Offener Brief an die LSAP: Trennung von Kirche und Staat durchsetzen!
Offener Brief an die LSAP: Trennung von Kirche und Staat durchsetzen!
Seit jeher verspricht die LSAP ihren Wählern die Trennung von Kirche und Staat. So ist denn auch im aktuellen LSAP-Wahlprogramm zu lesen:
„Der Staat muss die Glaubensfreiheit jedes einzelnen Menschen garantieren und dabei sicherstellen, dass keine Religion gegenüber anderen privilegiert wird. Deshalb fordert die LSAP den laizistischen Staat, der sich in Sachen Religion Neutralität auferlegt.“
In Anbetracht der Wahlniederlage der Sozialisten und Liberalen, der Stagnation der Grünen sowie dem weiteren Zuwachs der CSV könnte voreilig angenommen werden, die Trennung von Kirche und Staat müsste um weitere 5 Jahre vertagt werden. Einiges spricht gegen eine solch resignative Haltung:
- Einer ILRES-Umfrage zufolge, die am Wahlsonntag auf RTL-Radio veröffentlicht wurde, spricht sich eine deutliche Mehrheit der Luxemburger für die Trennung von Kirche und Staat aus!
- Auch sprechen sich immer mehr Katholiken gegen die eigenen Privilegien, für gerechtere weltanschauliche Verhältnisse und damit auch für die Trennung von Kirche und Staat aus, auch fortschrittlichere Kräfte innerhalb der Kirche!
- Neben der LSAP unterstützen auch die DP, die Grünen und die neu im Parlament vertretene Linke die Grundidee einer Trennung von Kirche und Staat, und auch die ADR hat sich mehrfach dafür ausgesprochen. Das ist auch eine Mehrheit im Parlament.
- Die CSV ist sicherlich nicht wegen ihrer konservativen Haltung in gesellschaftspolitischen Fragen gestärkt worden, sondern vielmehr aufgrund der Kompetenzen, die Juncker und seiner CSV in Sachen Krisen-Handling zugeschrieben werden.
- Im Rahmen der kommenden Koalitionsverhandlungen mit der CSV sollte die LSAP in dieser Frage keine falsche Bescheidenheit an den Tag legen. Da die LSAP für die CSV als einzig möglicher Regierungspartner in Frage kommt, verfügt sie trotz leichtem Wahlverlust über eine verhältnismäßig starke Verhandlungsposition.
Selbstverständlich werden wirtschaftliche, soziale und ökologische Themen die politische Agenda während der nächsten Monate und Jahre dominieren, trotzdem sollten die vielen Baustellen im Bereich der Gesellschaftspolitik nicht vernachlässigt werden! Die LSAP hat ihren Wählern versprochen, es anzupacken. Nun ist es an der Zeit, dieses Versprechen einzulösen!




daniel wrote:ass et dann um
Ech fannen et schon krass, dass de Reliounsproff a séngem Cours géint den WU Propaganda mescht!
Daniel wrote:ass et dann um
Géigefro: Ass et dann un der Kierch ze decidéieren, wéi eng déi richteg Wäerter sinn?
An iwwerhaapt: Ech kann dat Geschwätz vun deene "chrëschtleche Wäerter" net méi héieren. Wéi wann aner Reliounen an Atheisten keng Wäerter hätten.
Wou waren déi chrëschtlech Wäerter bei deenen Heimleiter an Irland, wou d'Affer elo zu Zengtausenden op Strooss ginn (fir nëmmen ee Beispill aus der rezenter Geschicht ze zitéieren)?
Déi Wäerter vun de Chrëschten gouf et schonns virun 2000 Joer, wéi nach keen eppes vun de Chrëschte wousst. D'Chrëschten hu just probéiert, déi Wäerter matt aller Macht duerchzesetzen, mä net well se eng besser Welt wollten, mä well se d'Kontroll iwwert d'Leit kréie wollten. Dofir hun se hinnen Seeërcher vun Himmel an Hell erzielt, wann si sech net un déi Wäerter géingen halen. Well dat anscheinend net duer gaang ass, hunn se och nach eng Beicht agefouert, fir jo och ëmmer genee ze wëssen, wat hier Schiewwercher esou dreiwen. An och haut geet et der Kierch jo ëmt näischt aneres, wéi ëmt hier Muecht an hieren Afloss.
Et kann een esou Wäerter och humanistesch nennen, an et kann een se de Leit (an de Kanner) haut vermëttelen, ouni hinnen mam Däiwel Angscht ze man.
@ gustO mat gewessenen
@ gustO
mat gewessenen Wohlfahrts-Entreprisen vun haut, huet een et net méi mat enger ONG ze dinn, déi aal Kleeder sammelt!
Et daerf een net vergeessen, d Kierch ass duerch den Armut, de Misär, an d Krankheet vun de Leit, steeräich gin. Vill Donnatiounen si gemaach gin, vill Ierfschaften sin un d Kierch oder di karitativ Uerden gaangen, souguer d 'Ierfschaften vun den Nonnen an de Pateren, déi vir si schaffen !, ginn dohinner. (Dat stung och schons mol hei um Forum). An de Staat/Gemengen subventionnéieren och nach gehéierlech. Huet dat nach mat echter, ursprünglecher "Nächstenléift" ze dinn, déi sou gären an de Virdergronn gestallt get?
Do wou néischt ze huelen (oder ze kréien) ass, get och néischt
investéiert. Sou domm sinn déi och net! An ënner "huelen" ass och eng "Séil" gemengt.
Bei deenen op der Strooss, schengt et evident. Do ass néischt ze "huelen".
Bei de Kanner ass dat rëm anescht: do ass nach eng Séil, déi net fixéiert ass, ze bannen: direkt oder indirekt.
Éierlech, wat huet eng Caritas - als Aarm vun der kathoulescher Kierch, mam Beschof als iwerschtem Chef - mat gesonden Kanner ze dinn, fir deenen e Mëttegiessen ze organiséieren, woubéi dat jo net Kanner vun Elteren sinn, déi op der Strooss liewen? Dat ass rëm eng weider, politesch gewollt, ongesond Infiltratioun, an der ëffentlecher Schoul. Sou wéit ech weess, stellt d Caritas och hie eegen Leit vir deen Zweck an, an iwwerhëllt déi Leit, di schons do sinn, ënnert hie Fitticher. Do geséit een jo och, a wat vir engem neutralen Staat, pardon, wéi neutral d Politiker eigentlech sinn, fir sou eppes iwwerhaapt am groussen Stil ze erméiglechen. D Roud-Kräiz huet vläicht, aus wat vir engen Grënn och ëmmer, sech als neutral Organisatioun, net virgepräscht, oder vläicht och net dierfen, wee weess, op jidderfall, d Maisons Relais sinn an der Hand vun der Caritas! Wann een dat bedenkt!
Vläicht get dat eng kéier en neien Débouché vir d KathechetInnen aus dem Primär?
Ech hoffen net, heimat ONG-Mataarbechter op d héich Palm bruecht ze hunn! Déi maachen eng valabel Aarbecht! Vill vun den neutralen ONGen kréien leider net di Milliounen, déi en Zunami locker mécht, an sou wéit ech weess, sinn déi och mol nach net all verschafft - op där Plaatz, wou se uersprenglech gebraucht sollten ginn.
Vläicht weess e Matlieser hei um Forum och doriwwer méi bescheed.
Klor ass, dat vill Leit eng "Schaff" fannen, bei deenen konfessionellen Betriber; mee, wann net bei hinnen, da bei deenen weltlechen, déi keen missionareschen Optraach op hiere Fändelen stoen hun.
Trennung vun Kierch a Staat ass dringend noutwendeg, iert nach pafeg Politiker weider méi Onmut an där "situations de fait", schaafen.
ech sinn total fir den
ech sinn total fir den neutralen Werteunterrecht mee hunn bei engem Kolleg den an der Relioun ass op der Prüfung gelies:
...en neutrale Wärteunterricht...
ass et dann um Staat ze décideieren weieng dei richteg Waerter sinn? - dat huet de Reliounsproff geschriwen.
Wat sot der dann dozou?
@Jean genau dei Situatioun
@Jean genau dei Situatioun hun ech als Member vun enger Ong dei keng staatlech Hellef kritt,mei wei eng keier denonceiert an ech sin och der Meenung daat Caritas neischt an Jugendhaiser ze sichen huet!
Komescherweis hun se d'Reseauhaiser (fir leit dei op der stross leien(ett gin der emmer mei an emmer mei jonk) resp aus dem Prisong kommen)opgin obwoul do, jo grad do, vill Arbecht ze maachen bleiwt!
Dei "Arbecht" dei se am Nuetsfoyer(an der stadt Letzebuerg) machen ass absolut Alibipolitik an verdingt den Numm vun Sozialarbecht net!
@Knetsch total d'accord wann
@Knetsch total d'accord wann mir dann irgendwann(hoffentlech nach an desem Joerzengt)den WU kreien an sie schwetzen do och iwer all Religiounen, ouni Ausnahm, kann ech domaader liewen,ech sin einfach dageint daat nemmen eng Kirch oder Glawensrichtung hei am Land all Privilegien soll hun,während meng Relegioun hei eben weiderhin diskrimineiert gett well se annescht ass!
Shuia wrote:Ech gleewe net,
Shuia wrote:A wéivill
Thierry Origer wrote:(...)
Ech gleewe net, dass Relioun esou eppes Wichteges ass, datt doriwwer all Woch eng Stonn muss geschwat ginn.
A wéivill Stonne gëtt dann z.B. de Nationalsozialismus ofgehandelt?
Ween sech méi fir Relioun interesséiert ka jo Nomëttes an Extracoursen goen.
@Knetsch
Ech sinn mat allem wats du bis elo geschriwwen hues absolut averstan. Wann an der Schoul iwwert Problemer vu Scheedungskanner geschwat gëtt, ass dat eng gudd Saach, déi fir mech awer wéineg mat WU ze dinn huet, mä praktesch Liewenshëllef ass. Dat fällt jo quais och ënnert "sozial Kompetenze vermëttelen".
Thierry Origer wrote:Mir
Eben an do ass de WU jo eng gudd neutral Léisung fir d'Schoul. Waat de Staat ugeet do keint een jo bei der Volkszählung oder op der Steiererklärung e puer Casen maachen wou d'Léit ukräizen fir waat fir eng religiéis Gemeinschaft si wellen een Deel vun hieren Steieren bezuelen, an natiirlech och e puer ONGen fir d'Atheisten. Oder awer mer iwerlossen et all Club selwer séng Beiträg anzezéien.
Daat stemmt zwar net. Mäin Bouf huet am MU ganz vill geléiert an och verstaan. Och Primärskanner am éischten Schouljoer kann een Themen wéi keng Déieren quälen an sech géigensäiteg respektéieren béibrengen. Och hun echt et flott fond dass si am 2ten Schouljoer iwer Scheedung geschwaat hun well jo haut vill Kanner daat erliewen. De Kanner ass kloer gemaach gin dass Papp an Mamm net méi madeneen eens gin, ma dass si keng Schold dorun droen, an daat ass wichteg fir vill Kanner. Verantwortung fir säin handelen ze iwerhuelen, an tolerant ze sin léieren si och schon ganz fréi. Den WU muss just op all Alterstufen ugepasst gin. Natiirlech ass et Quatsch hinnen am 1ten Schouljoer Kreationismus an Darwinismus kritesch géigeniwerzestellen.