Netiquette

Online Kommentaren schreiwen ass eng Konscht, déi net Jiddereen beherrscht. E kuerzen Bléck ob den Internätz mécht et däitlech. Am Schutz vun der Anonymitéit kennen sech déi manéierlechst Leit hannert hirem Keyboard zu iwwerflächlech, rechthaberech an onfrëndlech Säck verwandelen. En Phänomen, dat een ob Lëtzebuergesch och kuerz d'Humpejang-Syndrom nennen kann.

D'Lieser vun sokrates.lu verlaangen vill vun eis an am Géigesaz verlangen mir och vill vun eisen Lieser. Dozou gehéiert virun allem, dass eng gréisstendeels vernünfteg, sachlech an virun allem frëndlech Diskussiounskultur gefleegt gëtt. Natierlech wäert fir déi meescht Lieser, déi sech selwer der Maxime vum gesonden Mënscheverstand verschriwwen hunn, eis Netiquette weider näischt sinn ewéi een Exercice doranner, dat Offensichtlecht ze constatéieren. Fir all aneren, soll eis Netiquette eng kleng Gebrauchsanweisung duerstellen, wéi een bei eis den rhetoreschen Gentleman kann raushänken loossen.

Wisou ass eng Netiquette wichteg?

Eisen Site soll net nëmmen informéieren, mä och Spaass maachen. Informativ kann eisen Site nëmmen sinn, wann och d'Kommentaren an 'Diskussiounen hei kritesch, mä och konstruktiv an objektiv gefouert ginn. Spaass kann dat Ganzt just maachen, wann een net un all Eck perséinlech attackéiert oder beleidegt gëtt. Eis Netiquette soll dozou bäidroen, dass béides méiglech ass.

E puer einfach Reegelen:

Eis Netiquette besteet aus e puer einfachen Regelen un déi sech w.e.g. Jiddereen soll halen. Eis Regelen sinn net fuerchtbar exakt, se sinn och net pedantesch an se sollen och net all méiglechen Fall virausgesinn. Et sollen villméi allgemeng Richtlinnen sinn, déi 'Diskussiounen hei fruchtbar an flott sollen gestalten:

  • 1. Mir, ob sokrates.lu, sinn Gentlemen an Gentlewomen. Och wann mir konträr Meenungen net deelen, esou versichen mir se awer ze respektéieren. Dat bedeit och, dass mir Argumenter ugräifen an net d'Persoun!

  • 2. Rassistesch, sexistesch an aner Diskriminéierungen ginn net toleréiert. Dozou gehéieren och perséinlech Beleidegungen an Attacken. Dozou gehéiert och d'Art a Weis, wéi sech ausgedréckt gëtt. Den Toun ass et, deen et hei mécht.

  • 3. Dat bessert Argument gewënnt. Wann mir eng Argumentatioun net gefält, dann versichen ech een bessert Géigenargument ze bréngen am beschten nach mat enger glafwierdeger Source ënnermauert.

  • 4. Mir respektéieren d'Gesetz, illegal Inhalter ginn net akzeptéiert. Dat selwecht gëllt fir Spam an kommerziell Reklammen.

  • 5. Don't Panic. Vill Themen, déi hei ugesprach ginn kennen staark polariséieren an eis emotional uspriechen. Een Kommentar an Roserei schreiwen ass trotzdem net déi beschten Iddi. Eng Kéier déif duerchootmen, sech säin Gedanken duerch de Kapp goen loossen an dann réischt schreiwen!

Wat ass erlaabt?

Prinzipiell ass alles erlaabt, dat net géint déi uewen genannten Regelen verstéisst. Dozou gehéiert och, dass et bei eis keng Tabu-Themen ginn. Natierlech sinn och ausdrécklech Meenungen erwënscht, déi net der Meenung vum Artikel, Kommentar oder Auteur entspriechen. Konfrontatioun mat kontroversen Meenungen reegt dozou un, seng eegen Argumenter ze iwwerdenken an eng Diskussioun, wou jiddereen de selwechter Meenung ass, ass keng Diskussioun. Och bei eis gëllt den Prinzip vum Argument an Géigenargument, woubäi dat eent net ouni dat anert kann sinn.

Wann een sech net sécher ass, ob eppes géint eis Netiquette verstéisst, dann soll een sech als éischt d'Fro stellen, ob et iwwerhaapt derwäert ass ze schreiwen. Wann een zur Conclusioun kennt, dass et derwäert ass dann soll een driwwer nodenken, ob een dat Ganzt net aneschters kinnt formuléieren. Wann een dann zur Conclusioun kennt, dass et derwäert ass ze schreiwen an een et net kann emformuléieren, dann kann een dat och dobäi schreiwen.

Sokrates.lu ass net verantwortlech fir dat, wat an den de Kommentaren geschriwwen gëtt. Mir deelen och net automatesch d'Meenungen, déi do vertrueden ginn!

Tipps an Tricks

  • Liesen, genee Liesen, nodenken, dann schreiwen.

  • Halt den Kommentar kuerz. Kloer a knackeg Kommentaren hunn méi Chance geliest ze ginn, ewéi laang Textmaueren. Wann een also net well ënnert dem "tl;dr-Syndrom" (too long didn't read) leiden an aner Leit dozou beweegen well den eegenen Kommentar ze liesen, dann sollt een dat berücksichtegen.

  • Sourcen an Quellenangaben: Wann een en Argument well ënnermaueren, dann ass et am beschten dozou eng Source unzeginn. Dat kann ee schlaut Buch, eng intelligent Persoun oder en duerchduechten Text sinn.

  • Faarweg, kursiv an fett schreiwen sinn adequat Instrumenter fir säin Kommentar ze strukturéieren, wichteg Wieder ervirzehiewen oder wichteg Passagen ze ënnersträichen. Dat Ganzt sollt een awer net iwwerdreiwen an wann méiglech sou spuersam wéi méigleg benotzen.

Zensur?

Wien just e kuerzen Bléck ob eisen Site geheit, deen mierkt ganz schnell, dass hei géigesätzlech, kontrovers an kritesch Meenungen aus allen Ecker erlaabt sinn. Hei gëtt praktesch näischt geschriwwen, un deem net iergendeen iergendeppes ze kritiséieren hätt an dat ass och gutt esou. Och wann d'Artikelen selwer, déi hei op Sokrates.lu publizéiert ginn, den Meenungen vun den Auteuren entspriechen, esou gëllt dat net fir de Kommentarberäich. Natierlech iwwerzeegen mir gären mat eisen Argumenter, dat soll awer net heeschen, dass mir eis hei net mat Géigenargumenter wëllen befaassen. Eng eesäiteg Meenungskultur huet nach kengem eppes neies bäibruecht.

Wann een awer géint eis Netiquette verstéisst an dohier en Kommentar gelëscht oder editéiert gëtt, dann ass dat also keng Zensur. Meenungs- an Sprochfräiheet ass keng Excuse sech wéi een Idiot ze behuelen an aneren Leit d'Freed um Diskutéieren ze vermiesen. Mir stinn awer gären Ried an Äntwert zur Art a Weis, wéi mir den Site moderéieren. Sollten also konkret Froen bestoen, sinn mir gären bereet ennert eiser Mail-Adresse dorop ze äntweren. Diskussiounen zu eisem Moderatiounsstil hunn prinzipiell näischt an den Kommentaren ze sichen, well se näischt mam Thema ze dinn hunn.

Grondsätzlech gëllt: mir loossen gären mat eis schwätzen. Mir loossen awer léiwer mat eis schwätzen, wann den Toun frëndlech an manéierlech bleift.

Admin Edit

Wann ee Kommentar géint eis Netiquette verstéisst, dann versichen mir eis bescht, fir just déi Passagen ze läschen, déi och tatsächlech en Regelverstouss duerstellen. Dat maachen mir, well mir hei keng Meenungen wëllen zenséieren, mä leedeglech ob d'Art a Weis, wéi hei mateneen diskutéiert soll ginn oppassen. Frechheeten an aner Topegkeeten, déi erausgefiltert goufen, souwéi aner Admin-Modifikatiounen ginn jeeweils mat engem Antrag vun eis markéiert esou, dass et och kloer ass, dass hei eppes moderéiert gouf. Eventuell Froen sollen w.e.g. per E-Mail gestallt ginn.

Sollt en Kommentar absolut net méi ze retten sinn, well eng Moderatioun den eigentlechen Sënn vum Kommentar géif verfälschen oder den Kommentar aus engem eenzegen Regelverstouss besteet, dann behalen mir eis d'Recht fir en ze läschen. Mir man dat net gären, probéiert also w.e.g. net et esou wäit kommen ze loossen.

De Forum

Eisen Forum gëtt generell net esou streng moderéiert ewéi den Kommentarberäich ob der Haaptsäit. Wien sech also gären rhetoresch well austoben, deen ass häerzlech invitéiert dat an eisem Forum ze maachen. De Forum ass souzesoen eisen diskursiven Wild Wild West, wou et och mat Zäiten emol e bëssi méi rau zougoen kann.

De Grond wisou mir dat maachen ass fir eisen Lieser eng Platz ze ginn, déi primär hinnen gehéiert, wou d'Regelen net esou streng sinn, een och emol bëssi Polemik kann bedreiwen an een heiansdo och emol méi emotional kann diskutéieren. Jiddereen, deen eisen Forum betrëtt, soll sech deem w.e.g bewosst sinn, dass mir do grondsätzlech net esou streng mat eiser Netiquette sinn. Dat soll awer elo net bedeiten, dass do prinzipiell alles erlaabt soll sinn!

Anonymitéit

Mir respektéieren grondsätzlech d'Anonymitéit vun eisen Lieser. Anonymitéit ass ee wichtegt Instrument zur Meenungsäusserung, kann awer och leider ganz liicht mëssbraucht ginn fir Topechkeeten ze schreiwen, déi een sech ënnert sengem richtegen Numm ni géif trauen. Trotzdem, well et an enger Diskussioun praktesch net méiglech ass en "guest/anonymous" vun engem aneren ze ënnerscheeden, wier et fein, wéinstens een Nickname ze benotzen, deen een och wann méiglech sollt bäibehalen.

Leit, déi trotz allem den Courage hunn ënnert hirem richtegen Numm hier Meenung ze äusseren an konstruktiv Bäiträg schreiwen hunn automatesch een Bonuspunkt. Am Kader vun eiser Netiquette tendéieren mir also dozou en Faveur vun Kommentatoren ze decidéieren, déi ënnert hirem richtegen Numm schreiwen. Dat man mir, well mir den Courage respektéieren, deen doranner besteet säin eegenen Numm fir eng Meenung hierzeginn an fir Leit dozou ze motivéieren dat selwecht ze maachen.


Grondsätzlech gëllt: Mir hunn léiwer en propper geschriwwenen Komentar deen eiser Meenung widdersprécht, ewéi en frechen Kommentar, deen zwar eis Meenung versicht* ze verteidegen, mä dofir géint eis Netiquette verstéisst.


*Betounung ob versicht, well eng frech Meenung vun fir eran ni eiser Meenung kann entspriechen.

Eisen Respekt-O-Meter