CGFP: Lëtzebuerg ass Steierparadäis fir Entreprisen

Et muss een net onbedéngt eng grouss ugeluecht politesch Spuerkampagne lancéieren, fir de Statsbudget auszegläichen an d'Menagen steierlech ze entlaaschten. Dat zumindest geet aus engem Bericht vun der CGFP erfier, deen zur Conclusioun kennt, dass Lëtzebuerg sech an de leschten Joren zu engem Steierparadäis fir Entreprisen ob Këschten vun den Privatmenagen entwéckelt huet.

D'CGFP seet ausserdeem, dass trotz antizyklescher Finanzpolitik an den erhéichten Statsausgaben, den Haushaltsdefizit (1% vum BIP) nëmmen geréng ass par Rapport zu den aneren Länner (3% vum BIP an Däitschland). Sollt een sech trotz allem fir Steiererhéijungen entscheeden, esou misst een emol fir d'éischt am Wirtschaftssecteur ufänken, deen an de leschten Joeren vun enormen Steiererliichterungen profitéiert huet:

Quote:
Wenn man nun dennoch partout - und sei es nur um sich medienwirksam in Szene zu setzen - über steuerpolitische Planspiele nachdenken möchte, dann sei trotz allem ein konkreter Hinweis geliefert, wo diesbezüglich ein Spielraum besteht. Im Jahre 2000 zahlten die Privathaushalte 58% aller direkten Steuern und die Unternehmen 42%; seither hat sich dieses Verhältnis deutlich zu Lasten der Haushalte verlagert, die im Jahre 2009 (trotz Steuerreform!) beachtliche 64% zahlten gegenüber nur noch 36% für die Geschäftswelt. Ein skandalöses Ungleichgewicht.

AnhangGröße
cgfp.pdf1.6 MB
cgfp_staatslast.jpg65.54 KB