Besicht heescht net bestued
Virun e puer Deeg war d'Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker op Besuch beim neien Äerzbëschof. De Jean-Claude Hollerich hat zum "oppenen Dialog" invitéiert, mä refuséiert sech op "neutralem Buedem" mat der AHA ze treffen. Esou war et dann och, dass d'Allianz sech "in die Höle des Löwen" beginn huet, fir mat den Vertrieder vun der kathoulescher Kierch iwwert d'Trennung vu Kierch a Stat an den Wäerteunterrecht ze schwätzen.
Den Äerzbëschof huet mam Verspriechen gelackelt, enger Trennung net onfavorabel géigeniwwer ze stoen. Een Verspriechen, dat sech am Endeffekt net als wouer erausgestallt huet. An esou fiert dann och dat neit Oberhaupt vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg, déi selwecht rigide Ligne, ewéi seng Virgänger, just den Toun huet geännert. Mat vill Hunneg an senger Stemm gëtt den Jean-Claude Hollerich d'Impressioun vun Akzeptanz an Toleranz an seng Entrevue mat der AHA soll zu deem Image bäidroen.
Hien huet dat schlau gemeet an den Diskussiounsbedarf vun der AHA schamlos ausgenotzt, fir sech selwer ze profiléieren. Dat huet een un der Pressekonferenz gemierkt, déi den Bistum direkt no der Entrevue ouni d'Wessen vun der AHA als Gespréichspartner, aberuff huet. Hien wosst, dass d'AHA, déi an hirer humanistescher Missioun iwwert den Niveau vun engem banalen Paafefriessertum eraus geet, déi Invitatioun gären géif unhuelen. Während den Diskussiounen, an dat kann een aus allen Zeitungsartikel eraus liesen, huet sech allerdéngs gewisen, dass den Här Hollerich guer net esou tolerant an kooperatiounsbereed ass. Hien war der Meenung, dass et hei zu Lëtzebuerg schonn eng Trennung tëschent Kierch a Stat géif ginn an, dass en zwar bereet wier de System vun de Konventiounen nei ze iwwerdenken, mä eng strikt finanziell Trennung nom franséischen Model mat him net méigleg wier. Dem Jean-Claude Hollerich ass et also egal, ënnert wéi enger Form hien déi finanziell Zouwennungen vum Staat kritt, soulaang hien se kritt an dat ass fir mech kaum eng oppen Diskussiounsbasis fir iwwert dat Thema ze schwätzen. Dobäi vergësst hien awer, dass eng Trennung vu Kierch a Stat ouni finanziell Trennung am Endeffekt guer keng Trennung ass.
Och wat den Werteunterricht ubelaangt, ass hei mam neien Äerzbëschof wéineg ze maachen. Hien ass der Meenung, dass d'Reliounskenntnis net aus de Schoulen dierfen verbannt gin, ignoréiert dobäi awer geflessentlech, dass deen Role selbstverständlech och vun engem méi neutralen Wäerteunterrecht kann iwwerholl hinn. Wann hien also seet, am Reliounsunterrecht soll keng kathoulesch Missionéierung stattfannen, dann widdersprécht heen sech selwer, well am Kader vun engem kathoulesch geprägten Reliounsunterrecht kann ee wuel kaum eng neutral Opklärung zu allen Reliounen an Weltbiller garantéieren.
Wat am Endeffekt iwwreg bleift, ass eng Diskussiounshülse, ouni konkret Inhalter an ouni gemeinsam Kooperatiounsbasis. Et war eng Héiflechkeetsfloskel, déi am Senn vum Kierchenimage passéiert ass, wou awer keen Wellen ze gesinn war, fir déi wierklech néideg Reformen unzegoen. Dat ass sécherlech den Haaptgrond, wisou d'AHA, déi den Dialog gefuerdert huet, an net d'Kierch dowéinst a Kritik geroden ass. Fir d'Unhänger vun der Kierch war déi Diskussioun eng wëllkomm Imageverbesserung, mä fir d'Supporteren vun der AHA, war et eng subjektiv empfonnt Verwässerung vum humanisteschen Leitbild vun der Allianz. Den Laurent Schley huet awer doropper ganz richteg reagéiert andeems en gesot huet dass "en gesellschaftlechen Dialog ëmmer wichteg ass". Zum humanisteschen Weltbild gehéiert och eng oppen Diskussiounskultur, déi d'Basis vun den humanisteschen Grondwäerter duerstellt. Wann een als Humanist sech déi eegen Wäerter muss selwer erschaffen, well et keng dogmatesch Instanz gett, déi des Wäerter virschreift, dann kann een nëmmen am Austausch mat sengen Matmënschen déi Wäerter ermëttelen. Dat ass eng Grondhaltung där d'AHA an deem Senn hei trei bliwwen ass.
Des Weideren stéiert et mech schonn laang un der kathoulescher Kierch, an besonnesch hei zu Lëtzebuerg, dass se dat eent priedegt an dat anert mécht. Déi offensichtlech Diskrepanz tëschent Priedegt an Handelen ass am Endeffekt och dat, wourunner des Kierch och wäert scheiteren. Well, wéi soll een och handelen kennen, wann een sech op en metaphysescht Wiesen verléisst, dat sech net manifestéiert, oder zumindest keen Interessi un de Problemer vun eisem alldeeglechen Liewen ze weisen schéngt? Mir liewen an enger Zäit wou deen Sproch, "Gott wird's schon richten", net méi duergeet.
Just eppes huet sech aus dëser Diskussioun erausgestallt, an zwar d'Entzauberung vun där Illusioun, dass ënnert dem Jean-Claude Hollerich d'Kierch zu Lëtzebuerg eng nei Richtung aschléit. Mä elo mol ganz éierlech, wien hätt sech dat och tatsächlech erwaard?

Comments
Matzen am Kär sinn d'Reliounen totalitär. An als totalitär Ideologie verdéngen se logescherweis genau sou vill Respekt, wéi all aner Totalitarismus.
Firwat sech dann do mat engem Bëschof vun deenen un en Dësch sätzen? An dat och nach bei deem doheem?
Geet et net schon duer, datt haaptsächlech eng gewesse Politik sou Leit verteidegt, a ville Gremien mat hinnen zesumme schafft, an dann och nach gären hëlleft, deenen hir Ideeën ëmzesätzen? D'Vollekskierch ass genau sou um "Zerfalen" wéi d'Vollekspartei. Kee Wonner, bei all där Affinitéit!
Losst se dach leng wurschtelen!