L'ADR au sein du nationalisme et national-populisme au Luxembourg

Le nationalisme et le national-populisme se retrouvent au centre de toute discussion politique au cours des élections légistlatives et européennes de l'année 2009. Dans un passé récent, l'ADR a emboîté le pas à des formations sinistres telle la „Nationalunioun“, fondée en 1910. Actuellement c'est surtout le développement récent de l'ADR, qui a donné lieu a des nouvelles spéculations concernant les racines populistes et nationalistes de ce parti de droite et qui a déclenché un nouveau débat sur le nationalisme luxembourgeois.

Sur demande de sokrates.lu, l'historien Lucien Blau a lancé une enquête en vue d'analyser l'évolution de ces tendences politiques au Luxembourg. En conclusion de cette évolution, Monsieur Blau examine la position du parti populiste ADR au sein du nationalisme et national-populisme au Luxembourg.

Monsieur Blau a conclu que l'ADR, tout comme ces prédécesseurs, manipule les électeurs luxembourgeois avec les sujets-phares qui ont depuis toujours animé les partis luxembourgeois de droite: le déclin démographique, la disparition des Luxembourgeois de souche et de la langue luxembourgeoise, la menace de l’âme luxembourgeoise et de l’identité nationale.

Quote:
Le programme de l’ADR exprime un différentialisme nationaliste qui se veut une rupture avec la modernité et qui porte en lui des tendances à l’auto-enfermement et à l’affrontement des cultures. [...] On peut affirmer que l’ADR représente la version soft du national-populisme.

Pour en savoir plus, cliquez ici pour télécharger le document.
Sokrates.lu exprime ses remerciements profonds à Monsieur Lucien Blau pour cette analyse raisonnée.

"Dofir well et mir jo och

"Dofir well et mir jo och net an de Kapp goen firwaat et K-Leit an déi Lénk sech einfach net zesummerappen an zesummeginn."

Obwuel dat héiten jo eng Diskussiounsronn iwwert d'Entwecklung fun der ADR maan - gären kann och een eng Kéier eng Analyse iwwert déi Lénk schréiwen - well ech just nach eng Kéier kuurz ob déi Fro do agoen. Geschter Owend am RTL-Top-Thema krutt den Aly Ruckert d'Fro gestallt ob fir hien d'Alternativ zum Kapitalismus dann een kommunisteschen Regime wir. Et as iergendwei signofikativ datt hien dat net direkt an bestemmt verneent huet; d'lescht Joer huet d'KPL een Communiqué erausgin wou si déi Lénk an déi Gréng verurteelen well déi sech getraut haten den Massaker fum chineseschen Regime während den Obstänn am Tibet vehement ze verdeedegen. Wann een e bessi am detail kuckt miirkt een datt d'KPL KENG Kritik un kommunisteschen Regimer wéi China mecht - firwat lossen ech emol dohin gestallt - an do as fir mech den Haaptproblem. Menschenrechter sinn universell an et soll een se verdeedegen egal wou se mat Féiss getreppelt gin wat d'KPL offensichtlech net mecht; ausserdeem stellt sech déi nach méi fundamental Fro iwwert d'Relatioun tescht Fraiheet an sozialer gerechtegkeet déi fir déi Lénk ontrennbar mateneen zesummenhänken fir d'KPL awer anscheinend net.Mais gerad d'Stärkung fun déi Lénk wärt méiglecherweis och zu engem Transformatiounsprozess fun der zimlech rigider KPL féieren an hoffentlech och fum verkrusteten Eenheetssystem an der Chamber.

@ opus d, weess du

@ opus d,

weess du iwwerhaapt was de wëlls? Innerhalb vun enger Stonn schreiws de:

5:39 h Trotzdem fannen ech, dass d'Präsenz vun der ADR momentaan wichteg ass.

6:27 h Trotzdem wärt ech déi Lénk fir den Zentrum wielen, an hoffen....

Kanns du iergend eppes argumentativ verteidegen?

Stëppelen, dat kënnen der vill...

@ knetsch : You said : "Wann

@ knetsch :

You said : "Wann den ADR enges Dâgs seet, Auslänner eraus dann wielen ech se och net méi, an ech denken déi meescht aanerer och net, also wessen si och dass de Graad no riets ganz schmuel fir si ass."

Dann ass et awer leider wahrscheinlech schons ze spéit!! Well, wann esou Borschten emol bis do sinn.... (cf. 1933, asw....)

Jo, guest, do hues de

Jo, guest, do hues de Recht!
Déen Konsens ass net nemmen furchtbar, mais vielleicht zuguer "déitlech" ("tötlich"), mais jiddefalls ongesond..

Dofir well et mir jo och net an de Kapp goen firwaat et K-Leit an déi Lénk sech einfach net zesummerappen an zesummeginn.

Trotzdem wärt ech déi Lénk fir den Zentrum wielen, an hoffen....

Fir Europa gett et menges Wessen no awer leider kéng Alternativ zu der ADR, wann éen eng "aaner Stemm" erakréie well. E bese mulmech ass mir zwar derbei, mais....

@ opus d d'adr fraktioun an

@ opus d

d'adr fraktioun an der chamber huet dach den ganzen neoliberalen chaos - steiersenkungspolitik ob gewenner an héigen akomen; ofschaffen fun der verméigenssteier; Uleen fun den Pensionsreserven ob der Bourse; Spezialisatioun ob Kreditverbréiwung (titrisation) - matgedroen an as dowinnst ob wirtschaftspoliteschem plang genau esou Mainstream wei dei aaner Chambersparteien.Et herrscht dach een furchtbaren Konsens ob zentralen froen an eisem Parlament!

@ Patrick Ech fassen deng

@ Patrick
Ech fassen deng Kritik emol als Erfoleg op. Do hun ech wuel endlech een gepickt. Ma deng justificatioun ass net kredibel an ech bleiwen beim bellegen agefierwten Journalismus. Weé den timmel soot, virwaat "la position du parti populiste ADR"? Daat ass net neutral!

@ All
Et get jo endlech mol e puer Aussoen dass och aaner Parteien riets Ideen opgréifen, ma méi hémlech... ass daat dann besser?

Ass et net esou dass mer all vun den NS Zäiten esou beaflosst sin dass mer d'Mett als riets gesin an all nationalen Gedanken am Keim erstecken? Net all nationalen Gedanken ass schlecht oder geféierlech. Natirlech get et en enormen gefeierlechen Potential op all extremer Säit, lenks ewéi riets, also ass d'Mett dach O.K.

Et muss een dach kloer ennerscheeden zwechen dem Erhaalen vun der nationaler Identitéit an engem gemeinsamen Europa AN Nationalismus wéi zu NS Zäiten. Den ADR well keen Diktator an hetzt keng Auslänner. Den ADR bidd dach den Auslänner d'Hand an probéiert een engagéiert Mateneen an engem multikulturellen Letzebuerg. Déi selwecht Ideen mussen mir Letzebuerger och am Ausland erfellen!

Wann den ADR enges Dâgs seet, Auslänner eraus dann wielen ech se och net méi, an ech denken déi meescht aanerer och net, also wessen si och dass de Graad no riets ganz schmuel fir si ass.

Dass déi aaner Parteien se färten ass super, villäicht maachen déi dann emol besser Politik, an dass den ADR wierkt beweisen jo déi néi riets Tendenzen vun den aaneren etabléierten Parteien.

Trotz Allem ass sokrates.lu

Trotz Allem ass sokrates.lu awer déen éenzegen Site, déen mech bis elo nach praktesch emmer zu Wuert komme geloss huet. Trotz eenzelnen Opriff zur Zensur vu verschiddene Partizipanten... An ADR oder aaner Sympatisanten däerfen och argumentéieren.... A zwar ouni, dass de Beitrag fir d'éischt muss genehmegt ginn (ganz wichteg!!)
Leider ass et awer och scheinbar esou, dass verschidden ongesond Tendenzen éischter bei déenen engen, ewéi bei aaneren Parteien ze fanne sinn. Egal op et sech do elo em déi offiziell Perteilinn (cf. em Blau sain Schreiwes), oder em éenzel Memberen handelt! Hei e puer negativ Beispiller waat eenzel Memberen betrefft:
- dem Generalsekretär Reding sain Rundumschlag géint sougenannten RMG's-Schmarotzer
- den Pressespriecher A. Frast a sengem Blog : "(..) De Sozialstaat duerf net méi fir déi do sin, déi näischt wëlle maachen, a sieff et de Minimum deen se kënnen. E Sozialstaat dee just Almosen oder Iwwerfloss ausdeelt ass net solidaresch. Au contraire, esou ee Sozialstaat ass mënscheveruechtend."

Hei gett opp verschidde "Kléng" geklappt fir sech bei aanere "Kléngen" unzebiederen!

Trotzdem fannen ech, dass d'Präsenz vun der ADR momentaan wichteg ass. Well, teschend déenen aanere 4er (CSV, LASEP, DP a Gréng) verweschen sech d'Ennerschéeder emmer méi. Ech wéist wierklech net waatfiréen Ennerschéed et géif maachen déi Eng oder déi Aaner ze wielen? All hunn sie dée sougenannten Klimawandel zur absolutter Wourecht erklärt a versichen sech alleguerten op rationnel verstänneg Politiker ze maachen. Do déet et schons gudd och heiandsdo e puer Unikumen an d'Chamber ze schéken "déi mam Feier spillen". Esoulaang d'Feierwier ("d'Bierger an d'Forces vives de la nation") wachsam bleiwt, dass déi kleng veréenzelt Brenn sech net zu engem onkontrolléierbaren Flächbrand entweckelen, kann daat déi 4 er Ugepassten nemme stimuléieren......

Que des agruments!(-: jhust

Que des agruments!(-:
jhust fir info: ech si keen adrler
"la position du parti populiste ADR" firwat keng neutral bezeechnung? Den adr huet wéi all aner parteien populistesch elementer, bon an dann. Déi Lenk verspreechen allen arme leit méi suen a besser ofsecherung, wéi schéin. ass dat net och bellegste populismus, an da kommunismus a stalinismus, diktatur. soll een an där logik der lsap politesch säuberung an zwangskollektivéirung virgeheien?
Fir mech si lenks politiker oder polemiker nemme glaafwiedeg wann se mat kieperlecher aarbecht hiert brout verdengen a keng deck staatspeien kasséiren. dat si fir mech jhust wichtegmaacher an dommschwätzer. selwer vum system profitéiren an dann dergéint schwätzen.
Zreck zum adr. firwat don sech déi aner parteien all zesummen géint den adr? hun se angscht? wa sie déi besser politik ubidden dierft keen den adr wielen. Firwat wielen da leit den adr? dat wier mol eng etude wert!

Ech wees net genau op dat

Ech wees net genau op dat hei eranpasst, mee en gewessenen Zesummenhang get et mengen ech schon.

Fier dei di Facebook hun http://www.facebook.com/group.php?gid=82581437530

"Den Här Blau liewt wéi

"Den Här Blau liewt wéi den Här Juncker nach an Zäiten vun den Nazien an muss bei all mini mini Undéitung gläich voll an den Ugreff goen. kuckt emol an d'Ausland dann gesidd der waat riets Parteien sin ... Front National ... Heider etc..."

Mat wiem schafft dann den ADR zesummen an der UEN? Do hu mer mol als Nofolge-Partei vum Benito Mussolini senger faschistecher Partei, Alleanza Nazionale. Dann hu mer nach d'Lega Nord, och eng rietsextrem Partei aus Italien. Dann hu mer d'Dansk Folkeparti dei och als auslännerfeindlech agestuuft get. Dann hu mer nach d'Partei vun den polneschen Kaszynski Bridder do vertrueden. An last but not least, den BZÖ, dem Haider seng Partei. Vu der selwer ADR Unhänger behaapten se wier rietsextrem.

Mat sou Lait schafft den ADR also zesummen, an hei behaapt se den Geigendeel. Dat ass absolut net credibel!!!