt jeemols konnten entstoen an sou laang iwwerlieft hunn.
Wer behauptet, das Höchste sei schon das Ganze?
diamant
 
Beiträge: 175
Registriert: 26 Jan 2007, 13:39

Re: D'CSV schaaft e Staat, an deem si selwer iwwerflësseg ass!

Beitragvon agnosti am 22 Jul 2010, 01:55

D'Fro, ob een an deene Froen do derfir oder dergéint ass , hängt net onbedéngt vun der Relioun of. Et gëtt bekannt Theologen, déi mat Homoehe an Euthanasie kee Problem hunn, déi et souguer theologesch begrënden, an et gët areliéis Leit, déi dermatt e Problem hunn. Et däerf een net pauschaliséieren. D'Kierch ass net un allem Schold, wat hei zu Lëtzebuerg majoritär geduecht gëtt a wat net. Ech sinn heinsdo erschreckt, wéi konservativ verschidde Leit denken, déi mol guer net reliéis sinn. Wuel gëtt et natierlech ganz kloer eng Tendenz, mee et däerf een trotzdem net generaliséieren.
An der Traditioun vum philosophesche Skeptizismus stoend, enthalen ech mech an der Fro vun der Existenz vu Gott.
agnosti
 
Beiträge: 200
Registriert: 15 Mär 2009, 13:00

Re: D'CSV schaaft e Staat, an deem si selwer iwwerflësseg ass!

Beitragvon Patrick am 22 Jul 2010, 12:56

Agnosti, ech mengen du bass scho laang genuch derbäi fir ze wëssen, dass mir hei d'Institutioun Kierch kritiséieren an net all eenzelnen Gleewegen. Dat wier souwisou eng Saach vun der Onméiglechkeet, well mir net all eenzelnen Gleewegen kennen. Mä genee esou, wéi ee soen kann, dass Greenpeace am Gronn geholl eng Ëmweltschutzorganisatioun ass, kann een och soen, dass d'Kierch eng schwulenfeindlech Institutioun ass. Well genau dat ass jo och hier offiziell Positioun dozou an alleng déi zielt.
"Any colour you like."
Benutzeravatar
Patrick
Site Admin
 
Beiträge: 616
Registriert: 07 Jan 2007, 20:27


Zurück zu Lëtzebuerg

Wer ist online?

Mitglieder in diesem Forum: Keine Mitglieder und 1 Gast