Ech hat leschten Freiden d'Chance mer e puer Impressiounen vum Kate an William hirer Prënzen-Hochzäit ze maachen. Allerdéngs muss ech zouginn, dass meng Gedanken dobäi méi a Richtung Monarchie-Kritik ewéi dem Kate säin Brautkleed gewandert sinn. Während ech den Zauber, deen sou eng glamouréis Zeremonie op vill Leit auswierkt zwar kann iergendwéi novollzéien, froen ech mech, ob d'Ursaach heifir net vill méi eng verkappt Wonschprojektioun ass, déi an villen vun eis dran stécht. Een Dag Prënz oder Prinzessin spillen, dat wier et dach, oder?