Der Teufel im Vatikan - A you tube series

Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube series

Beitragvon Mannes am 01 Feb 2010, 21:31

agnosti hat geschrieben:Mannes, ech denken net, datt et un dir ass, mÀi Glawen oder Net-Glawen ze jugéieren. Souwisou: U Gott gleewen oder net huet prinzipiell nÀischt mat Kierch verteidegen oder net ze dinn.

Neen, Du hues De Recht. Mee, 'gleewen' ass nët daat sëlwecht ewi Wëssen.

Gleewen ass en intellektuellen Prozess, een deen zevill am Kapp an nët genuch aus dem Bauch eraus kënnt.

Wierklecht Wëssen ass nët 'ugeléiert' oder "studéiert". An deem Sënn verstin ech 'Wëssen' éischter mat aus Liewenserfahrung gewonnener Weisheet an Einsichten - nët 'Usiichten'! - ass ewéi mat ze vill Bicher liesen an alles nëmmen iwert de Kapp ze 'kÀppéieren'. Daat ass ee vun den gréissten Problemer mat deenen sech déi sougenannten "weder hie noch da" - weder "'Fisch noch Fleisch' GlÀubige" - 'Agnostiker', schwéierdin.

T'sin der vill di mengen ët géif keen Liewen noom Doud, eng Séil ass non-existent also geet alles ënnert de Buedem wann ee bis oofgekraatst ass.

Fertig aus.

An, il ne faut pas m'accuser: Du hues laider eng komesch Oart & Wais fir ze maachen wi wann's De nët fir d'Kierch wiers.
Ech sinn effektiv der Meenung, datt et Grënn fir de Gottesglawen a Grënn géint de Gottesglawen gët, an duerfir bezeechnen ech mech als Agnostiker. Wat elo d'Kierch ugeet, sou ass mer net dru geleeën, si ze verteidegen, ech si just un enger seriöser historescher Duerstellung intresséiert.

Ech sin deen Ă©ischten dee seet dass GlaawensbedĂŒrfnis e ganz primĂ€r mĂ«nschlechen Besoin ass. An daat huet absolut glaat a guer naischt mat 'ChrĂ«schtentum', Islam oder Judaismus ze din - Buddhismus ass kĂ©ng richteg Relioun och wann daat esou a villen westleche KĂ€pp sech festgesaat huet.

T'gëtt och Lait déi Ecologie als hier Relioun gesin.

"Gott" ass virun allem eng kaukasesch 'Iddi'. T'ass een mentalen Prozess deen aus engem zudĂ©ifst emotionalen BedĂŒrfnis erauskĂ«nnt fir ee Grond ze hun moies opzestoĂ«n (emol Ă« bĂ«ssen lapidar ausgedreckt).
Wat mech un denge Postings e bĂ«sse stĂ©iert, dat ass e gewĂ«ssene missionareschen Äifer, deen s de hei un den Dag lees. Ech sinn net frou mat Proselytismus - weder vu kierchlecher SĂ€it, nach vu pafefrĂ«sserescher SĂ€it. Doriwwer eraus hunn ech och leidern et Ă«mmer d'ZĂ€it, deng eenorm laang Postings ze liesen...

Ech hu mech kuerz gehaal haut. Lies Der emol deng eegen Äntwert nach eng KĂ©ier hei un. An dann all di FroĂ«n di's de gestallt hues wou Ă«t jo nĂ«t grad vun Äntwerten 'gereent' huet.

Vlaicht ass ët da besser guer keng Froë méi hei ze stellen an Dech doudzeliesen anstatt méng BaitrÀg wou ech jo nët nëmmen fir Dech schraiwen och wanns Du daat nët gesais!

Wanns ët Der nët gefÀllt dass emol eng Kéier een sech Zait hëllt fir Der richteg ze Àntwerten da looss ët stoën a géi an di néchst Bibliothéik.

Vlaicht wÀrst De nach besser drun wann's De an ee KarthÀuser Klouschter géngs fir e puer Joër goën.

Do dÀrfs De nÀmlech nët schwÀtzen. Oder op Interet Forumen Froën stellen di kee Mënsch Loscht huet Der ze beÀntwerten wëlls De frech gëss wann een sech d'Méi mëcht an nët esu Àntwert wi's Du daat gÀren hÀss.

An engem Klouschter kanns De waider un Denge Bicher knaĂ«n bis der d'ZĂ€nn ausfaalen. An da fĂ«nns De vlaicht jo och eng Äntwert op Deng FroĂ«n ouni deenen aaneren op de Wecker ze goĂ«n.

Daat huet een dervun wann een engem probĂ©iert eng Äntwert ze gin. DĂ€r ass naischt schĂ©in genuch gemoolt.

Sou ëppes nennt eng "Prinzessin auf der Erbse".

An DU kanns ët jo nët hun wann een Der seet dass villes nët esou roseg ass an déi Lait vlaicht nët esu 'proper' sin di's Du als "seriö Historiker" bezeechens. Huel Dech emol eng Kéier bei dénger eegener Nues, weder FischnochFleisch, head-in-the-clouds 'agnosti the arrogant'.
Mannes
 
BeitrÀge: 41
Registriert: 16 Dez 2009, 17:17

Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube series

Beitragvon agnosti am 02 Feb 2010, 10:58

De Virworf, datt een als Agnostiker feig ass, well een sech net entscheedt, een also weder Fisch-noch-Fleisch ass, gehéiert jo zu zum Standardrepertoire souwuel vun den Theisten wéi och vun den Atheisten. Ech kann domadder liewen. Ech fannen den Agnostizismus alles anescht ewéi feig. Déi meescht Philosophen, déi ech kennen, bezeechnen sech als Agnostiker. Den Agnostizismus huet jo eng ural Traditioun, well en huet jo gewësse Wuerzelen am philosophesche Skeptizismus. Ech bewonneren ëmmer déi Leit, déi mengen, d'Wourecht erkannt ze hunn. Wann een sech bësse mat neien Erkenntnisser vun der Hirnforschung, an entspriechende philosophesche Richtungen (Konstruktivismus, mee och schonn de Kant) befaasst, da gëtt een do e bësse méi bescheiden.
An der Traditioun vum philosophesche Skeptizismus stoend, enthalen ech mech an der Fro vun der Existenz vu Gott.
agnosti
 
BeitrÀge: 200
Registriert: 15 MĂ€r 2009, 13:00

Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube series

Beitragvon Mannes am 02 Feb 2010, 22:21

agnosti hat geschrieben:De Virworf, datt een als Agnostiker feig ass, well een sech net entscheedt, een also weder Fisch-noch-Fleisch ass, gehéiert jo zu zum Standardrepertoire souwuel vun den Theisten wéi och vun den Atheisten. Ech kann domadder liewen. Ech fannen den Agnostizismus alles anescht ewéi feig. Déi meescht Philosophen, déi ech kennen, bezeechnen sech als Agnostiker. Den Agnostizismus huet jo eng ural Traditioun, well en huet jo gewësse Wuerzelen am philosophesche Skeptizismus.

Ah Agnosti!

Ech hun Dech nët als feig bezeechent! Lee mer keng Wierder an de Mond di ech Der nët un de Kapp gehait hun!

Ech haat schon di richteg Nues bei Dier - eben wëlls De sou onsëcher bass, spréngs De fir Kléngegkeeten aus der Këscht! Philosophen beandrocken mech scho laang nët méi - déi hu meeschtens de Kapp wéi wëll se nët genuch an der Wierklechkeet liewen a Problemer do sichen gin wou keng sin a wou se mat hieren Gedankenkopplabunzer d'Saachen onnéideg schwiereg maachen an verkomplizéieren.

Di Lait gi mer méi op de Sou ass ewi ee Paaf dee nët derfir kann dass ën ët nët besser wees ass ewéi daat waat e vu kléngem un eragetrichtert kritt huet - dat nennt een ënnert aanerem och "GehierwÀsch" (waat all Reliounen mateenen verbënnt a firwaat ech esu dergéint sin). Indoktrinéiert bis een nët méi daat erkennen kann, waat 'nët' esou "gefierwt" ass.

D'Politik ass do direkt hannendrun. Mat deenen Methoden kann een all méiglech Sekten grënnen - Chreschtentum ass och eng Sekt. T'heescht jo nët fir naischt: Dommt d'Schoof!

D'Welt huet 'wees Gott!' genuch Problemer ouni den 'Philosophen' hier heiansdo totaal weltfriem Interpretatiounen di soss naischt sin ass ewéi den Ausdrock vun hierem:

"Nix schnallen - aber alles besser wissen wollen" Approche - déi spléken nach den Tëppelchen um "i" nëmmen fir sech sëlwer eng Daseinsberechtigung ze gin an hier oft iwerflësseg Thesen un de Mann, bzw., d'Fra ze brengen. Wann déi de Mond opmaan da freet een sech heiansdo op bei deenen nët ëppes 'verluer' gaangen ass... wéi z.B., eng Schrauw.

Ët gĂ«tt ee wonnerbaart englescht SprĂ«chwuert daat de Nool op de Kapp trĂ«fft:

There is brilliance in simplicity.

An zu Dénger Info:

Ech sin weder een 'Agnostiker' nach een Atheist - stell Der mol fier t'gëtt och nach ëppes dertëschent - oder - oh Schreck! ëppes driwer! :o waat awer a kéng 'Spart' passt an duerfir och keng Bezeechnung an iergendenger 'Sprooch' huet di am intellektuellen Sënn ze verstoën wier - do géngs Du Kappwéi kréien méi Jong! 8-)

T'wier emol vlaicht kéng schlecht Iddi wanns De fier 6 Méint an den australeschen Outback (a looss ëm Gottes Wëllen Déng Bicher doheem!) géifs goën oder am Amazonas géifs 'praktesch Anthroplogie' bedraiwen (noom Déngem Virbild Hesemann). An Der kanns De Der emol ee Bild maachen waat Kolonialismus am Numm vun der Kierch mat Lait mëcht déi naischt domadden um Hut un.

DÀr fehlt nawëll méi ewéi eng gesond Portioun Realismus... Ech hu jo gesoot: Hans guck in die Luft. Keng Buedemhaftung.

Ech bewonneren ëmmer déi Leit, déi mengen, d'Wourecht erkannt ze hunn. Wann een sech bësse mat neien Erkenntnisser vun der Hirnforschung, an entspriechende philosophesche Richtungen (Konstruktivismus, mee och schonn de Kant) befaasst, da gëtt een do e bësse méi bescheiden.

Ech soen ët jo - Du lies ze vill Bicher an hues nët genuch réell Liewenserfahrung.

Klamm emol aus Denger Stëbsbudd an hannert Déngen Bicher erfier. Géi emol eng Kéier ganz alleng esu wait ewi méiglech vun Dengem vertrauten Terrain op Entdeckungsrees - do léiers De méi wi all iwerflëssegt Buch waat Dech jhust nach méi duerchenaaner mecht an Dech ëmmer méi an engem Prisong vum Geescht - ouni den hëllegen Geescht dofier ze gesin! - asperrt bis De nët mi wees wou hannen a fir ass. Oder uewen an ënnen.

Liew! Klamm aus Dengem Kapp eraus!

Haal op esu vill Bicher an Dech eranzestiechen dass de schons den Pabéierwuerm hues.

T'gëtt Erfahrungen di kann een nët 'léieren' oder studéieren - di muss een erliewen fir waiderzekommen. Du trëppels op der Plaats.

Di indigÚne Völker wësse méi iwert d'Verbindungen zu deem waas Du 'Gott' nenns ass ewéi all di 'so yesterday' Philosophen déi ni méi wait ewéi hier d'Zëmmerdier komm sin. Oder hier Bibliothéik an hier Kummer. Bai deenen ass daat einfach natierlech - ouni vill Larifari oder Gedeesëms - t'ass intégréiert an hierer Art a Wais ze liewen - the cycle of life & death & becoming once more.

Duerfir sin se vun der Kierch ausgerott gin. Se hun d'Naturvölker nĂ«t 'verstaanen' an se verdaiwelt - an se wĂ€rten esu laang waider maachen bis daat ursprĂŒnglecht an d'wierklecht WĂ«ssen ganz vun den Aborigines, den Yanomami, den mongoleschen an tibetischen Schamanen di eng ganz natiirlech Beziehung zum Doud hun ouni direkt flapseg ze gin, den wierklechen Heeler, ganz verluer gaangen ass a d'Welt sech mat esu Monsteren ewĂ©i dem Nazi Benedict an sengem Gefolge muss ooffannen a mengen daat wĂ€ren di eenzeg dĂ©i wĂ«ssen waat 'Glaawen' ass.

Maach emol Déng Aën op an da lies - zuer Oofwiesslung emol Bicher - iwert den tibetaneschen Buddhismus - oder das 'Tibetanische Totenbuch'. Ee ganzt wonnerbart d'Buch daat Dech och geng zum Staunen brengen ass "Autobiografie eines Yogi" vum Paramahansa Yogananda. Daat ass deen Eenzeg bekannten 'Fall' wou den Kierper nach 6 Méint no sengem Doud nët 'verfall' ass.

Den Dalai Lama ass keng relĂ©is AuthoritĂ©it. Ë gĂ«tt vun den Tibeter sĂ«lwer nĂ«t unerkannt.Och wann se daat hei am Westen mĂ©ngen - wĂ«ll en sech zu Hollywood an Washington D.C. vu jiddferĂ©ngem ronderĂ«m reechen lĂ©isst fir SuĂ«n ze sammelen. Deen ass grad esou eng 'spirituell Houer' (richteg gelies!) ewĂ©i den Benedict duerch an duerch bĂ©is ass.

Benedict est qun de méchant! Deem steet den Daiwel an d'Gesiit geschriwen!

D'Tibeter wësse méi iwert den Doudesprozess wéi all di blöd Philosophen déi sech an d'Box maachen wann se nëmmen drun denken oder ët probéieren lÀcherlech ze maachen wëll s'ët nët 'verstin'. T'ass zevill 'abstrakt' fir Westler. An se hun Angscht dorvunner mee se kënnen ët sech fir d'Frécken nët agestoën.

Doud kann een nët 'verstoën' - iwert de Kapp!!! T'ass keen 'intellektuellen' Prozess a steet am totalen Widersproch zu der Erfahrung.

De Prozess ass fir jidfereen aanescht an ët huet glaat a guer naischt mat 'Glaawen' oder Relioun ze din. Daat ass de gréissten MëssverstÀndnis deen ët bei der okzidentaler Gedankenstruktur gëtt.

T'sin oft di ganz einfach Lait - nët edukéiert, nët studéiert, a scho guer nët iwerlaascht mat zevill intellektuellem Schrott, di friddlech an och a Rou stierwen a kënnen lassloossen.

Dovunner kënnen Philosophen, Agnostiker a soss déer sougenannten 'Besserwësser' nëmmen dreemen.
Mannes
 
BeitrÀge: 41
Registriert: 16 Dez 2009, 17:17

Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube series

Beitragvon agnosti am 05 Feb 2010, 22:23

Mannes hat geschrieben:... wëlls De sou onsëcher bass ... do géngs Du Kappwéi kréien méi Jong! ... DÀr fehlt nawëll méi ewéi eng gesond Portioun Realismus ... Hans guck in die Luft... Keng Buedemhaftung ... T'wier emol vlaicht kéng schlecht Iddi wanns De fier 6 Méint an den australeschen Outback (a looss ëm Gottes Wëllen Déng Bicher doheem!) géifs goën ... Ech soen ët jo - Du lies ze vill Bicher an hues nët genuch réell Liewenserfahrung ... Klamm emol aus Denger Stëbsbudd an hannert Déngen Bicher erfier ... Du trëppels op der Plaats ... Maach emol Déng Aën op an da lies - zuer Oofwiesslung emol Bicher - iwert den tibetaneschen Buddhismus - oder das 'Tibetanische Totenbuch'... Ee ganzt wonnerbart d'Buch daat Dech och geng zum Staunen brengen ...

LĂ©iwe Mannes, ech wees net ween s du bass, mee ech si wierklech erstaunt, wĂ©i gutt datt s du mech angeblech kenns, a wĂ©i gutt datt s de wees, wat gutt fir mech wir a wat net. Anescht wĂ©i s de suggerĂ©iers, sprangen ech absolut net aus der KĂ«scht, ech schmunzele villmĂ©i, an ech froe mech wierklech, wat dech legitimĂ©iert an undreift, all dĂ©i Saachen do vun der ze ginn a mer se un de Kapp ze geheien. VĂŒ datt s du mech net kenns, ginn ech dervunn aus, datt alles reng Projektioune sinn an huelen et net persĂ©inlech. Hal awer trotzdem w.e.gl. op mat deenen Beleidegungen, dozou hues de nĂ€mlech kee Recht, an ausserdem ass et ee Kommunikatiounsstil, deen eigentlech bis elo hei op sokrates.lu net ĂŒblech war.
An der Traditioun vum philosophesche Skeptizismus stoend, enthalen ech mech an der Fro vun der Existenz vu Gott.
agnosti
 
BeitrÀge: 200
Registriert: 15 MĂ€r 2009, 13:00

Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube series

Beitragvon Mannes am 06 Feb 2010, 13:37

Du a schmunzelen...? :D

Ech mengen Du hues e Lineal verschluckt.... :shock:

Du hues keng wierklech Äntwerten op daat wat ech geschriwen hun an dann ass Ă«t mi einfach ze soĂ«n ech gĂ©ng Dech beleidegen ass ewĂ©i vlaicht emol eng KĂ©ier Dech sĂ«lwer eraus ze fuerderen mĂ©i wait ze kucken ass ewĂ©i jhust d'Kierch', Roum an een agetricherten P.d.V deen op Spekulatiounen basĂ©iert ouni dass De de Sujet wierklech kenns a scho guer guer nĂ«t verstees.

Du hÀlls Deng Hand jo iwert d'Kierch, nach méi ewéi deen Hesemann an verteidegs se ass ewi wann Dai Liewen geng dovunner oofhÀnken...

Vum Stierwen an dem Doudesprozess hues De kee Wuert ernimmt. D'PhiloĂ«n hu kĂ©ng Äntwerten drop, do muss ee schon aus Europa eraus, ewĂ«g vun der linearen Gedankenstruktur an probĂ©ieren unzefĂ€nken lateral ze denken.

Mee Du "schmunzels" jo iwert esou 'Virschléi' à la : "Ech hun daat nët néideg! Pah! Blödsinn!"

Ignoranz steet kengem, mee nach vill manner wann se nët kënnen zougin dass se am Fehler sin an eben naischt iwert een vun den wichtegsten Prozesser vun hierer Existenz wëssen oder verstinn a nët bereet sin z'akzeptéieren datt et Völker gëtt, déi daaten doten Wëssen schon Jordausenden hun an praktizéieren an nët ewi d'Kierch eréischt knapps iwert 2000 Joër déi ëmmer nach nët wëssen wierklech op eng konstruktiv Art a Wais domadden ëmzegoën.

Besserwisser verschlucken sech ëmmer un hieren eegenen Virstellungen.

Am Ënnerscheed vun der kathoulescher Kierch, (di Ă«mmer mĂ©i an de Verruf kĂ«nnt wĂ«ll se Lait Ă«mmer nach sexuell mĂ«ssbraucht) di keng wierklech Beweiser kĂ«nnen erfirbrengen waat wierklech passĂ©iert wann een bis gestuerwen ass, (oder an Ă©ngem Koma) ass dem Paramahansa Yogananda sain NĂ«t-Verfall dokumentaresch festgeluegt gin.

An t'ass bai weitem nët den eenzegen. Indien ass an déer Hinsicht der westlecher Doktrin meilenweit viraus.

Asien haat ëmmer ee vill mi déiwt Wëssen a VerstÀndnis ass ewi d'Kierch sech daat jemols kéint erhoffen. Hei stiechen se nach an de Kannerschung waat wierklech spirituellt Wëssen ugeet. T'gëtt villes kopéiert ouni di wierklech Signifikanz ze begraifen.

Den Ënnerscheed tĂ«schent der dogmatescher Indoktrinatioun vun all Formen vun Glaawen (an, Ă«t gĂ«tt weltwait Sekten vun aller Ausriichtung ewi Sand um Mier), ass dass SpiritualitĂ©it nĂ«t daat sĂ«lwcht ewi 'reliĂ©is sin', ass.

Daat ass ëppes waat vill Kierchenbefirworter nët an hiere Kapp kréien. Se mengen wann se reliéis wieren, dass se dann 'Zougang' zuer 'Essenz' hun waats Du 'Gott' nenns.

Ech brauch keen dee mer iergendëppes 'ausleet' oder 'erklÀrt' oder mengt 'daat ass di richteg Art & Weis ze gleewen' (what bullshit!) oder waat 'Gott' soll sin. Complete & utter nonsense.

Reliéis oder gleeweg sin ass nët daat sëlwecht ewi spirituell sin. Mee wann een iwert esu Ausléeungen nëmmen ka 'schmunzelen' (waat ech Der iwregens nët oofkaafen, dofier bass De e bëssen zevill verstëppst an Denger Astellung) ass daat méi een Zeechen dass De iwerhaapt nët verstaanen hues vu waat ech hei geschwaat hun. T'geet einfach iwert den Horizont vun deem waas Du kenns.

Oder d'Kierch an hier Paafen.
Mannes
 
BeitrÀge: 41
Registriert: 16 Dez 2009, 17:17

Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube series

Beitragvon agnosti am 07 Feb 2010, 02:47

LĂ©iwe Mannes, Du hues ganz recht, wann s de sees, datt ech op deng Argumenter net richteg aginn. Dat lĂ€it zum Deel drunn, datt s de enorm vill Theme mateneen opwerfs, an ech einfach net dĂ©i nĂ©ideg ZĂ€it hunn, op alles elo anzegoen. Et lĂ€it awer och drunn, datt ech mech vun dir an en Eck gedrĂ©ckt fillen, an deen ech net gehĂ©ieren. Et trĂ«fft absolut net zou, datt ech d'Kierch gĂ©if verteidege wĂ©i wa mĂ€i Liewen dovunner gĂ©if ofhĂ€nken. Au contraire: Et gĂ«tt kaum eng Institutioun, dĂ©i ech mĂ©i kritisĂ©ieren wĂ©i d'Kierch. Ech froe mech also, wĂ©i s de zu dĂ€r Conclusioun kanns kommen. Sou Ënnerstellunge motivĂ©iere mech jiddefalls leider net derzou, serieux op deng Thesen anzegoen, obwuel ech mer vill mĂ©i Gedanken iwert all dĂ©i Saache maachen wĂ©i s de et wĂ«lls wouerhunn.
Sorry, mee den Toun mécht eben emol d'Musék!
An der Traditioun vum philosophesche Skeptizismus stoend, enthalen ech mech an der Fro vun der Existenz vu Gott.
agnosti
 
BeitrÀge: 200
Registriert: 15 MĂ€r 2009, 13:00

Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube series

Beitragvon Patrick am 07 Feb 2010, 15:04

Ech sinn Ă«mmer nees erstaunt, wĂ©i verschidde Leit vun e puer ForenbĂ€itreeg direkt ob dĂ©i ganz Persoun kenne schlĂ©issen. Ech gĂ©if den Mannes och bieden un sengem Ëmgangstoun ze schaffen, dat ass dĂ©i lescht Warnung. Merci.
"Any colour you like."
Benutzeravatar
Patrick
Site Admin
 
BeitrÀge: 616
Registriert: 07 Jan 2007, 20:27

Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube series

Beitragvon agnosti am 07 Feb 2010, 15:33

Merci!
An der Traditioun vum philosophesche Skeptizismus stoend, enthalen ech mech an der Fro vun der Existenz vu Gott.
agnosti
 
BeitrÀge: 200
Registriert: 15 MĂ€r 2009, 13:00

Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube series

Beitragvon Mannes am 07 Feb 2010, 18:03

agnosti hat geschrieben:Léiwe Mannes, Du hues ganz recht, wann s de sees, datt ech op deng Argumenter net richteg aginn. Dat lÀit zum Deel drunn, datt s de enorm vill Theme mateneen opwerfs, an ech einfach net déi néideg ZÀit hunn, op alles elo anzegoen. Et lÀit awer och drunn, datt ech mech vun dir an en Eck gedréckt fillen, an deen ech net gehéieren.

Sorry dude....Du bass leider nët op di Art a Weis eriwerkomm. Vun Ufank un nët.

Au contraire: Et gëtt kaum eng Institutioun, déi ech méi kritiséieren wéi d'Kierch. Ech froe mech also, wéi s de zu dÀr Conclusioun kanns kommen.

Siehe oben. Deng ganz Kommentairen woaren mĂ©i am Beraich vun: D'KIerch huet d'Äntwerten - anstatt vlait iwerhaapt emol een Effort ze maachen op iwerhaapt Ă«ppes z'Ă€ntwerten.

Qui ne dit rien consent - n'est-ce pas?

Sou Ënnerstellunge motivĂ©iere mech jiddefalls leider net derzou, serieux op deng Thesen anzegoen,

Watr'Ă©ng 'Ënnerstellung'? Du hues jo awer och glaat a guer naischt Ă«nnerholl fir de GĂ©igendeel ze beweisen - do kann ech nĂ«mme soĂ«n: sĂ«lwer schold!

"Wëlls De 'kéng Zait' hues"? Oder wier et nët mi einfach gewiescht, einfach zouzegin dass De vlaicht iwerfuerdert bass?

Doduerch ass nach kéngem een Zacken aus der Kroun gebrach... Image is everything, heh?

obwuel ech mer vill méi Gedanken iwert all déi Saache maachen wéi s de et wëlls wouerhunn.

Ech wees daat. Soss hÀtt ech Dech scho laang oofgeschriwen. Ech hun ni gesoot dass De domm bass. Oder iwerflÀchlech. Jhust an Dénger Këscht gefaangen - die Quadratur des Kreises, wéi ët esu schéin heescht....

Sorry, mee den Toun mécht eben emol d'Musék!

Also w.e.g.! Huel Dech bei Denger eegener Nues, agnosti... Sou wi's Du mier geĂ€ntwert hues - bass D'eriwer komm ass ewi wann ech keng Ahnung hĂ€tt an wĂ©i wann's De mech wĂ©ils als Blödmann dohinnerstellen. Iwerhiewlech an arrogant. A virun allem ‘besserwisserisch‘!

Sou wĂ©i een an de Bösch rifft sou schaalt eraus, gedu? D'muss een sech Ă«mmer fir t'Ă©ischt sĂ«lwer hĂ©ieren Ă©iert een engem aaneren Ă«ppes gĂ€ren gĂ©if 'unhĂ€nken' fir sech sĂ«lwer d'HĂ€nn 'proper' ze wĂ€schen an ‘schĂ©in‘ do ze stoĂ«n.

An dann esu Sourcen ugin ewĂ©i den Hesemann - als 'seriöen‘ Historiker – dee Mann ass dach e vollen ‘BefĂŒrworter‘ vun der kathoulescher Kierch.

An daat soll DĂ©in Argument sin dass Du ee Kritiker vun der Kierch bass? Daat ass jo dann awer am vollen Widersproch zu DĂ©nger ‘Astellung‘. Sou Ă«ppes nennt een nĂ«t 'Kritik‘, sou Ă«ppes nennt een "daat guttheeschen" waat d’Kierch gemaach huet an esou guer dofier ‘plĂ€dĂ©ieren‘ dass deen Hesemann soll "respektĂ©iert" gin waan een genau wees dass di topeg UFO Thesen nĂ«mmen sollen derzou baidroĂ«n d’Lait op eng nei Weltrelioun 'anzestellen' (ze programmĂ©ieren) an ze prĂ€parĂ©ieren. Mee do muss een Ă« bĂ«ssen mi wait kucken ass ewi jhust DĂ©in Hesemann an seng UFOligisten.

Deen aalen Nazi Ratzinger ass jo och ee 'Fan' & BefĂŒrworter fir no Aliens ze sichen.... Virwaat mengs De dass den 'Hesemann' esu liicht Zougang zum Poopst huĂ«t? Do muss een Ă« bĂ«ssen mi wait ass ewi jhust iwert den Tellerrand kucken fir ze wĂ«ssen waat do dohannert ass.

Du muss hei emol vlaicht eng KĂ©ier ophaalen Dir sĂ«lwer (an aaneren Leit, di nach Ă«mmer nĂ«t verstin Ă«m waat hei wierklech geet) Ă«ppes vir ze maachen waat nĂ«t ass! Besonnech Dech dohinner ze stellen wie wann’s Du “die Unschuld in Person“ wiers... Daat kaafen ech Der nĂ«t oof – och wann aanerer drop erafaalen wĂ«ll se nach mi jonk sin an di Approche nĂ«t duerchkucken ( - gelldu Patrick?). Mier hu scho ganz aaner Leit probĂ©iert een unzedrĂ©inen an Ă«ppes vir ze maan – ouni SuccĂšs.

Ech duerchkucken dĂ©i SelbstbetrĂŒger grad esou wi dĂ©i di mengen se kĂ©inten di aaner verar***en. Dass ech dann nĂ«t grad zimperlech mat deenen Leit Ă«msprangen, huet schon ee ganz bestĂ«mmten Zweck:

1. di Leit mat hierem eegenen Blödsinn mol de Spigel virun d'Nues ze haalen an vlaicht esou guer zum Nodenken ze bréngen
2. aaner Leit drop opmierksaam ze maachen dass se nët alles sollen fir boër Mënz huelen waat iergendeng 'soi-disant' "Autoritéit" "als Wouërrecht" vun sech gëtt.

Dass daat nët agréabel ass, oder, 'bequem' ass mer schon bewosst, mee op manst bewegt ët ëppes. A vu dass di meescht Leit esu zougemauert sin mat allem méiglechen Schrott, brauch ët heiansdo eben eng aaner Approche ass ewi mat "Glacés HÀndchen" a ronderëm GedÀnsels op Zéiwespëtzen.

Ët geet hei mĂ©i ewi soss Ă«ppes Ă«m OpklĂ€rung an och enger Warnung (gell, Patrick?) dovrunner waat dĂ©i am Vatikan mat de Leit wierklech virhun. Dovunner hun di meescht nĂ€mlech absolut keng Ahnung.

An, agnosti du bass een perfekten Kandidat fir op di Masch eranzefaalen ouni dass D'ët emol géifs matkréien, geschweige denn, géngs d'Ausmoos vun deem Betrug verstoën.

Wien warnt hei wien, Patrick? Mengs De nĂ«t du akusĂ©iers dee falschen hei? Ët geet nĂ«t Ă«m mech - ech hun Der daat schon eng KĂ©ier gesot. Ët geet virun allem Ă«m Ă€r Generatioun! Dass der wĂ«sst waat kĂ«nnt, a nĂ«t eng mam Hummer iwert de Kapp kritt - iech könnt adequat prĂ€parĂ©ieren an wĂ«ssen wouhier de Wand blĂ©ist anstatt an di nĂ©chst Faal ze rennen! Patrick, Patrick, Patrick.... Daat do ass nĂ«t daat wat Dier an Denger Generatioun hĂ«lleft wierklech gudd können mat deenen nĂ©chsten Erausfuerderungen Ă«mzegoĂ«n - an di wĂ€rten mat Secherheet nĂ«t esou 'easy peasy' sin wi Dier iech daat ausmoolt...

D'Relioun spillt do eng ganz wesentlech Roll.

T'gëtt ganz fatzeg an waat mer mi no un 2012 erukommen, waat dem Vatikan an hirem Klippchen hier Tentakelen ëmmer mi krass wÀrten an d'Bewusstsein probéieren vun de Massen eranzedrÀngen an sech déi ze fÀnken di keng Ahnung vun deenen hierer Agenda hun... Daat huet naischt mat 'Gleewen' ze din, t'ass ë wëssen ëm deenen miserablen Tippen hier PlÀng a wéi se probéieren d'Ignoranz vun den Onwëssenden fir hier Zwecker auszenotzen.

T'steet ze vill um Spill fir ons alleguerten fir sech hei an esu niewesÀchlechen 'Formen' ze verléieren. D'Zait gëtt knapps. Firwaat méngs De dass all di Filmer an 'Sujéën' 2012 als Datum ugin? T'huet enorm vill mat der ganzer Reliounsthematik, dem Finanzgeflecht, dem Klimahokuspokus, den Apokalyptiker an dem Vatikan sain ëmmer mi krasst Agraifen an d'perséinlech PrivatsphÀre ze din. Déi di ganz uewen 'stin' sin alleguerten enger 'Relioun' verschriwen - di am absoluten Kontrast zu deem steet waat 'positiv' oder lebensbejahend ass. D'Zeechen sin iwerall wou ee steet a geet.

D'Wuerrecht wÀrt ëmmer méi verdréint gin an, wanns De daat nët wees oder kanns appréciéieren, kann keen Der wierklech hëllefen... T'ass alles aanescht wi witzeg a scho guer nët iwerflësseg. Ech si schon ee gudd Steck mi lang derbai wi's Du Patrick, an anstatt mech hei wëllen 'zurecht ze weisen' wÀrt ët vlaicht nët esu schlecht wanns De Der géngs virun Aën haalen, dass ech daat doten nët fir mech maachen (ech wees waat um Spill steet!) a méi fir iech. Virwaat soss mengs De dass ech iwerhaapt op dem heiten Forum sin? Ech brauch nët hei ze sin - mee t'ass mer wichteg dass di Jonk op manst eng Ahnung hun a nët einfach blannemÀnches op dee ganzen Schmu erafaalen.

Op se dann ëppes domadden wëllen ufÀnken oder nët ass hinnen dann iwerloos, mee op mannst wëssen se dann Bescheed.

T'ass jo interessant dass De Dech ëmmer iwert dem Poopst seng Aussoën wonnerts, mee Du bass op genuch fir ze verstoën dass ech hei nët am Gaangen sin iergend eng komesch Iddi un de Mann, bzw., d'Fra ze bréngen, mee dass daat waat ech hei weidergin jo antrefft. Also w.e.g....Du bass ze intelligent fir daat nët ze begraifen (an daat ass ganz éierlech geméngt).

Wéi heescht ët esu schéin op Englesch: to be warned is to be armed. Egal op daat de Klimawandel Betrug ass oder d'reliéis Massenverblödung.

agnosti, Dain absoluten Refus fir di knaschteg BankegeschĂ€fter iwerhaapt z’adressĂ©ieren seet mĂ©i iwert DĂ©ng IncapacitĂ©it aus sech mat der donkler Sait vun der Kierch ausernanner ze setzen ass ewi dass De wierklech iwerhaapt emol an deen Beraich gekuckt hĂ€ss anstatt Ă«t einfach z’ignorĂ©ieren (daat schĂ©ngt Deng Verteidigungstaktik ze sin wanns De keng Äntwerten hues). An der Psychologie nennt een esou eng Approche och ‘VerdrĂ€ngungsmuster‘ eben fir nĂ«t mussen den Tatsaachen an d’AĂ«n ze kucken. Den Hesemann mecht Ă«t jo vir, hm?
Mannes
 
BeitrÀge: 41
Registriert: 16 Dez 2009, 17:17

Re: Der Teufel im Vatikan - A you tube series

Beitragvon Manuel am 07 Feb 2010, 18:59

Du kéins glat an dem Dan Brown séng Fussstapfen trieden :-)

Mee elo sinn ech awer firwelzech, wat passéiert dann 2012 konkret? Wourop mussen déi Jonk virbereed sinn?
Manuel
Site Admin
 
BeitrÀge: 850
Registriert: 08 Dez 2006, 16:19

VorherigeNĂ€chste

ZurĂŒck zu Reliounskritik

Wer ist online?

Mitglieder in diesem Forum: Keine Mitglieder und 1 Gast

cron