57.000.000 € + X
Et heescht ëmmer d’kathoulesch Kierch géif de Steierzueler all Joer ronn 20.000.000 € kaschten.
Wéinst Mangel un Transparenz konnte keng méi genau Ugabe gemat ginn. Eng Rei vu parlamentareschen Ufroen huet awer e bësse Kloerheet an déi Affär bruet, och wa mer vu wierklecher Transparenz nach ëmmer wäit ewech sinn.
Wann ee folgend Posten zesummen zielt ...
• Traitementer a Pensioune vun de Paschtéier
• Traitementer a Pensioune vun de Reliounsprofen am Secondaire
• Traitementer vun de Reliounschargéen am Primaire a Secondaire (Pensioune lafen iwwert CNAP)
• De Fonctionnement (Traitementer, Pensiounen, Ënnerhalt) vum Seminaire
• D’Kierchefabriken
... da kënnt een op eng Zomme vu ronn 57.000.000 € d’Joer, déi d'Kierch de Steierzueler kascht. Dës Zomme ass awer net noutwennegerweis komplett. Vun de Spuermesuren ass d'Kierch natiirlech net betraff...
(Quelle: QP n°1334(2011), n°1219(2011), n°1944(2007) - chd.lu)
