Kultur

Weemseesdet soll d'Idealbild vun enger dysfunktionaler Famill duerstellen, déi am Kär awer eppes Guddes huet. Et ass d'Standardformule vun der amerikanescher Sitcom nom Virbild vum Bill Cosby, Roseanne, Brady Bunch oder Full House. Se funktionéiert nom Prinzip vum gedeelten Misär an versicht eng Relatioun zu sengem Public hierzestellen, andeems se op lëschteg Art a Weis gemeinsam Problemer uschwätzt mat deenen sech d'Zuschauer identifizéieren kennen. Mä méi oft ewéi net, bedeit gedeelt Leed och duebelt Leed an déi nei lëtzebuergesch Sitcom versteet et nach net déi fein Ligne tëschent Problembewältegung an Komedie ze goen. Mat aneren Wieder, d'Personnagen, déi den talentéierten Schauspiller op den Leif geschriwwen goufen, sinn Aarschlächer.

Subscribe to RSS - Kultur