No Berlusconi Day

noberlusconiday.jpg

Iwwer 350.000 Leit hu den Weekend zu Roum géint den Berlusconi protestéiert. Den "No Berlusconi Day" gouf duerch eng Internet-Kampagne an d'Liewen geruff. D'Initiative ass vun engem Facebook-Grupp ausgaangen, deen mëttlerweil iwwer 350.000 Memberen recrutéiert huet fir zu Roum den Récktrëtt vum Silvio Berlusconi ze fuerderen.

Mat villen Banner an viralen Videoe hunn d'Protestanten am Internet ob sech opmierksam gemeet. Et ass bis elo déi gréissten ausschliisslech am Internet organiséiert Protestbeweegung an Italien gewiescht. Déi gréissten italienesch Oppositiounspartei huet sech allerdéngs dozou entschloss net um Protest deel ze huelen. Et bleift awer ofzewaarden, ob dat ganz iwwerhaapt iergendwellech politesch Konsequenzen fir den Berlusconi wäert mat sech bréngen. Ëmmerhin huet dat italienescht Verfassungsgeriicht virun e puer Méint dem Berlusconi seng Immunitéit gekippt.

Wann alt d'Print- an

Wann alt d'Print- an Fernsehmedien, déi jo bal all dem Berlusconi selwer gehéieren näicht man, dann muss eben den Internet de Protest organiséieren. Et wonnert mech net, dass se iwwerall probéieren den Internet a Ketten ze leen, esouvill Fräiheet dierf keen kriteschen Geescht genéissen. Dat wier einfach ze ustrengend fir d'politesch Elite.