Reliounskritik

Virun e puer Deeg war d'Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker op Besuch beim neien Äerzbëschof. De Jean-Claude Hollerich hat zum "oppenen Dialog" invitéiert, mä refuséiert sech op "neutralem Buedem" mat der AHA ze treffen. Esou war et dann och, dass d'Allianz sech "in die Höle des Löwen" beginn huet, fir mat den Vertrieder vun der kathoulescher Kierch iwwert d'Trennung vu Kierch a Stat an den Wäerteunterrecht ze schwätzen.

Im Rahmen der vom grünen Abgeordneten Claude Adam beantragten Orientierungsdebatte über die Trennung von Kirche und Staat hat das Parlament via LSAP/CSV-Motion beschlossen, eine „Reflexionsgruppe“ einzuführen, die über die zukünftigen Verhältnisse zwischen Staat und religiösen/philosophischen Gemeinschaften befinden soll. (...)

An e puer Minutten ass et souwäit, dann gëtt eisen neien Äerzbëschof, Jean-Claude Hollerich vereedegt. De Spektakel ass grouss, Prominenz an eisen Monarch sinn op hiren VIP-Platzen an den RTL bericht live aus der Kathedral, wou d'Zeremonie ofgehalen gëtt. Vum neien Äerzbëschof erhofft een sech villes, eng méi modern an tolerant Kierch an en oppenen Dialog mat Anescht- an Net-Gleewegen. Schued just, dass hien haut vun engem kathouleschen Hardliner vereedegt gëtt, deen an sengem Glawensfanatismus fir hefteg Protester an sengem eegenen Bistum zu Köln gesuergt huet. Ass d´kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg um Wee sech ze moderniséieren, oder léisst den Besuch vum kölner Äerzbëschof, Joachim Meisner, op de Contraire schléissen?

Virun e puer Deeg huet den Carsten Frerk op Invitatioun vun AHA, Ligue Luxembourgeoise de l'Enseignement
Libre Pensée Luxembourgeoise an Liberté de Conscience am Tramsschapp en Virtrag zum Thema "Katholische Kirche: die beste Geschäftsidee aller Zeiten?" gehalen. Hien huet sech d'Fro gestallt duerch wéi eng Methoden d'kathoulesch Kierch un hier Suen kennt. Hei ass säin Virtrag:

Dr Carsten Frerk from AHA! Lëtzebuerg a.s.b.l. on Vimeo.

Iwwregens ass säin Buch "Violettbuch Kirchenfinanzen: Wie der Staat die Kirchen finanziert" wärmstens ze empfielen.

Ech hunn der Ried vum Popst nogelauschtert, wéi een am beschten all Ried vum Popst nolauschtert, aus sécherer Distanz. Wahrscheinlech hätt ech him och guer net nogelauschtert, wann net esou een massiven Protest géint säin Besuch virgëschter am Bundestag organiséiert gi wier. Mee ech wollt gesinn, wéi d'Oberhaupt vum Vatikan, an senger Ried op d'Ëmstänn vun sengem Besuch reagéiert an sinn zu deem Schluss komm, dass en geschéckt just dat gesot huet, wat een an senger Situatioun hätt kennen soen.

Nodeems mir virun gutt 3 Méint um Dag vum Débat d'Orientation zur Trennung, iwwer 5.000 Ënnerschrëften beim Chamberspräsident, Laurent Mosar, iwwerreecht hunn, waren leschten Méindeg d'Initiateuren vun der Petitioun zur Trennung vu Kierch a Stat, sokrates.lu, Libco an AHA zu Besuch bei der Commission des Pétitions. De Jean-Paul Risch, Laurent Schley, Manuel Huss an Patrick Brücher hunn hier Cause verdeedegt an erklärt, wisou eng Trennung vu Kierch a Stat onbedéngt noutwenneg ass.

Subscribe to RSS - Reliounskritik