Schweinepriester der RKK

Re: Schweinepriester der RKK

Beitragvon alpha am 26 Jul 2010, 15:42

Aus dem 2.Focus Artikel zum Thema: (http://www.focus.de/panorama/welt/amela ... 32640.html)

Bei den bis zu acht mutmaßlichen Tätern soll es sich nach Angaben der Zeitung um mehrere Kinder und Jugendliche im Alter von 13 bis 16 Jahren handeln.


Hei ass d'Situation also zimlech aneschters ewéi an der Kierch! Kanner gouffen hei vun Kanner messbraucht an net vun hieren Betréier! Daat ännert näischt un der Schrecklechkeet vun der Saach mee kann awer och net benotzt gin fir der Kierch eng netschellechung ze gin à la "daat machen se alleguerten!"

Die Ermittler schlössen nicht aus, dass sich Betreuer der unterlassenen Hilfeleistung schuldig gemacht haben. Ihnen lägen Aussagen vor, wonach sich Kinder noch vor Ort hilfesuchend an Betreuer gewandt haben, diese aber nicht einschritten.


Wann d'Ermettlungen zu dem Schluss ommen dass daat stemmt, dann sin des Leit ze bestrofen mee vun Vertuschen kann een net schwätzen.

Néierens an desem schrecklechen Fall gett et en Unzeechen dass di responsabel vum Osnabrücker Turnveräin probéiert hun di ganz Virfäll ze vertuschen. Alleng schon d'Zäit wou daat ganzt virgefall ass schwätzt dergéint.
Bei dem Feriencamp handelte es sich nach Darstellung des Stadtsportbundes Osnabrück um eine Ferienfreizeit, an der 170 Jungen und Mädchen zwischen 8 und 16 Jahren von Ende Juni bis Anfang Juli in Buren auf Ameland teilgenommen hatten.

Am 9. Juli hätten die Eltern eines 13-jährigen Opfers Strafanzeige erstattet.



Wann ech allerdings en dokument firgeluet kréien wou den Vorsitzender vum Veräin genau uweisungen gett wéi een mat M;essbrauchsfäll emze goen huet an an desem Schreftsteck erklärt wéi een daat intern regele soll ouni eng Polizei an ze schalten, dann lossen ech de Verglach mat der Kierch zou.


Op an aneren Veräiner esou Fäll vertuscht gouffen wees ech net. Ech haalen et duerchaus fir méiglech mee ouni konkret Beweiser géiff ech net esou stark doriwwer teinen. En plus entschellecht et d'Kierch net, och wann all Veräin esou e Fall ze bekloen hätt. An Fakt ass och dass d'Kierch d'Vertuschung vun der héichster Instanz aus praktizéiert an organiséiert huet. Si ass de Kinnek ennert de Vertuscher, et ass vläit daat waat hier di grouss Medienopmierksamkeet beschert.
alpha
 
Beiträge: 24
Registriert: 10 Feb 2010, 03:38

Re: Schweinepriester der RKK

Beitragvon agnosti am 02 Aug 2010, 14:00

An der Traditioun vum philosophesche Skeptizismus stoend, enthalen ech mech an der Fro vun der Existenz vu Gott.
agnosti
 
Beiträge: 201
Registriert: 15 Mär 2009, 13:00

Re: Schweinepriester der RKK

Beitragvon diamant am 29 Aug 2010, 15:08

Firwat d'Zëlibat vun de Bëschief, a méi héich rop, "gelieft" soll ginn - an dann nëmmen vun deenen -, déi mi kleng, packen déi sech da guer net? An engem Palais kritt een och net sou vill vum Liewen dobaussen, vun der Realitéit, mat. Dat bréngt manner Stress mat sech; an awer, dach guer keng Garantie. Sech mystesch kastréieren loossen, wat beweist dat schon? Ween hätt di Magouille vun engem Kardinol Danneels an sengem Bëschof och nëmmen geduecht? Déi ass weenistens bekannt ginn! http://www.bild.de/BILD/news/telegramm/ ... 85000.html

D'Zëlibats Diskussioun ass just eng Makulatur. Dat ännert um kranke Systeem guer näischt! D'Kierch befënnt sech am fräie Fall - mat oder ouni Paschtouer! Bestuet ginn d'Paschtéier vläicht méi glécklech? Méi ausgeglach? Am Eescht? Hire Gott eleng gëtt hinnen also net "alles"? An dat, och nach sou no bei der Quell! Wat fir e Quatsch priedegen se de Leit dann? Net ëmsoss ass hire Jesus aus senger Männergesellschaft mat nëmmen 33 Joer gaangen... Dee wor schon sou fréi um Enn ukomm! Op deem (s)eng Fra gehollef hätt? Säin eegene Papp wor dat mol net amstand. An dee wor net gerad dee Geréngsten!

D'Fra ass net de Probleem! Mee, si hunn e Probleem mat der Fra! An dat, well se e sexuelle Knax hunn. An e gewaltegen!
Wer behauptet, das Höchste sei schon das Ganze?
diamant
 
Beiträge: 175
Registriert: 26 Jan 2007, 13:39

Re: Schweinepriester der RKK

Beitragvon agnosti am 02 Sep 2010, 12:35

An Däitschland huet di däitsch Bëschofskonferenz lo Neel mat Käpp gemaach. All Fall, wou en Affer sech fir e Gespréich un ee Vertrieder vun der Kierch wendt, MUSS un d'Staatsanwaltschaft weider gereecht ginn. Et sierf dann d'Affer, wëllt dat ausdrécklech op kee Fall. Mee an deem Fall gëlt, datt d'Affer dem Bëschof eng Lettre de motivation muss zoukomme loossen, wou et erkläert, firwat et dat net wëllt.
cf. Titelstory vum Wort vu gëschter
An der Traditioun vum philosophesche Skeptizismus stoend, enthalen ech mech an der Fro vun der Existenz vu Gott.
agnosti
 
Beiträge: 201
Registriert: 15 Mär 2009, 13:00

Re: Schweinepriester der RKK

Beitragvon diamant am 02 Sep 2010, 16:43

Schlëmm genug, dat de Veräin, dee gär ënner dem Logo "Hüter der Moral " leeft, sou verkomm as, an sech an deem Domän selwer Richtlinien muss ginn, fir d'Staang ze halen an d'Kanner ze schützen. Wat heescht do: "Neel mat Käpp"? Säktréier gehéieren virun e weltlecht Geriicht an d'Viktimen entschiedegt. Net méi wéi normal!
Wer behauptet, das Höchste sei schon das Ganze?
diamant
 
Beiträge: 175
Registriert: 26 Jan 2007, 13:39

Re: Schweinepriester der RKK

Beitragvon agnosti am 07 Sep 2010, 13:05

Bon, et schengt mer eng Tatsaach ze sinn, datt eng Rei Leit léiwer mat engem Vertrieder vun där Kierch selwer schwätzen, wéi einfach sou bei d'Police ze goen. An da muss d'Kierch alt dat bescht draus maachen, nee? Wat soll se anescht maache wéi soen, "Da komm ech lauschteren der no, mee mer mellen di Saach och, ok?" Soll se soen "Concernéiert eis net, géi bei d'Police?"
An der Traditioun vum philosophesche Skeptizismus stoend, enthalen ech mech an der Fro vun der Existenz vu Gott.
agnosti
 
Beiträge: 201
Registriert: 15 Mär 2009, 13:00

Re: Schweinepriester der RKK

Beitragvon agnosti am 08 Sep 2010, 15:02

Ganz sachlech folgend Feststellung vum Hubertus Lutterbach (Prof. fir Kulturgeschicht zu Essen):
"Das Mühen um den Schutz der Kinder vor sexuellen Übergriffen ist rückblickend als eine der grossen humanisierenden Leistungen des Christentums zu bewerten. Der gesellschaftliche Konsens darüber, dass Kindern gegenüber grundsätzlich keine sexuelle Gewalt angewendet werden darf, wurzelt in den Anfängen des Christentums. Insofern wirkt sich der Glaubwürdigkeitsverlust für das Christentum umso gravierender aus, wenn Christen oder sogar engste Mitarbeiter der Kirche diese Tradition missachten."
An der Traditioun vum philosophesche Skeptizismus stoend, enthalen ech mech an der Fro vun der Existenz vu Gott.
agnosti
 
Beiträge: 201
Registriert: 15 Mär 2009, 13:00

Vorherige

ZurĂĽck zu Reliounskritik

Wer ist online?

Mitglieder in diesem Forum: Google [Bot] und 2 Gäste

cron