We are back!

'Dier war net richteg zou a lo ass et eis nees entwutscht. Viru knapp 3 Méint hu mer ugekennegt, 'Diere vu Sokrates.lu zou ze maachen. Doropshin krute mer vill Feedback: vu „Merci“ iwwert „Endlech“ wor bal alles dobäi. Déi heefegst Reaktioun wor awer de „Schued“. Nodeems mer 4 Joer laang krampfhaft probéiert hunn, de Gipfel vun der Naivitéit ze erklimmen, an anere Wieder, am Marieländchen eppes ze änneren, hu mer effektiv och selwer geduert: Schued! 4 Joer an de Sand gesat. Et ass nach emmer sou zimlech alles beim alen. Ennertanerem d'Kierch steet nach emmer am Duerf.

A se huet souguer e neien Hirt kritt. Ee richtege Jesuite! A fir déi ze paken, dat ass bekannt, do brauch ee vill reliounskriteschen Houff un de Griffelen an dies hu mer eis an de leschte 4 Joer awer nawell vill ugëeegent. Et gëtt nach genuch ze dinn. Iwwer Lëtzebuerg läit nach ëmmer en décke schwaarzen Teppech. En einfach esou oprullen an ausklappen, dat kënne mir net, mä mir kënnen awer weiderhi probéieren, opmanst e puer Fiedem ze zéihen. Et geet also – taadaaa – awer weider. Net wéi virdrun. Och net wéi mer et welles haten, mä iegendwéi dotescht.

Méi Detailer an den nächsten Deeg...