Reliounskritik

Et héiert een näischt méi bei eis, d'Blasphemie méi staark ze penaliséieren, obschons weider keng stechhalteg Argumenter opbruecht kënne ginn, argumentativ di iwwerall obbléiend Reliounskritik anzedämmen. Et pour cause!
Eng Buch-Rezensioun (Religionsfreiheit droht Erstickungsgefahr) aus kathoulescher Siicht: http://europenews.dk/de/node/51439

Dobäi kënnen di Reliéis mol net selwer derfir.

Entweeder sinn hir Texter (gëttlech) inspiréiert, oder se sinn et net. Sech do rauspicken, wat gerad zäitlech passt - oder et verwerfen - stellt eigentlech en Affront géinteniwwer hirem Gott duer an ass soss näischt wéi puren Relativismus. A vu Mënschen entwéckelt text-kritesch Methoden uwenden fir un sou Texter runzegoen, nennt een dat net Hybris?

Se doen séier de Mond grouss op, wann se aneschtswou e flagrante Verstouss géint Wäerter an d'Moral feststellen mengen mussen, d'Monopolisten vum Anstand an der Ethik.
Op hirer eegener Mëscht, do wimmelt et nëmmen sou vun ustiechendem Ongeziefer, datt een kaum gleewe kann, datt Regierungen an Herrscher sech eng Éier draus maachen, am Vatikan ze zirkuléieren, wann se net méi weider wëssen. Wann dee Veräin net an d'Rüstungsindustrie oder an d'Kondomfabriken investéiert, dann ass et eben d'Pornografie.

Et ass bekannt, datt beim Kierchenaustrëtt, am Register vun der Por, de Paschtouer eng Note um Rand vun der Daf-Enregistréierung androe muss, déi dorop Bezug hëllt. Alles bleift awer lieserlech.
Lo huet e Geriicht an der Normandie decretéiert, datt di Donneeën, op Wonsch hin missten onlieserlech gemaach ginn. Wéi ass dat zu Lëtzebuerg? http://hpd.de/node/12184

Déi mëschen sech dann onverschimmt an aert Privatliewen an a guidéieren Iech, fir um séchere Wee ze bleiwen a sou fir e kloere Bléck ze behalen. Se sinn och nach iwwerzeecht, se hätten e Recht drop. Dat geet och, sou laang der anstandsloos follegt. Dat nennt een dann dirigéieren a gemengt ass di total Kontroll!

... awer net d'Viktimen.

Wat wier, wann d'Kanner och sou fréi offiziell a politesch Richtungen ënnerdeelt oder deenen zougesprach ginge ginn? Ging een do net vu blanker Perversioun schwätzen? A mat der Relioun soll dat anescht sinn?

http://www.wissenrockt.de/2011/08/23/das-wollte-ich-meinen-kindern-ersparen-21513/

Subscribe to RSS - Reliounskritik