http://sc.tri-bit.com/John_Gabriel's_Greater_Internet_Fuckwad_Theory
Der Teufel im Vatikan - A you tube series
37 Beiträge • Seite 3 von 4 • 1, 2, 3, 4
Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube seriesWir beschließen etwas, stellen das dann in den Raum und warten ab, was passiert. Wenn es kein großes Geschrei gibt weil die meisten gar nicht begreifen was da beschlossen wurde, machen wir weiter, Schritt für Schritt, bis es kein Zurück mehr gibt. JCJ
Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube seriesDeem kann ech just nach dat heiten bäifügen:
![]() "Any colour you like."
Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube seriesEch géif trotzdem gär wëssen, wat da lo 2012 geschitt, a wéi ech mech muss uleën fir gerett ze ginn.
An der Traditioun vum philosophesche Skeptizismus stoend, enthalen ech mech an der Fro vun der Existenz vu Gott.
Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube seriesan nach en bessen finanzen ....
Der Chef der Vatikanbank kennt die Ursache der Finanzkrise Der "wahre Ursprung der Krise": die Menschen im Westen befolgen nicht die Lehren des Papstes und kriegen zu wenige Kinder Theorien über die Ursachen der Finanzkrise gibt es viele. Jetzt hat sich auch der Präsident der Vatibankbank IOR (Istituto per le Opere di Religione) eingeschaltet. Wie nicht anders zu erwarten, ist seine Erklärung aus der Perspektive der katholischen Religion zumindest als originell zu bewerten. http://www.heise.de/tp/r4/artikel/32/32042/1.html de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."
"Deception is a state of mind and the mind of the State" (James Jesus Angleton, Head of CIA Counter Intelligence )
Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube series
Hui, dat doten ass zwar herrlech. An och deen heiten Deel:
Gudd fonnt c23y78 "Any colour you like."
Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube seriesPatrick,
méi iwwert den Zesummenhang vun KK, Vatikanbank an Mafia fënns du am am David Yallop sengem Buch 'Im Namen Gottes? Der mysteriöse Tod des 33-Tage-Papstes Johannes Paul I. Tatsachen und Hintergründe.'
Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube seriesSchéin!
Op mannst stell der jo elo mol Froën. T'ass allt schon een Ufank... A w.e.g nët erféieren...och wann daat heiten ee ganz laangen Baitrag ass, muss een ët schon ganz liesen fir ze verstoën ëm waat ët hei geet.... Vu dass ët keng 0815 Äntwert gëtt (ahhhwwww....!) brauch ee schon e bëssen mi laang. Eng Tass Kaffi, ee Gedrenks an dann kënnt Der iech ët gemitterlech maan. T'huet ët an sech. Ignore at your own negligence. This is about you all... Ech muss jhust soën dass ech erstaunt sin dass keen hei Bescheed wees (comme d'habitude, vraiment)... Politesch sin se hei ni esu wakreg gewiescht ewéi doiwer oder an England. Waat interessant ass, ass dass d'USA politesch ëmmer vill méi aktiv an um Dill woaren an och ee vill méi ee grousst Bewosstsain do existéiert ewéi hei. Waat kee Kompliment ass. Daat woar schon virun iwer 20 Joër esou an t'huet sech nët vill dru geännert. Nach eemol esou verschloof wi d'aanert. Hannendran an da wonneren se sech dass se d'Welt nët verstin. Esou guer mat Internet nët. Erstaunlech.... Einfach miserabel schlecht informéiert an am Bësch. Vlaicht huet ët och domat ze din dass Lëtzebuerg ni wierklech am Krich woar (op jiddfer Fall nët di heiten Generatioun an och nët déi vum Manuel sengem Papp). Se sin ëmmer hei verschount dervunner bliwen an d'Journalisten hei woaren och sëlwer ni um Terrain 'dobaussen'... Deen Haiti Reportage vun RTL woar ee schlechten Witz. Penibel wann ee wees waat wierklech do lass woar. D'Lëtzebuerger kennen kee Krich - in Natura (an di eenzel 'Offizéier' di am "Gosovo" woaren kann een jo un der Hand oofzielen). Hei mengen se dann vlaicht se wären politesch 'bewosst' mee se hu keen Begrëff waat Krich wierklech heescht. An, ech kann iech ëppes soën daat verännert ganz vill. T'huet ee ganz groussen Effet op de Lait hier Psyche. Wou ech di 1. Kéier eriwer gaangen sin (Änn der 80er), woar de Vietnam nach ëmmer 'aktuell' a ganz stoark am Bewosstsain vun den Amis verankert. Di 2. Kéier woar tëschent 2000 an 2003. Een deen ë bëssen ëppes matkritt huet brauch keng Erläuterung waat déi Zait geschitt ass. Amerika huet sech ganz fatzeg nom 11/09/01 verännert. Waat en Europäer nët versteet (an, waat ech och probéiert hun, deelwais deem Journalist ze vermëttelen mat deem ech och laang riets haat), ass, dass Amerika immens vun der Relioun duerchwues ass... T'ass leider Gottes (!) eng ganz déif reliéis Natioun déi all méiglech Facetten vun reliéisen Iwerzeegungen vertrëtt an och praktizéiert. Daat kann ee bal nët verstoën wann een nët doiwer geliewt huet (d'brauch een op mannst zwee Joër vir eng Mentalitéit ze verstoën - besonnech bei engem sou ënnerschidlech geographesch lokal-spezifesch reliéis gefierwtem Land ewéi d'USA). Waat dann oft carrément verluer geet wann ët elo ëm d'Sprooch sëlwer geet, ass, dass vill Euro-Politiker zwar 'Englesch' "héieren" awer nët wierklech vertraut sin mat den Zwëschentéin - daat, waat tëschent den Zeilen gemengt ass waat awer engem, deen hier Sprooch nët wierklech an den Nuancen kennt (den Asselborn ass do leider ee Paradebeispill - siehe 'Auftritt' mit Hillary Clinton - schudder), nët versteet waat den Amerikaner zwar "seet" mee an aaneren Wierder wierklech mengt (dann sin zwee verschidden puer Schung). T'ass een vun de Knackpunkten am Mëssverständnis tëschent deem waat een Amerikaner wëll 'vermëttelen' an waat een Europäer wuertwiertlech hëllt an doduerch di zwee laanscht eneen schwätzen - keen versteet deen aaneren och wann se di sëlwecht 'Ausdrocksmëttel' (Sprooch) benotzen. Wann een Amerika wierklech kennt, da wees een dass am Süden d'Baptisten an den 'bible belt' eng enorm Präsenz hun - nët nëmmen bei den einfachen Lait (vill vun hinnen 'Farmers' sin Evangelisten oder born again), mee och an der Politik, mee ganz besonnech bei der schwoarzer Populatioun - hier Massen si legendär an deem se sangen a richteg 'in Fahrt' kommen - an d'muss een se eng Kéier sëlwer mat erliewt hun vir ze verstoën waat'reng "power" an deenen Massen oofgeet. T'ass absolut nët mat Europa ze verglaichen. T'ass ganz lieweg. Flott an awer och segregatioun vun de Schwoarzen géigeniwer deenen di nët schwoarz sin - déi gin toleréiert mee nët akzeptéiert. Rassismus am ëmgekéierten Stil - an, besonnech géint Lénkser... Utah, a besonnech Salt Lake City ass d'Härzstaad vun den Mormonen wou d'Vielehe ëmmer nach an Sekten ganz liewëg ass an praktizéiert gëtt. D'Mormonen sin eng vun den ganz groussen Reliounsbewegungen an den USA an hun eng vun den gréissten Genealogiesdatenbanken an hierem Keller vum Haaptsëtz zu Salt Lake City. Dann gëtt ët d'Amish am mëttleren Westen - déi, déi elo schon gring sin an ni op d'Elektrizitéit oder Autoën ëmgeklommen sin. Se liewen nach genee esou ewéi am 18. Jorhonnert an hier Relioun verbidd ët de Fortschrëtt mat ze maachen Den Norden vun den USA woar ëmmer méi eng Mëschung tëschent den Baptisten an den Evangelisten (déi een och Bible Belt fënnt a virun allem op der Tele) a Chrëschten. Born again Christians gin ët iwerall an den USA. Mee, an daat ass de Punkt firwaat 2012 esu eng grouss Roll spillt bei enger vun den gréissten Natiounen, an, ouni Diksussioun eng vun de politesch stärksten Spiller um globalen Niveau. All di verschidden Orientatiounen vun deenen di chrëschtlech orthodox (born again) Christians an d'Evangelisten (à la Pat Robertson) a virun allem di konsertativ "radio talk show hosts" (ewéi Rush Limbaugh, asw) esou eng Macht op d'politescht Geschehen an den USA hun, spillen do eng grouss Roll an deem Scenario. D'Mormonen sin eng vun den raichsten Kierchen an Glaawensvertriedungen an den USA. Genau ewéi d'Evangelisten an Judden (ech froë mech wierklech firwaat déi mat kéngem Wuert hei ernimmt gin ass bis elo ausser vu ménger klenger Persoun oofgesin opwuel déi nach méi Pouvoir hun ewéi d'chrëschtlech Orientatioun). An daat waat all di reliéis Glaawensvertrieder (Judden, Chrëschten, Evangelisten, Mormonen, orthodox Judden an born again Christians) ugeet a mateneen verbënnt - iwert di verschidden Ausléungen eraus - ass d'Bibel. Sprëchwiertlech. D'Creationists, a wi s'all heeschen. D'Moslems sin do nëmmen 'soi-disant' à part wëll déi genau esou op hier reliéis Ausléung pochen ewéi di aaner Glaawensgruppen. D'Kosovar Albaner sin do ganz schlëmm - di hun virun Fraën glaat a guer keen Respekt an zécken nët se ze bedrohen (ech hun daat sëlwer hei an der Stad gesin - mee di solle jo hei ouni weideres kënnen vum Staat matgedroën gin - egaal op d'Lëtzebuergerinnen dann ëm hier Sëcherheet musse färten an esu Tippen se regelrechtem PsychoTerror aussetzen.) Di Fraën di an Daitschland an England enger Zwangsehe ënnerworf gin, vun hieren eegenen Bridder, Verwandten an och Männer verbrannt an ëmbruecht gin, gin hei mat kengem Wuert ernimmt- daat ass jo ass egal - 'mier si Lenks' on s'enfout royalement au moins que c'est dans le sense de la liberté de la réligion! Shame on you! Op d'Kierch klappen awer d'Krimen vun den Moslems géigeniwer hieren eegen Diechter a Fraën ignoréieren ass Opportunismus puer! À propos Patrick - fucktard ass Amerikanesch. Richteg heescht ët fuckwit. You twit! Chicago an Los Angeles woaren di gréissten réimech-kathoulesch Kongregatiounen déi opgeflu sin wéinst den pädophilen Skandalen (an Daitschland sin d'Jesuiten ëmmer nach, an ëmmer méi ënner Beschoss duerch hier 'Abweichungen') - um glaiche Niveau ewéi hei an Irland. A viller Hisiicht gëtt 2012 och vun den Evangelisten geholl fir d'Ukënnegung vun engem neien 'Messias' ze verbreeden (new World Religion) - an Konjunktioun mat der Apocalypse (op déi den Dooms Sayers Cult/Movement regelrecht drop woarden - an sech a gewësser Hisiicht doduerch drécken Verantwortung fir hier eegen kréiert Problemer z'iwerhuelen - waat su muenches erklärt dass d'Amerikaner z.B. ënnert dem Bush an de Krich géint den Irak gezu sin - daat woar och ganz stoark vum reliéisen 'born again' "W" Bush als Virwand geholl gin - niewent den Neo-Cons hierem "Project for a New American Century - kurz 'PNAC'). De Krich an deem Kontext haat ganz vill mat dem Irak senger ursprünglecher Roll an der Bibel ze din (die "Wiege der Menschheit" und aller Kulturen) an di ganz aal Kulturgéigenstänn ze klauen (de Muséee woar een vun den 1. Plaatsen zu Bagdhad déi ausgeraubt goufen an wou di Stécker ni méi opgetaucht sin). Mee do woaren der vill op deem heitem Forum nach am Lyçée oder soss an enger Schoul an haaten nach manner Ahnung ewéi elo. Di ganz Verstréckungen waat den Amerikaner hier Politik mat der Relioun ugeet, sin fir Aussenstehende nët 'sichtbar' (a scho guer nët verständlech) - eben wëll kee wierklechen Begrëff vun der Relioun hierer Plaats am Bewosstsain vun den Amerikaner bei den Euro-Politiker besteht. A leider ass daat ee ganz kruzialen Faktor fir iwerhaapt kënnen ze begraifen virwaat den Obama weltwait als 'Messias' gefeiert gin ass, als 'Retter' vun ...... (fill in the blanks). Dee ganzen Medienspektakel huet een direkten Bezuch op d'Bibel - the new messiah - the reincarnation of Christ, the 2nd coming of Christ "the saviour"...! Ee Beispill ass de Film "I am Legend" wou den Will Smith um Cover vum TIme Magazine als 'stand-in' fir den Obama steet- vu dass de Film 2007 eraus komm ass an an deem Film een déidlechen Virus - vum Labo an der WHO verbreed - 5,6 Billiounen Mënschen futti mecht an den Will Smith als soi-disant eenzeg Iwerliewenden d'Welt rett. Vun de Scanneren geet an deem FIlm och scho riets - daat ass elo nëmmen ee Beispill. T'gëtt der eng ganz Rei méi, mee daat géif de Rahmen vun der Diskussioun sprengen. 2012 - den Katastrophenfilm deen eréischt viru kuerzem d'lëscht Joër an de Kinoën gelaaf ass, ass eng defintiv Uspillung op 'the Revelation' vun der Bibel an déer d'Änn vun der Welt prophezeit gëtt. Dass daat an den USA wiertlech geholl gëtt kann een hei zwar 'belächelen' mee waan een sech virun Aën hällt dass déi Lait zu Hollywood an de FIlmstudioën di FIlmer ganz bewosst erausbréngen (daat ass jo wou ët esou verdréint gëtt), an déi Lait op eng ganz bestëmmten Art a Weis d'Massen drop virbereeden (ouni elo ze laachen), dann misst een esou lues ufänken, di FIlmer mat ganz aaneren Aën 'ze kucken' mee virun allem aaneschtes z'interprétéieren. Daat heiten ass een exzellenten Doku deen d'Apokalyptiker besser 'erklärt' ewéi all Buch oder meng Explikatiounen: The Doomsday Code http://www.informationclearinghouse.inf ... e15044.htm An Europa hun se absolut kee Schimmer dovunner (den Joy Hoffmann ass een 'Möchtegern Insider' dee keng Ahnung huet ausser sech wëllen am Fernseh ze gesin an sech domm schwätzen ze héieren), waat Hollywood wierklech ass... All di sougenanntne sci-fi FIlmer sin Undaitungen op daat waat 'um Plang' steet an, schon existéiert. Mee do muss een deenen Lait hier Mentalitéit kennen a wëssen mat weem se zesummen schaffen. Den Vatikan spillt eng ganz zentral Roll an déër Saach wëll se mat drun verdingen d'Massen derzou ze verféieren daat fir boër Mënz ze huelen waat an der Bibel steht. Mat esou enger 'Masschinerie' ewéi Hollywood brauch een keng Massen méi ze haalen - de Kino ass 'den Priedeger' an huet de Paaf an der Kierch ersaat. Waat elo nach derbai kënnt ass dass di 'nët' reliéis Lait a Massen sech un den Maya hierer Prophezeiung 'orientéieren' fir op genau daat sëlwecht ze 'woarden' ewéi d'Apokalyptiker ("Erléisung" vun den Laaschten an dem Joch) - wëll heechen: Dass d'Menschheet 'gerett' gëtt vun hierem Misère an hierer Ohnmacht, an dass ët een "Bewosstsainshiewen" (a change of consciousness & awareness) wärt gin bei deem déi Lait déi sech nët méi bewosst gi sin an nët un sech geschafft hun, zréck gelooss gin - di gring Bewegung ass do ee ganz zentralen Kärpunkt an déer 'change of consciousness' Bewegung an ee gudd Beispill vun déer 'Ideologie'. Daat geet mat der ganzer 'spiritueller' Bewegung (new age movement, the green movement "tree huggers' religion") à la Dalai Lama an aaner Halunken anenaaner iwer a gëtt geholl fir d'Leit grad esou ze diskriminéieren ewéi d'Fraën vun de Männer ëmmer nach ewéi Dreck behandelt gin a verschidden Deeler vun der Welt - waat jo och op Relioun baséiert ass. Och déi, déi vun deenen Lait als nët 'kosher' an hierer Orientatioun gesi gin (ewéi Zwitter, hallef Fralëtt, hallëf Männer oder weder daat eent nach daat aanert - déi sech nët kënnen entscheeden wou se dann elo 'laien', oder carrément Hermaphroditen) gin och vun esou Lait als 'unrein' bezeechent. Natiirlech géif een, deen elo lenks ass, daat iwerhaapt nët erkennen wëll ët verschidden Barrièren fir déi Leit gëtt d'sëlwecht mat "esou" Lait ze schwätzen ass ewéi déi di se als normal gesin (de Pat Robertson ass do jo nach gudd an Erënnerung, gedu Patrick?). T'ging mech nët wonneren dass d'Kierch hier anti-homosexuell/lesbesch Astellung nach méi wärt verstärken ewéi ët elo schon de Fall ass. D'Ausgrenzung hëllt menger Meenung no nach zou, nët oof. Hei kréien se zwar naischt mat dervunner, mee daat wëll nët heeschen dass de Problem nët do ass an sech wärt waider verdéiwen. Daat aanert waat ee ganz groussen Fakteur wärt spillen ass, vu dass Lëtzebuerg keng Eegenbestëmmung mi huet an se voll mat der NATO wëllen matmaachen, bzw., mat derbai gezu gin, ass dass mat der aktueller politescher Situatioun de Krich ëmmer mi no wärt un d'Grenzen vun dem 'Euro-Nukleus' (D, F, Benelux) wärt eru kommen. Europa steet mat zwee Been voll an enger enorm präkärer Situatioun an politesch sin se esou mat den USA verstréckt dass ët mech nët geng wonneren wann déi di hei esou déck Witzelecher gemaach hun, e beemol sëlwer nach eng Kéier un d'Front gescheckt géife gin - nët wëll se 'wëllen' mee wëll se ënnert der daitscher Führung (siehe Westerwelle) an de Krich musse goën. Daat schéngt esou 'wait ewëg' mee d'Zaiten hun sech ganz gewalteg geännert. An mech géng naischt wonneren. Och wann se hei aus alle Wolléken géife faalen. Daat hun s'elo vun hierem blöden Lisboa Traité. Mech géif ët wierklech nët wonneren, wëll ech di ganz Situatioun vun engem vill méi globalen ass ewéi purement Euro- geschweige denn Lëtzebuerg beschränkter Vue aus gesin. An, ët gesait guer nët gudd aus. D'Fundamenter vum Euro(Disney)ländle sin am gaangen ënnert den Féiss vun de Lait ewëg ze briechen. Och wann ët der hei gëtt déi an hierem Elfenbeinturm festsetzen. Déi ganz "Bewegungen" (egal op 'gring' oder méi Fraiheet, asw., asv.) hun nët déi 'Zukunft' wéi sech hei erwoart gëtt wëll déi di d'Fiedem zéien ganz aaner Pläng hun (den drinkingwithbob ass do wees Gott méi am Bild ewéi hei bei deenen déi sech iwert d'Kierch opreegen wou d'Kierch hinnen an allem viraus a virun allem och iwerléën ass - an hierer Duerchdriwenheet, an hierer Kalkulatioun a Manipulatioun vun deenen déi mengen se kéinten géint se ukommen wann se iech alleguerten scho laang beim Schlawittchen huet an ët wierklech méi wichteg Themen gëtt ass ewéi sech mat hier unzeléën - an daat jo och nëmmen wëll der lénks sidd - soss wär daat alles guer nët esou wichteg - do kann ech nëmmen soën: ech si frou dass ech nët gay oder lesbian sin. Ech hu mat engem musste liewen zu London deen sech nët konnt décidéieren, an zu West Hollywood an London laafen se iwerall dorueter a féieren sech schlëmmer op wi Fraleit virun hierem Zyklus mee se pennen sech duerch d'Nightclubs. Da brauch een sech nët ze wonneren dass esou grouss Sänger ewéi den Freddy Mercury un AIDS gestuerwen sin - waat wierklech ee Verloscht woar. Méi ewéi den Miachel Jackson jemols wärt sin - deen ass esou verduerwen gin vu sengem Papp dass ën ni méi normal gin ass. Dass deen ee vollt Opfer vun mind-control wor hun se hei och nët verstaanen mee da kritt en wéinsten een Androck waat Hollywood mat Lait mecht. Ët spillt glaat a guer keng Roll op een elo dorunner "gleewt" oder nët - de Punkt ass, dass déi Lait um Pouvoir sin an um Hiewel sëtzen an d'Geschécker vun der grousser Mass beaflossen a géréieren. Am Ablack sin d'Ecocrazies schon am gaangen Buedem ze verléieren (den Kapp vun der IPCC huet missten sain Hutt huelen wëll en einfach nët daat geliewt huet waat en gepriedegt huet an di ganz Klimadebatt fängt un ëmmer méi Lait den Androck ze vermëttelen dass ët Gréngespoun ouni vill Subtanz ass. Jiddfereen deen ë bëssen ëppes am Kapp huet wees dass di ganz Klimaspektakelen matt den Hoër erbaigezun ass an dass HAARP an d'Chemtrails méi zu den Wierderverännerungen baidroën ass ewéi CO2 Emissiounen alleguer zesummen. Jiddfer hallëweg weegs éierbaren Journalist wees daat. Och deen mat deem ech geschwaat hun. Den Nico Graf vun RTL huët ët och schon ugesschwaat. An daat ass wierklech nach een vun déër aaler Gard - en anstännegen Journalist den déi Bezeechnung nach verdingt. Dee ganze Gringespuk huet héchstens nach e puer Joër an dann ass daat och eriwer (waat éischter waat besser). An hoffentlech hällt ët nët domadden op. Di ganz totalitär Mesuren vun den Ecocrazies, Banker, an aanereen Machtmënschen ewéi Juncker, Merkel, Sarkozy, Brown asw. fänken och un ëmmer méi an d'wackelen ze kommen an d'kann een nëmmen hoffen dass iergendwellëch aaner Machthungrige vill éischter exposéiert gin - den Obama ("Messias") ass jo ee gudd Beispill dofier. Mee bis 2012 wärten déi Lait alles an hierer Macht stoënd maachen fir di grouss onwëssend Massen mat sech eroof ze zéien an mat ënnergoën ze loossen. Hei hun se natierlech nët matkritt dass d'Zentralbanker sech d'lëscht Woch an Australien getraff hun fir di néchst 'Mesuren' ze huelen fir d'Weltfinanzkriis ze "géréieren" - waat daat heescht brauch een deen ëppes vu Finanzen versteet, nët gemoolt ze kréien. D'Weltwährung steet virun der Dier. Laider sin Lait di sech jhust mat Bicher beschäftegen (oder Realitätsverleugner) a mengen daat wier dat eenzegt waat een iwerliewensfäheg mecht, zimlech op veluerenem Posten. Europa geet d'Baach eroof - t'huet keng Zukunft an nach manner mat Jonken di nët wëllen kucken an éischter Witzer driwer maachen ass ewéi emol endlech de Kapp tëschent d'Oueren ze huelen an sech unzestrengen déi Informatiounen ze liesen di wierklech prägnant fir d'Zukunft wärte sin - ëm Gottes Wëllen nët di offiziell Sourcen 'usichen' ...! - d'Kierch ass do wierklech nëmmen Niewesaach. Déi maachen souwisou daat iwert d'Käpp vun de Lait op elo Lenkser vu Sokrates domat averstaanen sin oder nët kann deenen fuerzegal sin - déi hun ët nët néideg. (Ech Gott sei Dank och nët... Ech hun et schon eng Kéier mat gemaach an ech hu mech mat Zaiten aus dem Stëpps gemaach. Daat woar 2003. Jhust nodeem den Irak-Krich ausgebrach ass. Your prison is all around you even if you "think" you are 'free'. You'll be slaves to your gov't, eternally in debt. De Film 'Metropolis' ass ee gudden Hiweis dorobber waat di industrialiséiert Natiounen erwoart... Genetesch Manipulatiounen gin der Massenbevölkerung de Rëscht, d'Microchips (am Numm vun der 'Gesondheet') tracéiert iech alleguerten ewéi verlueren Hënn an der wärt nët mi kënnen tëschent Hybrids (Deels/Deels mënschlech an fabrizéiert Entitéiten) ënnerscheeden können. Di mënschlech Roboteren hun a Japan jo lo schon Héichkonjunktur. Di Generatioun vun elo ass schon méi kontrolléiert wéi ech jemols woar wou ech opgewues sin. D'Jugend vun haut kennt kéng wierklech Fraiheet méi - an, do ditt der mer wierklech leed. Fléien huet deemols nach Spaass gemaach an ët woar wierklech nach een Abenteuer. Haut kann een nët méi an ee Flieger klammen ouni sech mussen bis an di kléngst Ecker vun sengem Kierper eraliichten ze loossen. Ech wéilt nët an deenen Jonken hierer Plaats sin. Déi gin nach jhust fir een Aapel an ee Steck Brout schaffen (wann se dann emol iwerhaapt eng Plaats kréien) an dann hun se zwar hieren 'Sozialismus' mee t'ass nët deck domadden. Da kënnen se deenen Gringen merci soën wëll déi daat alles voll mat gedroën hun - jiddfereen soll t'sëlwecht verdingen, hë? Wi heescht di MickyMAus - d'Sprieceherin vun den jonken Gringen - daat muss emol op den Teppëch vun den Tatsaachen zréck kommen. T'ass keng gudd Representantin wann een ëm nolauschtert - di 'Fuerderungen' di hatt stellt waat Arbechtssituatioun ugeet sin ee Witz wann een sech ganz Europa ukuckt. Weltfriem. Ech gin Europa 5 Joër max an dann ass Schluss mit lustig. Welcome to reality - high speed definition. It won't be no more. Over and out. An, Lëtzebuerg gëtt erëm eng Kolonnie. Am éischten nach Daitsch (ënnert daitscher 'Führung' mat ë bëssen 'Nohëllef' vum Juncker an dem Claudi Tauchbrëll - dee reest wëll jo wëll och esou vill an Daitschland). And I do not like the Krauts (vun 'Sauerkraut' - wéi se vun den Englänner genannt gin). Brrghh.... Gartenzwerg Mentalitéit: "Bei uns zuhaus!" Thanks, but no thanks. Wann ech an ärer Plaats wier géif ech mech ustrengen mech wierklech schlau ze maan an d'Kierch faalen ze loossen. Déi ännert Der nët. Daat Eenzegt waat der könnt änneren ass är Astellung derzou an iech do z'informéieren wou ët wierklech ziëlt. Knowledge is Power. True knowledge opens the doors and gives you what you need to create a better future for yourselves. Good luck. You'll need it.
Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube seriesech riskéieren zwar elo eng op de Kapp ze kréien, mee ech hun lo nach emmer net matkritt waat dann elo konkret 2012 geschidd, ausser dass die Mächtech hier Muecht nach méi ausnotzen wellen... Mee... daat maan se dach schon éiwech an kréien et dach och schon säit Éiwechkeeten ennerstallt. Waat ass dann elo su besonnech un 2012?
Ech hun virun Joeren emol eng Säit fonnt, déi behaapt huet dass de Putin den Antichrist wär an dass d'Welt 2007, spéitstens awer 2008 an engem Krich ennergeet. Daat ganzt war schéin mat Stärebiller an lauter Onwessenschaftlechem Bulli versinn... Huet alles Sënn gemach wann een u Märecher an Verschwörungstheorien Spaß huet... An lo? Et ass 2010 an mär liewen awer nach all... 2012 ass och nemmen en Datum ewéi all die aner och... Ech fir mäin Deel wärt den 1.Januar 2013, wéi all Joer mech vun der Silvesterparty erhuelen an mer een oofgrinsen well d'Maya sech geiirt hun... Daat eenzech waat sech änneren wärt ass mein Alter... Opallefall, dass die Räich a Mächtech un der Vermehrung vun hierer Muecht a Räichtum interesséiert sin an daat op Käschten vun deenen Armen an Schwachen machen, rappt mech net vum Hocker... Daat wees dach jiddereen. Dofier brauch ech keng Offenbahrung an engem Internetforum... An och wann esou vill Amerikaner, ewéi an deem doomsday code do ugeschwaat, dru gleewen dass gläich d'Änn vun der welt etc kennt... Et gin nach emmer genuch gescheit Leit, déi dee Blödsinn net oofkaafen... Mee... WISOU 2012???????? Iwwrechens: lo wéini ass op n-tv (oder n24) eng reportage gelaaf iwwert d'biblesch Apokalypse, do ass spekuléiert gin deen Johannes hätt mam "Beast" de Kaiser Nero gemengt deen Chreschten verfollecht huet an d'geschicht vun der Apokalypse war eng schéin (ausgeduechten) Geschicht vir virum Nero sengen Gefooren ze warnen... Nuecht... (Ajo: De Mayakalenner hällt nemmen um 21.12.2012 op well hinnen de Pabeier ausgangen ass...)
Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube seriesMannes,
du schéiss an all Richtungen an deels no villen Saiten aus (vir un allem un déi Lenks an déi Lénk - gays and socialists, as they say in America! Merci fir deng Opklärung iwwert déi verschidden reliös Sekten an Amerika! Wat fir eng déif Analys! Ech muss nët an den 'States' gewunnt hun fir ze wëssen, dass d'Amerikaner um nemmlechten reliösen Niveau stin wéi d'Taliban am Afghanistan. That's not news! Mech geng et immens interesséierën wats du mat dem villen Wëssen and dem Duerchbleck, déns du hues, ënnerhells, fir dass d'Welt 2012 nët ënnergeet, respektiv fir d'Menschheet virun denen villen beisen Politiker an aaneren Leaderën ze retten! What's your plan, dude? A wann Europa a 5 Joër d'Baach erof geet, wouhin flüchtest du dann?
Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube series
T'geet hei nët ëm daat waat ech gleewen, jhust waat als 'Mëttel zum Zweck' benotzt gëtt fir d'Leit ze manipuléieren - eh ben oui, quoi de neuf? Wourëms hei geet ass, dass wann een sech d'weltpolitesch Situatioun virun Aën hällt (all di aal Strukturen briechen ausernaaner - besonnech déi vum 'établéierten' Sozial Modell) an een wees wien d'Fiedëm zitt, mierkt een schon dass hei di ganz Duerchdriwen probéieren daat ze retten & esou vill wi méiglech op Käschten vun den klengen Leit (ewi's Du an ech). D'extremistesch Virwänn (egal op ët den Zionismus, den Islam oder awer déi duerchgeknallten Amerikaner mat hierer korrupter Verdréinung vun 'Chrëschtentum' sin), faalen leider alleguerten ënnert d'Marge vum reliéisen 'Viirrecht' (à cause de leur réligion). D'Situatioun huet sech jo sait deem ech hei fir d'lëscht geschriwen haat, zimlech verschlechtert (rasant ass vlaicht ee méi passenden 'Ausdrock'). Egal op daat der Mossad (dem israeleschen Geheimdëngscht) hier Exekutioun vun engem Hamas Féierenden mat Europäische Päss woar, der Hollännescher Regierung hier Démissioun wéinst dem Afghan-Pak Krich Asaatz, d'Griechenland Eskalatioun (an den 'PIGS' Länner, Portugal, Spuenien & Italien), an ët ëmmer méi Arbechtsloser iwerall weltwait gëtt - waats De vlaicht an Denger "Spaass un der Freed & nët weider nodenken: Alles Paletti! Niwel" nët mat kritt hues), wees ech genuch aus menger vergaangener Liewenserfahrung & Observatiounen, dass ët bis 2013 nët 'besser' wärt gin, mee dass mer nët mi wait vun engem 3. WK stin. Vlaicht bass De an Denger 'Spaass-Mentalitéit' nach nët esou wait komm fir matzekréien dass d'Nato voll matmëscht an deenen ganze Konflikter am MO. D'Zeechen stin op Stuerm. T'ass ewéi den Einstein gesoot huet: Den 3. WK gëtt mat Nuklearwaffen gefouert an de 4. WK mat Steng. An, wanns De méngs dass Europa 'sëcher' virun déër Eskalatioun wier dann hues De schon ë bëssen ze vill oft a vlaicht och ze déif an d'Glaas gekuckt (ouni der lo hei wëllen z'ënnerstellen dass D'en Akoholiker bass, jhust een dee gären een ze oft iwert den Duuscht drénkt vu dass daat Déng Iddi vun "Spass haben" ze si schéngt - à chacun sa propre manière de détruire sa santé! Alors: À ta "santé"!). Wanns De nach nët matkritt hues dass di verkorksten reliéis Iwerzeegungen ee ganz groussen Deel vun der Weltpolitk ausmaachen; dann, wéi ët esu schéin heescht: Du nix verstanden! Du nur verstanden Bahnhof! D'politesch Fiedëm gin virun allem vun reliéis Extremisten vun aller Orientatioun an den Hänn gehaalen déi hier reliéis "Urechter" mat hieren politeschen 'Strategien' verknäppen. An, an deem Kontext kritt den 31.12.2012 eng aaner Dimensioun. Ech wees nët wi aals De bass, mee Du héiers Dech jonk un (20er, nët mi aal wi 30). An, t'schéngts mer, ass ewéi wanns De nët géngs kënnen begraifen dass di Situatioun nët esu liicht vun der Schëller ze rëselen ass wéis Du Der daat ausmools oder virstells... Ech hun schon virdrun gesoot, dass een, deen ni an enger Krichssituatioun woar, absolut keng Appréciatioun fir d'Ausmoos vun der Gefoor iwerhaapt kënnen anzeschätzen, huet. A vu dass De éischter domadder 'beschäftegst' bass, "Spaass" ze hun (wéi ëmmer méi Béierlaichen daat iwert de Weekend beweisen, besonnech bei den Jonken - d'gëtt och Komasaufen genannt) bass De bestëmmt dee lëschten deen wärt matkréien wann se schon virun der Dier stin (metaphoresch gesin) an der mam Gewier am Gesiicht ronderëm fuchtelen. Een dee besoff ass, ass oft enorm verlangsamt an sénger Opfaassungsfähegkeet Saachen a Situatiounen richteg kënnen anzeschätzen. Waats De mi oft drenks waats De Dai Gehier ëmmer méi zersetz...
Natiirlech. Mee dorëms geet ët jo nët... Iwerlies nach eng Kéier waat ech Der fir d'éischt geäntwert hun. D'Lëtzebuerger sin schrecklech verwinnt - esou bequem gin dass se absolut kee Bezuch méi zu enger realer Bedrohung hun & se nët wierklech oder richteg kënnen aschätzen. Hei gëtt alles banaliséiert bis zum Vergasen - doranner sin d'Lëtzebuerger Weltmeeschter & daat geet esou wait dass keen vun der 'Spassgesellschaft' mat kritt dass Lëtzebuerg eng vun den héichsten Selbstmordraten an Europa huet - daat sin di 'Aaner'! Ech drenken nach een!). Se wëssen nët méi wéi ët zu engem Krich kënnt oder wéi daat iwerhaapt ausgesait. Oder d'Zeechen (d'Virzeechen) kënnen interprétéieren. Daat Eenzegt waat se hei färdeg brengen ass den 2. WK all Joërs (wi's Du sou schéin sees) ëmmer nees héichzewiergen, mee keen méi ënnert den Jonken ass déi daat un hierer eegener Haut mat erliewt hun. T'ass jo esou wait eweg, t'ka mer egaal sin! Den Obama ass och als 'AntiChrist' verjaut gin - genau ewéi den Benedict (de Nazi Poopst). T'gëtt och Lait déi méngen ët wier d'Vereenten Natiounen - anything goes - wéi se soën. Déi 'Projektiounen' sin hei niewesächlech - am Verglach dozou ass den Nuklear Krich vill mi réëll an méi no wéi's De daat méngs. Ech sin dee lëschten deen géif behaapten dass den 31.12.2012 d'Welt ënnergeet. Mee ech sin awer och nët een deen géif d'Gefoor vun engem 3. WK ënnerschätzen. Daat Ganzt gesait guer nët gudd aus. Mech géif ët nët iwerraschen wann et tëschent elo an Änn 2012 derzou géng kommen. Daat ass virwaat d'Zaitspann (2010-2013) wichteg ass. Nët wéinst de Maya oder den 'Apokalyptiker'.
Di wierklech Krichsstëppeler brauchen keng Maya fir hier Zieler ze verfollëgen (ewéi d'Hamas Exécutioun esu gudd beweist oder woars De do och am Gelli?). Di wierklech Erausfuerderung ass de Fait dass daat ëmmer méi offensichtlech, ëmmer mi éklatant & virun allem militaristesch gëtt bis Europa bis iwert d'Ouëren voll mat dran hängt. Ops De dann nach wierklech esou 'selbstverständlech' feiers....ben...ech géif nët meng Hand dofier an d'Feier léën. Mer sin elo jhust virun Änn Februar an wann ët esu viru geet (drenk nach een! Op mech! Du brauchs jo nët su laang ze woarden, eh?), an waat voll derno ausgesait - hues De naischt méi ze feiren. Ausser Deng Elteren si sténkraich & kënnen Der den Alkohol an Deng perséinlech Party 'spendéieren'. Een deen ze vill feiert an nët genuch an der Wierklechkeet liewt ass schlecht präparéiert. Ech wiederhuelen: d'Lëtzebuerger sin esou verwinnt dass se alles fir "selbstverständlech" huelen an déi sin, di herno "béis iwerrascht gin". Ënnerdreckung vun knallhoarden Tatsaachen (t'gëtt jo gären hei alles ënnert den Tëppech gekiert - da brauche mer de Realitéit nët an d'Aën ze kucken & mer kënmnen nach ë bëssen méi 'feieren'!).
Héchstens de Béier, heh? D'sin ëmmer déi di alles esou iwerdriwen 'relax' gesin di dann vum Hocker faalen wanns'am mannsten domadder rechnen. Ët ging mech wonneren dass wanns De bis mat der Realitéit konfrontéiert bass, dass De dann ëmmer nach sou noléisseg ("spaassméisseg") driwer schnabbels. Daat dootent Geschwätz hun ech schon 100 mol héieren, an déi di ëmmer alles 'oofgestridden' hun (siehe Jesuiten, Sex Skandaler an der Kierch & d'Eskalatioun do) sin déi di herno versichen mat aller Force zréckrudderen wëll se sech sëlwer total iwerschätzt hun. Du héiers Dech un ewéi d'Politiker di drobber insistéieren dass eng 'Reprise' stattfënnt (genau ewéi den Juncker deen den Culot haat, ze behaapten Griechenland wier an géif nët bankrott goën).
Nu ja, dain 'Blödsinn' ass jo hei zimlech offensichtlech: "Nix geschnallt aber ich bin superschlau, eh? Trinke mer noch einen! Spass muss sein!"
Daat woar bestëmmt eng 'Spiegel' Reportage. Daat sin Massenverblödungsverbreeder a wanns De Der esu ëppes eranzitts wonnert ët mech nët dass De 'nix kapierst, aber alles weisst!' Dann hues De wierklech besser ee Patt huelen ze goën an eng richteg an zerguttsert Diskussion ze hun mat engem dee vlaicht méi ee groussen Spektrum huet ass ewéi deen Schrott deen déi als 'Suppositioun/Informatioun' oder 'Opklärung' "ubidden".
Du bass dach schon voll am Schloofwandelen, da brauchs De kéngem eng 'gudd Nuecht' ze wënschen. Dech kritt naischt esou schnell waakrëg gerëselt. Daat kënnt dervun wann een "immer nur Spass haben will". Schlaf weiter...
37 Beiträge • Seite 3 von 4 • 1, 2, 3, 4
Wer ist online?Mitglieder in diesem Forum: Keine Mitglieder und 1 Gast |
||||||||||||||