Israel: Tote bei Angriff auf Solidaritätsflotte

Aus dem Propaganda-Scharmützel zur Free-Gaza-Flotte, die Hilfsgüter nach Gaza transportieren will, wird eine tragische Krise

UPDATE
al jazeera - Darstellung
israeli ministry of foreign affairs - Darstellung

Géint di eege Leit

Géint di eege Leit virzegoen ass dach éng gängeg Hamas-Strategie. Waffen, Rakéiten a Sprengstoff gin z.B. bevirzogt a Privathaiser oder Schoule verstoppt, fir datt herno em sou méi haart "Skandal" gejaut ka gin, wann d'Israelis eng Bomm op di Stopp geheien.
Di "Hellefsgidder" bräuch zu Gaza kee Mënsch. D'Liewen ass secher nët einfach do (äusser et ass een en héichbezuehlten Hamas-Funktionär), awer Honger bräuch keen ze leiden.

Net ze gleewen, wann d'Info

Net ze gleewen, wann d'Info stëmmt. Do geet d'Hamas géint hir eege Leit vir; gebraucht se als liewegt Drockmëttel.
Wat wärt den türkeschen Ministerpresident sech da lo réischt géint d'Palestinenser opreegen - gëscht jo géint d'Israeli. Da kléngt en och rëm méi "Europa-frëndlech", wann en dat da wëll.

Ouni Relioun kann ee liewen; net ouni Politik. Och dann net, wann et eng "knaschteg" ass!

Grad um Internet

Grad um Internet fonnt:

Quote:
Hamas lässt LKW mit Hilfsgütern nicht passieren
Die im Gazastreifen herrschende Hamas lehnt die Einfuhr der beschlagnahmten Hilfsgüter der "Free-Gaza"-Flotte nach wie vor ab. Etwa acht Lastwagen mit Medikamenten, Nahrungsmitteln, medizinischem Gerät und Spielzeug stehen derzeit im Grenzgebiet zwischen Israel und dem Palästinensergebiet. Hamas-Minister Ahmed al-Kurd sagte, zunächst müssten auch die letzten der in Israel festgesetzten Gaza-Aktivisten freigelassen werden.

http://www.tagesschau.de/ausland/gazaflotille106.html

Waat sin d'Hamas dann fir Gelungener? Deenen schengt et jo wierklech net em d'Awunner vun der Gaza ze goen. Daat dooten ass lächerlecht Muskelspillen-lossen. Wann hier Bevölkerung wierklech su schlemm leid wéi se emmer jéimeren dann ass et dach onverantwortbar di Hellefsgidder net duerch ze lossen.

Wéi ech schon an mengem läschten Comment soot: béid Seiten sin total stur Toxkäpp an et geet hinnen méi em de Prinzip wéi em d'Wuel vun hieren eegenen Leit.

Alpha: D'accord.

Alpha: D'accord. Erfrëschend intelligente Commentaire.
Ech stellen dobäi nach déi Fro em déi et hei am meeschte geht: Wién profitéiert vun dem Tëschefall?

geschter am spiegel ze

geschter am spiegel ze liesen

Israel protestiert gegen Atomwaffensperrvertrag
http://www.spiegel.de/politik/ausland/0,1518,697617,00.html

an nach eps vun geschter Wink

Boykott im Westjordanland

Wie die Palästinenser jüdische Siedler mürbe machen wollen
http://www.spiegel.de/politik/ausland/0,1518,696557,00.html

Do passt des News jo och

Do passt des News jo och gudd derbai...

RTL.LU wrote:
Israel huet wi et schéngt ausdrécklech Garantie vu Washington kritt datt Israel net vun der UNO-Initiative vun engem atomwaffefräien Noen Osten betraff ass

Elo dréint sech d'Spiral

Elo dréint sech d'Spiral vun de Ligen an Fehlmeldungen nees monter weider...

Ech bezweifelen dass hei jemols di ganz Wourecht wärt eraus kommen. Béid Säiten, Palästinenser an Israeli beschäissen eis dach wou se nemmen kennen.

D'Wourecht vun desem Massaker wärt nees iergendwou dertescht leien an gesäit wuel esou aus: Die 2 Partei'en sin Opfer an Täter.

Wisou ass vun der "Gaza-Aid-Fleet" (GAF) d'Offer vun den Israeli, d'Hellefsmettel per Land, no Kontroll vun den Autoritéiten, an Gaza ze brengen, néierens ernimmt? Wär hinnen wierklech um Wuel vun den Palästinenser geleen dann kinnt et hinnen jo egal sin wéi d'Hellef era kennt, sulang se nemmen erakennt, virun allem wann Israel suguer nach erlabt d'ganz Kontroll duerch d'israelssch Douane ze iwwerwachen. Ass et hei net éischter em d'Symbol gangen dass Liwwerungen ouni iergenteng israelesch Kontroll am Gaza ukommen an daat nach duerch eng Séiblockade, su à la: "in your face Israel, där kennt eis näischt trotz Blockade!"?

Op der anerer Säit:
Ass et esou eng Offer iwwerhaapt jemols gin oder ass et just Propaganda-ligen vun den Israeli? An wisou konnt Israel seng Douanekontrollen net einfach op de Scheffer selwer maan? Wann een capabel ass Zaldoten op engem Scheff landen ze lossen dann kann een dach secher epuer Douanier'en erop schecken. Sou hätten sech d'Israeli och versechere kinnten dass nemmen humanitär Hellef era kennt a keng Hellef fir d'Terroristen. Weist Israel hei, dass sie de Chef um Mier sin an soss keen? D'Virgehensweis vun Israel ass zimlech hard an brutal wann een dervun ausgeet dass u Bord just Zivilisten waren mat humanitärer Hellef. Zemols 10 Leit do ze erschéissen ass secherlech am héichsten Moss iwwerdriwwen.

Alt nees op der anerer Säit:
Hätt daat net mat enger komplett kooperativer an pazifistescher Handlungsweis kinnten verhennert gin? Hätt een net einfach zu den Zaldoten kinnten soen: "Mär brengen just Iessen an Medikamenter mee kooperéieren vollkommen mat ärch an gewähren ärch Zougang zu all eisen Schëffer, dass der ärch versechere kennt dass näischt verbuedenes u Bord ass."? Wisou hun d'Zaldoten missen eng Pistol u Bord fannen? Wisou hun d'Zaldoten missen ugegraff gin? Als klengen Zivilist wees ech dass ech keng Chance géint 2 israelesch Krichscheffer hun... An nierwenbäi: War et pr-technesch gescheit op der Feier beim Auslafen vun de Scheffer, Hamas-Vertrieder dobäi ze hun an antisemitesch Rieden ze schwengen?

Alt nees op der anerer anerer Säit:
Sin d'Zaldoten wierklech ugegraff gin? Waren Waffen u Bord? Muss een isralesch Zaldoten u Bord lossen oder därf een se verdreiwen?

Froen iwwert Froen an ech kinnt dest Ping-Pong-Spill éiwech weider maan. Ech hoffen ech hun mäin Standpunkt kloer gemach: Mat der momentaner Informatiounslaach wessen mer einfach net waat genau geschidd ass. Eng onoofhängesch Source gett et einfach net an där Sach an ech leen meng Hand an d'Feier dofier dass béid Säiten hier Berichter, opmannst "beschönigen", fir net ze soen fälschen. Béid Parteien sin total stur Toxkäpp an sulang se allebéid su krampfhaft un hierem Idealismus festhalen an net opmannst eng Dreps Pragmatismus an di ganz Affär erabrengen, wärt et nie zu engem Fridden am Nohen Osten kommen...

ISRAEL ELO GEET ET

ISRAEL ELO GEET ET DUER,EUROPA,LETZEUERG STITT OP AN SOT NEE ZOU DEM MASSAKER!!!
Zaitglaich gett weiderhin Palestinensecht Vollek weider bombadeiert,weiderhin illegal boykotteiert,Leit stiewen vun Honger,a keen bougeiert???
Den Ugreff do,MUSS dei berühmten Dreps zevil sin,fir endlech NEE ze soen zu der onmeiglecher Reaktiou vun Israel!
Mir mussen opstoen eis wieren haut nach,wei wier ett virum Aussenministere?