Offener Brief an die LSAP: Trennung von Kirche und Staat durchsetzen!
Offener Brief an die LSAP: Trennung von Kirche und Staat durchsetzen!
Seit jeher verspricht die LSAP ihren Wählern die Trennung von Kirche und Staat. So ist denn auch im aktuellen LSAP-Wahlprogramm zu lesen:
„Der Staat muss die Glaubensfreiheit jedes einzelnen Menschen garantieren und dabei sicherstellen, dass keine Religion gegenüber anderen privilegiert wird. Deshalb fordert die LSAP den laizistischen Staat, der sich in Sachen Religion Neutralität auferlegt.“
In Anbetracht der Wahlniederlage der Sozialisten und Liberalen, der Stagnation der Grünen sowie dem weiteren Zuwachs der CSV könnte voreilig angenommen werden, die Trennung von Kirche und Staat müsste um weitere 5 Jahre vertagt werden. Einiges spricht gegen eine solch resignative Haltung:
- Einer ILRES-Umfrage zufolge, die am Wahlsonntag auf RTL-Radio veröffentlicht wurde, spricht sich eine deutliche Mehrheit der Luxemburger für die Trennung von Kirche und Staat aus!
- Auch sprechen sich immer mehr Katholiken gegen die eigenen Privilegien, für gerechtere weltanschauliche Verhältnisse und damit auch für die Trennung von Kirche und Staat aus, auch fortschrittlichere Kräfte innerhalb der Kirche!
- Neben der LSAP unterstützen auch die DP, die Grünen und die neu im Parlament vertretene Linke die Grundidee einer Trennung von Kirche und Staat, und auch die ADR hat sich mehrfach dafür ausgesprochen. Das ist auch eine Mehrheit im Parlament.
- Die CSV ist sicherlich nicht wegen ihrer konservativen Haltung in gesellschaftspolitischen Fragen gestärkt worden, sondern vielmehr aufgrund der Kompetenzen, die Juncker und seiner CSV in Sachen Krisen-Handling zugeschrieben werden.
- Im Rahmen der kommenden Koalitionsverhandlungen mit der CSV sollte die LSAP in dieser Frage keine falsche Bescheidenheit an den Tag legen. Da die LSAP für die CSV als einzig möglicher Regierungspartner in Frage kommt, verfügt sie trotz leichtem Wahlverlust über eine verhältnismäßig starke Verhandlungsposition.
Selbstverständlich werden wirtschaftliche, soziale und ökologische Themen die politische Agenda während der nächsten Monate und Jahre dominieren, trotzdem sollten die vielen Baustellen im Bereich der Gesellschaftspolitik nicht vernachlässigt werden! Die LSAP hat ihren Wählern versprochen, es anzupacken. Nun ist es an der Zeit, dieses Versprechen einzulösen!




@ Tox Du mengs jo sécher
@ Tox
Du mengs jo sécher net mech domatt? ;-)
Fir de Rescht: Wichteg Remarque (a puncto Islam an Islamismus). Sou wéi och net all Chrëscht e Kreationist ass.
Salut Luc, Luc wrote:Wann
Salut Luc,
Wéi gesot, ech hunn a priori näischt géint eng nei konfessiounsonofhängeg Formule (sief et nëmmen aus deem Grond, datt déi endlos Diskussiounen endlech géifen ophalen), allerdéngs just ënnert verschiddene Bedingungen, z.B. datt ech dat Fach däerf halen an net muss bei d'Kierch schaffe goen fir iergendeng pastoral-katechetesch Funktioun ausüben ze mussen (wat mer, vü datt ech keng missionaresch Oder hunn, net läit), oder z.B. datt Relioun net zevill plakativ behandelt get, sou wéi et hautdesdags bisweilen an der Fomos geschitt (wat een deenen Titulairen net verdenke kann, well oft sinn dat Leit vun iergendengem anere Fach, déi dat opgedrummt kritt hunn, well se nach Stonnen op haten). Dat ass dann och d'Äntwert op meng Fro, firwat een ee brauch, deen Anung dervunn huet. Et gi jo och lo schon RU-Stonne vu Leit assuréiert, déi net Theologie, mee Geschicht studéiert hunn (allerdéngs ëmmer mat enger bestëmmtener Zousazqualifikatioun en matière de sciences religieuses).
Allez, genug fir elo, lo ginn ech nees schaffen! Alles, wat ech geschriwwen hunn, ass selbstverständlech a mengem perséinlechen Numm a reng subjektiv ;-) Souwisou: De Problem stellt sech fréistens a 5 Joer, dese Weekend stoung am Land (där Zeitung kann een dach trauen oder net?), datt d'CSV an d'LSAP ofgemaach hunn, d'Themen "Wäerteunterrecht" an "Trennung Reliounsgemeinschaften-Staat" bei de Koalitiounsverhandlungen net unzeschwätzen.
Also eng kleng remarque, ech
Also eng kleng remarque, ech huelen un dass de mat islamistech muslemesch mengs
daat sin zwee graveirend ennerscheeder, islamistesch (resp. Islamismus) = fundamentalisteschen Islam. Fir muncher Moslem kann daat eng beis Beleidegung sin, wanns een en islamistesch nenns.
Waat deng Fro ugeet iwwert de Primaire, souweit ech wees ass de Paschtouer vun all Gemeng aktiv oder passiv am RU mat agebonnen, entweder get den Cours also vum Paschtouer selwa geleed, respektiv steet den Enseignant dem Paschtouer relativ no. Ech wees, dass ech nach am 6ten Schouljoer den Wee vum jesus mat all seng Mythen nogeluecht krut, daat wor virun 9 Joer. Och hun mir gebiedd, respektiv Passagen aus der Bibel firgedro krut.
Bis an 4t Schouljoer wor den Gemengenpaschtouer eisen Enseignant, mai bon seit deem kann sech vill geännert hun.
Am Lycée wor daat anescht, do haat ech Proffen dei mei religiös orienteiert woren, anerer manner respektiv guer net. Also op 3ieme war eisen Religiounscours eischter en Allgemengencours, et ass em all Religioun gaan, mai greisstendeels hun ma iwwert Weltthemen geschwaat, an och eis Filmthematik huet sech eischta em Filmer wei "Das Experiment" oder "Schindlers List" gedreint, waat mat Religioun net mei vill ze din huet. Ech muss awer och soen dass deen Prof relativ weltopen wor, an selwer net weeklech gleeweg wor.
@ all - Ech verstinn
@ all - Ech verstinn ëmmer manner de Sënn vun engem offiziellen RU.
Wann am aktuellen RU iwwert alles a ganz offen debatéiert get, de Kanner/Studenten praktesch all Dir op gemaach get, vir sech gedanklech mat aktuellen gesellschafts-politeschen Themen ausenaner ze sätzen, ouni parti pris, dann ass dat SUPER! Do steet dann dem Mënsch seng fräi Wiël, an domatten de Mënsch selwer am Mëttelpunkt, an net méi e „Gotti“, mat senger vatikanesch interpretéierter „Gesetzgebung“.
Allerdengs froen ech mech dann, firwat an engem Reliounsunterricht, all dat? Brauch een dofir en RU an e „Reliounsproff“? Deen kann dach (an dierft ?) a priori net „neutral“ sinn! Entweder ass e kathoulesch, protestantesch, islamistesch... oder wat och ëmmer, ausgeriicht, an dann misst sech un offiziell Texter an Traditiounen gehalen ginn. Oder ass den RU schons oekumenesch/interreliéis ausgeluecht? Dann missten dach di eenzel Interessenten zesummen e Programm opgestallt hunn. Ass dat sou? Oder, heescht et dach, frài Hand vir den Enseignant?
Et ass dach keng offiziell Relioun, déi sech fir di aktiv Stierfhëllef breed mecht. Oder ieren ech mech? Entsteet hei net eng Relativéierung, an domatt eng Verwässerung, vun der Relioun am allgemengen. Wat ech perséinlech zwar äusserst positiv fannen, well et se gewalteg ofschwächt bei den vertruedenen Meenungen iwwert déi Problematik, ë.a., andeems dem Mënsch e Choix vereinfacht get, well e reliéis bedengten Entscheedungsdrock verschwënnt.
- Kann et sinn, dat e „spécialiste en sciences religieuses“ - deen hat ech net a priori als „aarme Jong“ als Persoun gemengt! – sech souvill Fräiheeten an engem Cours de Religion eraushuelen kann, well heen
a) keng missio canonica vum lokalen Beschof opgedrummt kruut, an
b) direkt vum Staat bezuelt get, also och do net vum Beschof/Bistum ofhängeg ass?
- Di Couren, déi am RU am secondaire lafen, sinn déi vum Bistum ofgeseent? Oder sezt an der Programm-Kommissioun d'office „een“ mam weissen Colli, deen d Infoen weiderreecht, reechen muss?
- Sinn ech richteg informéiert, dat an der Primärschoul ganz aaner Zoustänn (vun Fräiheet) herrschen, well déi Enseignanten dem lokalen Paschtouer(?) resp. Beschof ënnerstinn?
- Wéi ass et dann am privaten Ausbildungssektor? D Reliounsproffen um Fieldgen, an der Ste-Sophie, a.s.w., enseignéieren déi genau datselwegt (no Prgramm) wéi an deenen staatlechen Schoulen? Hunn déi net nach eng „extra Reliounsstonn“ agebaut, wou RELIOUN enseignéiert get?
Des eenzel geklärte Punkten kënnen Diskussioun sécherlech beräicheren.
@ knetsch: Zum Thema
@ knetsch:
Zum Thema Homosexualitéit: Ech kommen zoufälleg grad aus enger Klass, wou ech dat als Thema hat. Eent vu mengen Zieler war et, hinnen ze vermëttelen, datt Homosexualitéit wahrscheinlech genau sou ugebuer ass wéi Lénkshännertum, an datt Homosexueller dann och diementspriechend ze behandele sinn. D'Präsidentin vun der Associatioun vun de Reliounsproffen huet sech an hirem Interview um RTL ënner anerem och zu deem Thema geäussert. Hei ass de Link (et muss een et bis d'Minutt 20 weiderlafe loossen): http://streaming.newmedia.lu/radio/radio_news/journalmettes/2009/02/10/123000_28K.wma A wéi gesot, datt ass net iergendeng Aussenseiterin, mee d'Präsidentin vum Comité...
Dee Kolleg do schengt da wierklech e schwaarzt Schof ze sinn (dat ass natierlech meng Perspektiv, an him seng Aan sinn ech et wuel). An deem Fall géif ech et wuel sou maache wéi ee Reliounsproff et scho mol gemaach huet: Meng Kanner an d'Morale schécken. Mee sou Saache kriss de net definitiv verhënnert. An anere Fächer get et och Leit, déi Saache soen a maachen, déi inakzeptabel sinn. Mee wéi soll een dat evitéieren?
An deem Punkt ass eigentlech
An deem Punkt ass eigentlech net vill beizefügen @ Knetsch.
Ech hun och keen Probleem mam Begreff RU, allerdengs sin ech da Meenung dass dann och entspriechend all Religioun behandelt soll gin, well Religiounen eben Kulturen sin, an et guer net onintressant ass dei kennen ze leiren.
Mai, wei de Knetsch soot, an wahrscheinlech och munch aneren, ass et net ubruecht dowinst auslännesch respektiv Kanner vun engem aneren Glaawen dowinst aus dem Cours auszeschleissen.
Och fannen ech dass en Staat kenger Religioun unzgeheiren huet, zumols an multikulturellen Zeiten, wou net nemmen nach eng national Religioun existeiert. Och domat schaaft en Ausgrenzung.
Waat dei Euthanasies Fro ugeet, ech mengen all mensch huet en Recht ze liewen, mai keen huet Pflicht ze liewen. Dei altertümlech Positioun dei do vun der CSV ageholl gouf misst an mengen Aan verworf gin. Euthanasie ass absolut naischt menschenonwürdeges, allerdengs sollt virum Messbrauch geschützt gin (z.B en mei schnellen Doud fir mei schnell un Ierwschaft erun ze kommen).
@ Thierry Origer Ech
@ Thierry Origer
Ech zweiwelen net un denger Aussoo an gleewen dir dass du daat do ganz gudd mechs. Waat ech awer mengen ass dass wann de Cour de Morale Unique géif offiziellen Programm gin, een déi schwarz Schoof déi den RU fir fundamental Iwerzegungen notzen, an daat am néien cours wéiderféieren, dann kéint offiziel bieden sech un den Léierstoff ze haalen, waat een elo net kann.
Ech sin och d'accord dass jidereen seng Vue op d'Stierfhellef därf hun, ma et sollt och jidereen iwert all Fakten an Argumenter verfügen. Déi Definitioun vun Liewen déi ech vidrun ugeschwaat hun ass z.B. e Faktor deen oft vernoléissegt get. Ass Liewen daat menschenonwürdeg ass nach Liewen daat een em all Pràis erhaalen soll? Och doriwer gin et vill Ofhandlungen.
Kuck emol d'Ofdreiwung. Sin Embryonen déi keen Nervensystem hun Babien déi een net där dout maachen? Ech well keng Äntwert dorop gin, ma besoten RU-Prof fennt Ofréiwung als net akzeptabel an vermettelt de Kanner daat och. Wéi si iwert künstlech Befruchtung geschwaat hun huet hien hinen gesoot daat wär dach am Fall wou d'Natur verseet eng flott Méigelechkeet eng richteg Famill ze grennen. Meng bedenken léien do schon emol bei "richteg" an sorry mäi bei der künstlecher Befruchtung gin eng Onmass Eezellen befrucht déi durno an der Pubelle landen. Doubelmoral?
Am allerschlemsten fannen ech daat waat hien iwer Homosexueller ausseet. Hien deelt do dem Popst seng Meenung dass déi Leit krank sin!
Ech wees jo net wéis du dech zu deenen Punkten positionnéiers, ma esou en RU huet an mengen Aan näischt an eger Schoul wou et em Wessen geet verluer!!!
@ Jean Braun
Et geet jo guer net em eng Diskussioun, ma emt e Prinzip! Esouguer wann déi Programmer haut am RU ganz gudd sin, bleiwen se emmer nach religiéis hannerluecht an lossen dem Prof extremen Spillraum. Och wann den RU haut esou humanistesch an oppen wär wéis du sees, dann därft et dach keen Chrescht stéieren wann en duerch een Cours de Morale unique ersaat géif gin. Och bleiwt en RU cours emmer een "no go" fir Unhänger vun aaneren Konfessiounen. Firwaat also d'Kanner opsplecken wann een och alles an engem cours kann hun. Et ass einfach eng Saach vun Gerechtegkeet, an fir déi misst jo all Chrescht astoen oder net?
Haut jiddenfals deelen Islamisten, Buddhisten, Evagelisten, Humanisten, Atheisten, Judden an aaner Minoritéiten sech e cours an d'Katholiken hun een RU ganz fir sech alleng. Daat ass en zwee Klassen System deen een och "Appartheid" nennen keint well jo all net gleewech "apart" behandelt gin, och wann daat nemmen eng Dreps zum Verglach zur echter Apartheid ass, stéiert et mäin Gerechtegskeetssenn. An genau aus deem Grond sin jo och vill Chreschten an Theologen fir déi Trennung.
@ knetsch Absolut näischt
@ knetsch
Absolut näischt vun deem ob waats Du do agees, katzt mech un, mä déi Manéier wéi d'Diskussioun iwert RU a WerteU hei an och soss vu verschiddene Leit (besonnesch an der Politik) op eng suffisant Art a Weis gefouert gët : ech bleiwe bei menger Meenung (och wann se verschiddene Leit als komplett klengkarréiert gëlt) : iwert häitege [/b]RU kënne mer eréischt zesumme schwätzen wa jiddereen dee wëllt matschwätzen d'Programmer, d'Bicher an d'Inhalter kennt an och éventuel um Terrain openen a modernen RU materliewt huet !
Salut Knetsch, merci fir
Salut Knetsch, merci fir deng opschlossräich Äntwert. Ech ginn zou, datt ech mech ënnerhalb vu menger Zunft virun allem mat Leit schwätzen, déi ähnlech denke wéi ech. Dem Kolleg seng Approche, déi s du beschreifs, hunn ech jiddefalls net. Ech denken net, datt mir d'Recht hunn, de Cours sou suggestiv ze gestalten, datt si implizit gesot kréien, wat richteg a wat falsch ass. Meng Approche ass konstruktivistesch (och aus deem Grond, datt ech selwer a villem net definitiv wees, wat richteg a falsch ass; fir bei der Euthanasie ze bleiwen: Et get jo och nahmhaft Theologen, déi derfir sinn!). Meng Approche war och scho während menger Examenszäit konstruktivistesch an ech hu meng Examen direkt gepackt (anscheinend war et eng vun deene beschten Examensstonnen an deem Fach säit längerem). Vläit ginn ech och grad dowéint esou rosen, wann ech gesot kréien, ech wir eigentlech net habilitéiert fir de Cours unique ze halen, wann en da géif kommen (wat ech bezweifelen). Mee dat ass natierlech net Ären, mee mäi Problem, well ech mer e Beruff erausgesicht hunn, wou wuel verschidde Leit antiquiéiert Virstellungen hunn, an ech muss domadder eenz ginn. Ech wees allerdéngs och, datt ech keng Ausnahm sinn. Et gouf an der rezenter Vergaangenheet Kollegen (vläit ass dee vun deem s du jo schwätzs, ee vun deenen), déi hire Schüler probéiert hunn ze soen datt verschidde Saache vum Däiwel wiren, an déi hunn duerno de Proffenexamen net gepackt. Et ass nun emol zu Lëtzebuerg sou, datt ee fir d'éischt mol als pädagogesch net ausgebildtene Chargé op d'Schüler lassgelooss get, a réischt am Januar däerf mat der Formation pédagogique ufänken. Dat ass an all Fach sou, an e regelrechte Problem. Ech kann awer soen, datt een, deen déi Formatioun op der UniLu matmécht, an dat, wat en do gesot kritt, och wierklech assimiléiert, keng Gefor dierft duerstellen. Et misst eigentlech och fir Leit, déi perséinlech fest iwerzeegt sinn, datt Euthanasie eng Sënd ass, méiglech sinn, fir méiglechst breetgefächert an ontendenziéis driwwer ze schwätzen. An anere Fächer, z.B. der Philo, geléngt dat jo och. Ech hunn z.B. im Nachhinein erfueren, datt mäi Philosproff en extrem reliéise Mënsch war, deen all Sonndeg an der Kierch virgelies huet. An deem Punkt si vill Reliounsproffe jo méi zréckhalend, fir et mol virsichteg auszedrécken. De besotene Philosproff huet et awer ouni Problem fäerdeg bruecht, eis de Kant asw. esou ze erkläeren, datt mer e verstanen hunn an net den Androck vermëttelt kruten, datt en onrecht hätt, an datt mer eigentlech sollen Thomas von Aquin solle liesen.
Thierry Origer wrote:Wann s
Ech kann dech héi net perséinlech ugräfen well ech dech jo net kennen, ma du bass dann wuel éischter d'Ausnahm. Och wann meng Kanner net gedeeft sin, hun ech ganz gudd Bekannter déi aktiv Katholiken sin an mat deenen ech oft kontrovers diskutéieren. Hiren Bouf haat dann do wuehl een aanert Aarbechtsblaat. Si hun laang a breed erklärt kritt firwaat een de Schutz vun Liewen laut der Bibel iwert alles stellen muss. Dann hun se och erklärt kritt dass et dobaussen och Léit gin déi fir d'Stierfhellef sin. Als Aufgaab sollten sie dann hier Gedanken zur Stiefhellef nidderschreiwen.
Waat sie nie erklärt kruuten war wéi d'Modalitéiten vun deer Stierfhellef. Waat se an mengen Aan och nie erklärt kruuten war eng modern Definitioun vun Liewen. Dem Bouf seng Léisung vun der Aufgaab ass dementspriechen ausgefall.
- Gott huet d'Menschen gär an et huet keen d'Recht sech iwer Gott säin Wellen ze stellen.
- Léit déi fir Stierhellef sin hun keen Gewessen well si begin eng Senn
- Stierfhellef ass eng Zerstéiereung vun Gott senger Schöpfung
- ....
Wann ech déi Äntwerten analyséieren gesin ech eendéiteg dass den RU gewierkt huet. Ech hun just mat den Elteren geschwaat well ech d'Kand net duercherneen brengen well an net an den Elteren hier Erzéiung agréifen well. D'Elteren waaren schon schockéiert dass d'Kanner irwehaapt gewuer gin dass et esou Meenungen gin. D'Elteren sin, esou si selwer, wéi den Religiounsprof der Meenung dass Moral nemmen aus der Bibel entstoen kann. Wann ech se dann mat verschiddenen grotesken Abscheulechkeeten vun der Bibel konfrontéieren begin se de Fehler ze argumentéieren dass se sech déi gudd Passagen als moralesch eraushuelen an déi aaner als falsch oflehnen. Wéi entscheeden sie dann waat an der Bibel moralesch ass an waat net? D'Bibel huet keen Index wou daat dran steht. Also mussen se eng natiirlech Moral hun déi hinnen seet waat sie auswielen sollen. An genau esou gin d'Kanner an dem RU erzunn. Et get d'Bibel analyséiert an hannerfroot, an daat mecht den RU no baussen modern an offen, ma et get net hannert déi Analyse gekukkt. Et ass modern daat uraalt Buch kritesch ze kukken esou laang een an enger Form un deem Buch pächen bleiwt. Wann d'Kanner awer réaliséieren sollen dass een daat Buch an deen ganzen Glaawen deen do drun henckt fir Moral guer net brauch, dann ass Schluss mat der Fräiheet. Déi Form vun RU ass méi geféierlech wéi deen aalen an deem ech nach waar.
Wann een Erwuessenen deen net indoktrinéiert gin ass d'Bibel als en spirituellt Buch gesäit, an doran säin Gleck fennt, dann ass daat fir mech absolut an der Réi.
Wéi gessot, ech kann héi keen perséinlech ugräifen ma ech gesin een no baussen vill méi offenen RU wéi zu eiser Zäit. Graad doranner gesin ech esou wéi vill Psychologen och eng vill méi grouss Gefor. Wann d'Kanner der Meenung sin sie hätten daat selwer därfen entscheeden, ma awer durch eng ennerschwelleg Richtungsvirgaab an mangels aller Fakten dohinner gefouert goufen, dann kritt daat ganzt en pseudo-fräiheetlechen Character.
Wann de Gesetzgeber awer den Cours an d'Richtung géif vigin, dann hätt dir jo wuel keen Problem domater, ma ganz vill aanerer.
@ Jean Braun
Waat katzt dech dann un? Dass d'Léit per Referendum villäicht eppes aaneschtes entscheeden géifen wéis du vun der CSV verlaangs? Och vill Katholiken an CSV Wieler sin fir eng Trennung vun RU an Schoul. Katzt dem Vollek seng Meenung dech un? Katzt den demokrateschen Gedanken vun engem Referendum dech un? Et wielt een nemmen all 5 Joer, ma net all Frô ass mat enger Wahl geklärt!